19.05.2023

Aweiung vum Schëfflenger Waasserwee

Den 18. Mee 2023 ass de Schëfflenger Waasserwee am Schmëttbësch a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a ganz ville Projetspartner ageweit ginn.

Dëse Projet ass Bestanddeel vun der „So vum Marxeweier“ déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 ausgeschafft ginn ass. D’Waasser, dat an der So selwer eng wichteg Roll spillt woar der Gemeng esou wichteg, dass se em méi Visibilitéit wollt zoukomme loossen. Esou ass aus engem flotten Trëppeltour de Waasserwee gemaach ginn an dëst mat Hëllef vun direkt enger Rei Partner: dem Architektebüro BENG, der Kommunikatiounsagence Plan K, der SES Käerch mat virop dem Luc Berens a virun allem der Jongenheem Asbl, déi zoustänneg woare fir d’Realisatioun vun dëse flotte Waasserdrëpsen.

D’Zil woar et fir déi méi awer och déi manner couragéiert Wanderer ze motivéieren an dofir huet d’Gemeng (nieft dem Schëfflenger Wanderwee) zesumme mat Mediation SA e Spill a Form vun enger App ausgeschafft, dat d’Net-Wanderer vläicht zum Wandere kritt an de Wanderer vläicht eng flott Ofwiesslung erméiglecht. D’Spill « Déi 7 Schwëstere vum Schmëttbësch » ass eng „Schatzsuche“ also eng „Chasse au trésor“ fir déi Grouss an déi manner Grouss. Detailer zu der App fannt Där hei.

Am Kader vun der Aweiung vum Projet „Marxeweier“ am Joer 2022 hate mer schonn d’Buch mat der iwwerschafftener Geschicht vum Betsy Dentzer mat den Illustratioune vum Pit Wagner virgestallt. Well d’Accessibilitéit der Gemeng wichteg ass, sollt d’Buch fir ee méi breede Public zougänglech gemaach ginn an sou ass eng „gratis“ Versioun iwwersat an 3 Sproochen realiséiert ginn: Däitsch, Franséisch a Portugiesesch.

Marxeweier

 

De „Waasserwee“ besteet eigentlech aus zwee Weeër, ee groussen Tuer vu 7,5km an ee klenge vu 5,5km. De leschte verleeft op stabiliséierten a breede Weeër an ass also ouni Problem zougänglech mat enger Kutsch. Op deem grousse Wee stinn insgesamt 8 Waasserdrëpsen, déi engem de Waasserzyklus erklären.

Lass geet et u sech mat der 1. Waasserdrëps déi bei der Gare steet. Mee d’Reiefolleg ass eigentlech egal. Hei kuerz eemol wéi mär de Wee proposéieren:

  1. Gare
  2. De Weier
  3. De Wasserbehälter Rebierg
  4. D’Waasserscheed
  5. D’Quellefaassung
  6. De Wäschbuer
  7. De Waasserkreeslaf
  8. De Waasserbaseng

Wann Där en trëppelt, genéisst déi wonnerbar Natur, entdeckt d’So vum Marxeweier a vläicht begéint Där jo eng vun de 7 Waasserjofferen…

Dës awer och wieder Informatiounen a virun allem ee Plang zum Waasserwee fannt Där am Dépliant iwwert de Waasserwee.

 

 

Et gouf bei dëser Geleeënheet awer och dovu profitéiert fir de Schëfflenger Zirkuswon dem Public virzestellen an dësen hat seng Diere grouss opgemaach. Wann Där méi wëllt gewuer ginn, da kuckt hei eran.