23.05.2023

Aweiung vun der Annex Albert Wingert

LU

D’Albert Wingert Schoul kënnt dem Konzept « Bildungshaus » ëmmer méi no.

Den 22. Mee 2023 gouf neemlech offiziell déi nei Annex ageweit, déi de Kanner eng méi modern a flott Betreiung erméiglecht. Am Moment gëtt dësen Neiubau nach temporär vun de Kanner aus der Lydie Schmit Schoul benotzt, well hir 100-järeg Schoul an der Bëschstrooss jo komplett am Ëmbau ass.

Ab 2026 wäert dann an deem neien Deel vun der Albert Wingert Schoul endlech d’Maison Relais hir Servicer ubidde kënnen an dann ass d’Bildungshaus richteg operationell.

Fir d’Inauguratioun hunn no dem Buergermeeschter senger Ried bei sonnegem Wieder och d’Schoulkanner en Danz virgefouert, deen de Schoulpresident Alex Thill ugekënnegt hat an de Projetsberoder Didier Rozay vun MC Luxembourg huet d’Gäscht duerch d’Annex begleet an Erklärungen zu de Raimlechkeeten ofginn. D’Klassesäll, d’Bibliothéik an den Technikraum hunn d’Leit nawell staune gelooss. Dono krut och deen neie Bam hannert der Annex nach e puer Schëppe Buedem vun alle Gemengeresponsabel, sou datt e schéi propper a sengem Fundament steet.  Deen ale Bam hat wéinst de Bauaarbechte misse Plaz maachen.

Mir waren och ganz frou, datt déi fréier Schoulpresidentin Christiane Schmit-Biewer bei der Aweiung dobäi war – well vill Akzenter fir dat neit Gebai goufe vun hir gesat.

 

FR

L’annexe de l’école Albert Wingert a été inaugurée le 22 mai 2023.

A part les mots classiques du bourgmestre, du bureau de consultation MC Luxembourg et du président de l’école, une danse des élèves, une visite des lieux, une inauguration d’un nouvel arbre et une réception conviviale étaient au programme de cette après-midi ensoleillée.

La Commune de Schifflange est heureuse d’annoncer que le « Bildungshaus » Albert Wingert sera officiellement opérationnel à partir de 2026, quand la Maison Relais sera intégrée dans le concept global de l’école. Pour le moment, 11 classes de l’école Lydie Schmit se retrouvent au quotidien pour leurs cours – ceci étant une solution temporaire bien évidemment.