En date du jeudi 2 décembre 2021, une étape importante a été franchie pour les salariés des communes du sud. En effet les bourgmestres de 19 communes du sud et les représentants syndicaux de l’OGBL et du LCGB ont signé le contrat collectif règlant les conditions de travail des salariés.
Posts By: schifflange
LU – Wéinst der aktueller Evolutioun vum COVID-19 Virus op nationalem an internationalem Niveau an no der Regierung hirer Decisioun fir zousätzlech Gesondheetsmoossnamen anzeféieren, läit et dem Schäfferot um Häerz all Bierger vu Schëffleng e beschtméigleche Schutz ze garantéieren an huet dofir decidéiert, all Evenementer vun der Gemeng, déi bis den 31.12.2021 geplangt sinn, ofzesoen.
Folgend Evenementer si vun dëser Entscheedung betraff:
- Festlechen Ëmzug vum Kleeschen (5. Dezember 2021)
- Seniorefeier (9. an 10. Dezember 2021)
- Ofschloss-Rezeptioun fir d’Personal vun der Gemeng (15. Dezember 2021)
- Ofschlossfeier fir d’Personal vun der Gemeng (17. Dezember 2021)
An de leschte Wochen ass d‘Zuel vu Leit, déi positiv getest gi sinn, nees däitlech an d‘Lut gaangen an déi wanterlech Wiederkonditioune favoriséieren d’Transmissioun vum Virus ëmsou méi.
Opgrond vun der Situatioun, déi nach ëmmer beonrouegend ass, wëll d’Gemeng Schëffleng drun erënneren, dat d‘Gestes-barrières onbedéngt ze respektéiere sinn fir d‘Verbreede vum Virus ze verhënneren.
Passt gutt op Iech an Är Léifsten op a weist Solidaritéit.
FR – Vu l’évolution du virus COVID-19 au niveau national et international et suite à la décision du gouvernement de mettre en place des mesures sanitaires complémentaires, le Collège échevinal est soucieux d’assurer la meilleure protection pour tous les citoyens de Schifflange et a ainsi décidé d’annuler toutes les manifestations de la commune planifiées jusqu’au 31.12.2021.
Les événements affectées par cette décision sont les suivants :
- Visite du St. Nicolas (5 décembre 2021)
- Fête des seniors (9 et 10 décembre 2021)
- Réception de fin d’année pour le personnel de la commune (15 décembre 2021)
- Dîner de fin d’année pour le personnel de la commune (17 décembre 2021)
Ces dernières semaines, un nombre plus important de cas positifs a été détecté et les conditions météorologiques hivernales favorisent davantage la transmission du virus.
Au vu de la situation qui reste préoccupante, la Commune de Schifflange tient à rappeler que le respect des gestes barrières est impératif.
Prenez bien soin de vous et de vos proches et soyez solidaires.
Chers parents,
Chers enfants,
Avec le retour du froid et l’arrivée de l’hiver se profile une nouvelle vague épidémique. Ces dernières semaines, un nombre plus important de cas positifs a été détecté et les conditions météorologiques plus hivernales favorisent encore davantage la transmission du virus COVID 19. Afin d’assurer la meilleure protection pour tous les citoyens de Schifflange, le Collège échevinal a décidé d’annuler toutes les manifestations de la commune planifiées jusqu’au 31.12.2021. Cela signifie également que la visite du St Nicolas, prévue pour le dimanche, 5 décembre 2021, ne pourra malheureusement pas avoir lieu.
Néanmoins, comme la Commune de Schifflange et l’Association des commerçants et artisans de Schifflange désirent mettre un petit sourire sur le visage des plus petits de notre société, le St Nicolas a quand même remis ses sachets. Les enfants ayant droit à un tel sachet recevront leur bon par voie postale et pourront retirer à partir du 07.12.2021 leur sachet dans un des trois magasins, proposés par l’ACAS:
Salon de Coiffure Alain Kockhans, 5, Av. de la Libération
Optique New Look, 17-19, Av. de la Libération
Bijouterie Mon Cadeau, 34, Av. de la Libération
Il reste à noter que les écoliers qui sont inscrits au précoce jusqu’au cycle C2.2 recevront leur sachet par les biais du personnel enseignant à l’école.
Malgré toutes les circonstances, nous vous souhaitons d’ores et déjà de bonnes fêtes de fin d’année.
De 27. an 28. November 2021 konnt endlech erëm en Hobbymoart zu Schëffleng stattfannen. Hei hunn insgesamt 32 Fräizäitkënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt a bei 2 Informatiounsstänn vu SOS Faim a Fairtade Lëtzebuerg konnten d’Visiteure sech informéieren, a wa si wollten, sech fir e gudden Zweck engagéieren.
Am Kader vun der gewinnter ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi de ville Leit, déi do ware Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville Konschtwierker gemaach.
Niewend den Hobbybastler waren och eng ganz Partie Experte vun de “Stammdëschfrënn Spur 0” zum Thema Modelleisebunn um Wierk an hunn de Leit hir beschte Maschinne gewisen.
Eng Rei Schëfflenger Veräiner hu wärend dësem Weekend fir d’Iessen an d’Gedrénks gesuergt.
Dëse Weekend fënnt am Hall Polyvalent déi 32. Editioun vum Schëfflenger Hobbymoart statt. Organiséiert gëtt dëse Moart, deen haaptsächlech am Zeeche vun de Feierlechkeeten Enn des Joers steet, vum Schäfferot an Zesummenoarbecht mat der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun. Parallel zum Moart kënnt Där och nees eng flott Zuchausstellung an der Hal vum Dëschtennis besichen.
Niewend 35 Stänn vun den Hobbyaussteller suergen och fënnef Veräiner fir ee gudde Maufel an eppes ze drénken.
Wou? Hall Polyvalent an der rue Denis Netgen.
Wéini? Samschden, 27. November an de Sonnden 28.November 2021 jeeweils vun 12.00 bis 18.00 Auer.
Dëst ass ee CovidCheck Event.
25.11 – 10.12.2020
#StopViolenceAgainstWomen
La Commune de Schifflange participe une fois de plus à l’Orange Week. Cette campagne nationale coordinée par le Conseil national des Femmes du Luxembourg (CNFL) vise à sensibiliser le public au sujet de la violence à l’égard des femmes et des filles. Le Collège des bourgmestre et échevins ensemble avec la Commission à l’égalité des chances et en partenariat avec l’artiste Snejana Granatkina soutiennent activement cette initiative. Madame Granatkina a réalisé une illustration graphique qui était affichée sur les drapeaux à travers de la commune et exposée sur la Place de la Liberté pendant la semaine de l’Orange Week du 25 novembre (journée internationale de l’élimination de la violence à l’égard des filles et des femmes) au 10 décembre (journée internationale des droits humains) 2021.
Le 25 novembre, l’Orange Week a été officiellement lancée à Schifflange. Lors d’une réception en présence des membres du Conseil communal, des membres de la Commission pour l’égalité des chances, de l’artiste Snejana Granatkina ainsi que de la présidente du CNFL et d’autres invités, l’importance de la campagne a été soulignée.
Pendant toute cette semaine, les communes partenaires du projet vous proposent un programme varié que vous pouvez consulter ici.
Montrez votre soutien en partageant un petit message sur les réseaux sociaux. Ceci peut prendre plusieurs formes :
- Prenez un selfie avec le parapluie de la campagne (ou un autre objet/décoration de couleur orange) et publiez-le sur les réseaux sociaux
- Postez un objet de décoration en orange, quel que ce soit: une pièce de fruit, un bandeau, une bougie, le visuel de la Helpline http://www.helpline-violence.lu/ex)
- Postez un message de votre choix appelant à la lutte contre la violence à l’égard des femmes et des filles.
Vous pouvez également commander des « bougies/parapluies/bonnets solidaires » auprès du CNFL.
Découvrez toutes les photos dans notre galerie.
Felicitatiounen un “eis” Sportler!
D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets an de Ben Gastauer an dofir goufe si elo offiziell geéiert!
Net méi spéit wéi gëschter – eng Woch no eiser traditioneller Soirée des Lauréats – huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot op enger gemittlecher Receptioun an der Salle Grand-Duc Jean de Kevin Geniets fir seng national an international Exploiten an der leschter Stroossevëlossaison geéiert.
Gratuléiert a Merci gesot krut awer och de Ben Gastauer fir seng erfollegräich a flott Cycliste-Carrière. No ville Jore geet de Schëfflenger an d’Pensioun. Dofir krut net nëmmen hien e Kaddo, mee och seng Fra a seng Kanner, déi elo hire Familljepapp endlech nees ganz fir sech hunn.
Och am Numm vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun deenen zwee exzeptionellen Athleten e grousse Merci gesot a bonne Chance op hirem weidere Wee gewënscht.
Hei e puer Impressioune vum Owend an de Reportage vun der AMCIS:
Natur an Ëmwelt ass een Thema, dat der Gemeng Schëffleng ganz besonnesch um Häerz läit.
Am Kader vum nationalen Dag vum Bam huet d‘Gemeng dëst Joer all Stot en Uebstbam offréiert, deen d’Awunner bei sech doheem ronderëm d’Haus kënne planzen. Duerch dës Aktioun kënnen d’Bierger sech aktiv um Naturschutz bedeelegen, jiddereen zesummen eppes fir d’Insekten an d’Villercher maachen an esou d’Biodiversitéit verbesseren.
D’Gemeng Schëffleng setzt sech awer net nëmme lokal fir d’Erhale vun der Natur an, mee ënnerstëtzt och op internationalem Niveau, zesumme mat Rainforest.lu, d’Restauratioun vum Ökosystem an den tropesche Bëscher.
Weider Informatiounen zu dëser lëtzebuergescher Initiativ fannt Dir op rainforest.lu.
Dir sidd e richtege Bicherwuerm oder dir hutt Kanner déi vum Liese begeeschtert sinn, da verpasst net d’Bicherdeeg zu Schëffleng.
Vum 29. November bis den 03. Dezember ginn an der Salle Grand-Duc Jean, an der Gemeng, Bicher fir Grouss a Kleng ausgestallt a verkaf.
Mir géingen eis freeë wann dir bis laanscht luusse kommt.
D’ Ausstellung ass während folgenden Auerzäiten op:
Meindes: vun 08:30 – 11:30 a vun 14:00 – 16:30 Auer
Denschdes bis Donneschdes: vun 08:30 – 11:30 Auer a vun 14:00 – 18:00 Auer
Freides: vun 08:30 – 11:30 Auer a vun 14:00 – 17:00 Auer
Dest ass e CovidCheck Evenement!
Am Kader vun eiser Schëfflenger Soirée des Lauréats, konnten dëst Joer iwwer 80 Persounen an Equippe vum Schäfferot an der Kultur-, Sport a Fräizäitkommssioun geéiert ginn. Fir eng flott an ofwiesslungsräich Ënnerhalung hu 4 sympathesch Museker ronderëm den Andrea Galleti, wéi och de méifache Welt- an Europameeschter am BMX Flatland, Viki Gomez, gesuergt.
Hei d’Lëscht vun de Laureaten.
Weider Impressioune fann Dir an eiser Foto Galerie