08.05.2023

Vernissage « A kind of magic »

Freides de 5. Mee 2023 hunn d’Centres thérapeutiques Switch an Télos Éducation zesumme mam Précoce aus der Albert Wingert Schoul an dem Schëfflenger Jugendhaus op de Vernissage « A kind of magic » invitéiert.

A Presenz vun de Memberen aus dem Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot, dem Buergermeeschter vu Monnerech, de Responsabele vum Jugendhaus an dem C1 aus der Albert Wingert Schoul, hunn de Fernand Schintgen (President vun Télos Éducation) zesumme mam Michèle Kridel (Direktesch vu Solina) d’Oarbecht vun de Kanner a virgestallt; dëst och ënnert anerem mat engem flotten a liewege Video.

« Et geet hei em Gefiller, em Qualitéit, em Fäegkeeten a Kompetenzen, … et geet drëm d’Kanner ze stäerken an hirer Perséinlechkeet an an hirer Entwécklung … an hirer Virbereedung op d’Liewen, op d’Schoul an  op de Beruff », esou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch.