Posts By: schifflange

Dag vum Buch 2022

LU

Kenn Dir schonns den neien Tausch-Schaf, deen op der Gemengeplaz steet? De Prinzip ass ganz einfach – de Schaf soll den Austausch tëschend de Bierger/innen fuederen, Verschwendung reduzéieren a virun allem Freed bereeden. Hei kënnt Dir Bicher, Elektrogeräter, Spillsaachen a villes méi tauschen.

Am Kader vum Weltdag vum Buch an den Droits d’Auteur, den 23. Abrëll, invitéiert d’Gemeng Schëffleng Iech häerzlech Äer liblings Bicher hei ze deelen an Nei Favoriten ze entdecken.

E grousse Merci geet un de Syndicat d’Initiative et du Tourisme fir dëse flotte Projet, deen zesummen mat dem Musée vun de Schmelzaarbechter an dem Atelier vun der Gemeng realiséiert ginn ass.

Op der Foto gesidd Dir d’Stéphanie Storck aus dem Atelier dat de Schaf schéi fuarweg ugestrach huet an esou den alen Elektroschief aus der Zäit vun der Stolindustrie en neien Look ginn huet.

 

FR

Connaissez-vous déjà la nouvelle armoire d’échange qui se trouve sur la Place de la Liberté? Le principe est tout simple: elle est destinée à favoriser les échanges entre habitants, à réduire le gaspillage et surtout à faire plaisir. Échangez vos livres, électroménager, jouets… Tous ces objets dont vous n’avez plus l’usage mais qui pourraient ravir un passant.

Dans le cadre de la Journée mondiale du livre et du droit d’auteur le 23 avril, la Commune de Schifflange, vous invite à y partager vos livres préférés et de découvrir les coups de cœur de la communauté de Schifflange.

Un grand merci au Syndicat d’Initiative et de Tourisme pour ce beau projet qui a été réalisé ensemble avec le musée des Schmelzaarbechter et l’atelier de la Commune de Schifflange.

Sur la photo vous voyez Stéphanie Storck qui a peint l’armoire et ainsi a donné un nouveau look aux anciennes armoires électroniques de l’époque sidérurgique.

 

1. Smartphone-Café

De Schäfferot, d’Seniorekommissioun, d’Schëfflenger Jugendhaus, d’Club Haus Beim Kiosk a GoldenMe invitéieren op den éischten

« Smartphone-Café“

Wat ass e „Smartphone-Café“? E „Smartphone-Café” ass en Evenement, wou d’Seniore ganz individuell de Fonctionnement vun engem Smartphone, Tablett oder Laptop erkläert kréien.

Wéi verschécken ech eng SMS, eng E-mail oder eng WhatsApp-Nooricht?
Wéi fonktonnéiert Online-Banking?
Wéi maachen oder beaarbechten ech Fotoen?

An dësem Fall ass et d’Schëfflenger Jugend, déi sech dëser Missioun ugeholl huet an Iech gäre perséinlech beréit.

 

Wéini a wou fënnt dëst Treffe statt?

Samschdes, den 30. Abrëll am “Club
Haus Beim Kiosk“ (rue CM Spoo)
tëschent 14:00 a 17:00 Auer
Bréngt w.e.g Äre Smartphone, Laptop oder Tablett opgeluede mat.

Umellen kënnt Dir Iech am Club Haus: 26 54 04 92 oder bis spéitestens den 22.04.2022!

Mär freeën eis elo schonn Iech op eisem „Smartphone-Café“ begréissen ze kënnen.

 

 

Den écrivain public – e Service fir Bierger

LU

Wéi an eisem Newsmag vum Mount Abrëll ugekënnegt, huet d’Gemeng Schëffleng e gratis Service ageriicht, deen all Bierger a Biergerin eng Ënnerstëtzung beim Verständnis a Schreiwe vun Texter bitt an dëst op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch. Et handelt sech ëm den « Ecrivain public ».

Firwat ass en écrivain public néideg?
Hutt Dir Schwieregkeeten Iech schrëftlech auszedrécken oder Angscht Schreiffeeler ze maachen? Ass et heiansdo schwéier fir Iech administrativ Dokumenter ze verstoen?
Den écrivain public hëlleft Iech beim Erstellen vu CVen, Noriff, Jobapplikatiounen a villem méi. Dëse Service ënnerstëtzt Iech, net nëmmen beim Ausfëlle vun Ären offiziellen/administrativen Dokumenter, mee ass och geduecht fir déi Persounen, déi keng Computer-Kentnisser hunn oder net déi néideg finanziell Moyene besëtzen e Computer ze kafen oder eng Internetverbindung doheem z’installéieren fir Dokumenter ze konsultéieren oder ze schreiwen.

Zéckt net fir d’Equipe vum écrivain public ze kontaktéieren:

 

FR

Comme annoncé dans notre Newsmag du mois d’avril, la Commune de Schifflange a mis en place un service gratuit qui offre à toute personne un soutien à la compréhension et à l’écriture de textes en français, allemand, anglais et luxembourgeois. Il s’agit de l’écrivain public.

Pourquoi un écrivain public est-il nécessaire ?
Vous rencontrez des difficultés à vous exprimer en écrit, vous craignez commettre des fautes d’orthographe ou encore vous avez du mal à comprendre les documents administratifs ?
L’écrivain public vous assistera à mettre en forme des curriculums vitae, des éloges funèbres, des demandes d’emplois et bien plus encore. Il ne vous aidera pas seulement à remplir vos documents officiels et administratifs, mais il s’adresse également à ceux qui ne maîtrisent pas l’outil informatique ou à ceux qui n’ont pas les moyens financiers d’acheter un ordinateur ou d’installer une connexion Internet à la maison pour consulter ou rédiger des documents.

N’hésitez pas à contacter l’équipe de l’écrivain public ici :

 

Weltgesondheetsdag 2022

LU

De Weltgesondheetsdag stoung dëst Joer ënnert dem Motto “our planet, our health”.

Si mir an der Lag eis eng Welt virzestellen an där propper Loft, proppert Waasser a gesond Liewensmëttel fir jidereen zougänglech sinn? An där eis Stied liewenswäert sinn an d’Mënschen d’Kontroll iwwert hir Gesondheet an d’Gesondheet vum Planéit hunn? Dëst an aner Froen stellt d’World Health Organization (WHO) dëst Joer a schätzt, datt weltwäit all Joer méi wéi 13 Millioune Mënschen duerch ëmweltbedéngten Ursaachen ëm d’Liewe kommen.

D’Gemeng Schëffleng zesummen mat sengem Service de l’Urbanisme et du Développement durable (SUDD), setzt sech säit Joere fir eng besser Ëmwelt an. Gemeinsam mat de Komissiounen, dem Klimateam an de Bierger a Biergerinnen gi mir a klengen an a grousse Schrëtt an eng méi nohalteg Zukunft.

Als klenge Geste fir e méi gesond Liewen huet d’Gemeng Schëffleng de 7. Abrëll an hirem Accueil eng Uebstschuel opgestallt aus där all Visiteur sech konnt gratis e Stéck Uebst mathuelen.

 

FR

La Journée mondiale de la santé était placée cette année sous le thème « notre planète, notre santé ».

Pouvez-vous imaginer un monde où l’air pur, l’eau propre et la nourriture saine sont disponibles pour tous ? Où les villes sont vivables et les gens ont le contrôle sur leur santé et celle de la planète ? C’est ce genre de questions que se pose l’Organisation mondiale de la Santé (OMS) en 2022 et estime que chaque année, plus de 13 millions de décès dans le monde entier sont dus à des causes environnementales évitables.

La Commune de Schifflange, ensemble avec son Service de l’Urbanisme et du Développement durable (SUDD), s’engage depuis des années pour une qualité de vie durable. En collaboration avec les commissions, l’équipe du Klimateam et les citoyens et citoyennes, nous avançons à petits et à grands pas vers un avenir plus durable.

En guise de petit geste pour une vie plus saine, la Commune de Schifflange a mis à disposition de tous les visiteurs une coupe de fruits à l’accueil de l’Hôtel de Ville pour s’y servir gratuitement pendant toute la journée du 7 avril 2022.

Ënnerstëtzt d’Roud Kräiz mat engem Don

De Mount Abrëll steet ganz am Zeechen vun der Spend beim Roude Kräiz.
D’Schëfflenger Sektioun vum Roude Kräiz seet Iech villmools merci, datt Dir dës Aktioun ënnerstëtzt.

Le Mois du Don, traditionnellement en avril, est l’activité de collecte de fonds la plus importante de la Croix-Rouge luxembourgeoise.
La section locale de la Croix-Rouge à Schifflange vous remercie chaleureusement de soutenir cette action.

 

E Piano fir Schëffleng

LU
Op der Gemengeplaz war gëschter eppes méi lass! Am Kader vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat dem Muséker David Ianni huet d’Schëfflenger Gemeng een Piano geliwwert kritt. Dësen soll all d’Bierger a Biergerinnen ronderem d’Musék zesummekomme loossen an den ëffentlechen Raum beräicheren. De Piano vun der Firma Cadenza ass wiederbestänneg a kann egal op Reen, Sonn oder Schnéi gespillt ginn. Et ass deen éischten Piano an deem Genre zu Lëtzebuerg an am westlechen Deel vun Europa.

Freet Iech op vill flott Aktiounen mat a rondërem de neien Piano, deen esoubal d’Wieder et zouléisst vum Kënschtler Raphael Gindt e neien Look wäert kréien!

 

FR
Hier, il y avait un peu plus d’activité sur la place de la Liberté à Schifflange. Dans le cadre d’Esch2022 et en collaboration avec le musicien David Ianni, la Commune de Schifflange a reçu un nouveau piano dont l’objectif principal est d’encourager la rencontre des citoyens et citoyennes autour de la musique et d’enrichir l’espace public. Le piano de la marque Cadenza est résistant aux intempéries et peut être joué sous la pluie, le soleil ou la neige. C’est le premier piano de ce genre au Luxembourg et dans la partie occidentale de l’Europe.

Réjouissez-vous des nombreuses activités autour du nouveau piano, qui fera peau neuve avec l’aide de l’artiste Raphael Gindt dès que le temps le permettra !

 

 

Wiener heurigen Spektakel

Den 22. Abrëll invitéiert de Schäfferot op e flotten Owend ënnert dem Motto:

« WIENER HEURIGEN SPEKTAKEL »

mat den beschtbekannten Sänger Carlo Hartmann a Yannchen Hoffmann

 

Wou?: an der « Salle Grand-Duc Jean »

Auerzait?: 19:30 Auer

Entrée?: 10€ – den Erléis geet un « Schëffleng Hëlleft » fir d’Affer vun der Ukrain

 

 

20 Joer am Déngscht vun der Gemeng Schëffleng

En Donneschden, den 31. Mäerz 2022, hat de Schäfferot d’Éier 13 Mataarbechter op déi traditionell Auereverdeelung z’invitéieren.

Wärend enger klenger Feier konnten net manner wéi aacht Leit vum Gemengepersonal, véier Leit aus dem Enseignement an eng Persoun vum CGDIS, déi all zanter 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng a fir d’Allgemengheet schaffen, ausgezeechent ginn.

A Präsens vum Schäffen- a Gemengerot konnt de Schäffen Albert Kalmes folgende Leit eng Auer iwwerreechen:

 

Vum Gemengepersonal:

José Felitti, Joao Gonçalves Rodrigues, Carine Sand, Sandra Thimmesch

Schoulpersonal:

Nadine Holbach, Jerry Kohnen, Dominique Steichen

 

Leider war et net all de Geéierte méiglech perséinlech un der Feier deelzehuelen.

Dës Leit hate sech beim Schäffen- a Gemengerot entschëllegen gelooss:

 

Gemengepersonal:

Sandro Braun, Claire De Jager, Gilles Parisot an Taiba Vereget

Schoulpersonal:

Claudine Dahm

CGDIS:

Henri Daleiden

 

Eng ganz besonnesch Éier ass awer der Mme Michèle Wieland-Kleeblatt zoukomm. D’Mme Wieland ass scho säit ganze 50 Joer Member vum CGDIS (fréier Protection Civile). 1970/71 huet si hir “Carrière” mat engem Éischt-Hëllef Cours ugefaangen an huet ëmmer nees Weiderbildunge gemaach:

1975 huet si hiren Diplom als Ambulancière gemaach

1985 gouf si diploméierte Sauveteur

Zanter 2000 ass si Member vun der “Unité Groupe support psychologique”

2001 gouf si “Instructeur en premier secours”

AG vun der Asbl Schëffleng Hëlleft

E Mëttwoch, den 30. Mäerz 2022, hat d’Asbl « Schëffleng Hëlleft » op hir Generalversammlung invitéiert.

No der Introduktioun vum Vize-President Albert Kalmes, huet d’Sekretärin Jessica Scala den Aktivitéiterapport vum Joer 2021 an d’Caissière Heike Donkols-Breuer de Budget presentéiert. Virun allem d’Kulturfest an d’Cactus-Grillen waren e groussen Erfolleg. E grousse Merci geet natierlech un d’Gemeng Schëffleng fir de generéise Subside vu 15.000 Euro, deen d’ASBL all Joer op hire Kont iwwerwise kritt.

Nieft all eenzele Geste fir deen d’ASH dankbar ass, ginn 3 speziell MERCIen un:

-d’Schëfflenger Majoretten, déi hire Veräin leider opléise mussen, an der ASH hir Keessereschter uvertrauen;
-der ASBL « Apo Island » fir hiren Don;
-an dem Gemengepersonal vu Schëffleng fir hir Sammelaktioun « E Kaffi fir d’Ukrain »

Op der AG huet « Handicap International », déi virun enger Zäitchen e Scheck vun der ASH iwwerreecht kruten, och hir Projetë virgestallt.

Hei e puer Impressioune vum Owend:

 

Grondsteeleeung vun der neier Albert Wingert Schoul

De Grondsteen vun der neier Albert Wingert Schoul gouf en Dënschdeg, den 29. Mäerz 2022 am Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul geluecht.

De grousse Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” ass alt nees an déi nächst Ronn gaangen: D’Albert Wingert Schoul gëtt aus- an ëmgebaut an de Fussballsterrain ass elo fäerdeg. Dëst war eng gutt Geleeënheet fir de Schäfferot passend zum grousse Chantiersufank zesumme mam Gemengerot, mat der Press, dem Schoulwiesen an de Projetsbedeelegten de symboleschen 1. Steen ze leeën.

No der offizieller Ufanksried huet den Här Bonsch, Geschäftsführer vum Generalunternehmer ERNE (Sëtz Däitschland), déi technesch Erklärungen zum Bau geliwwert. De Buergermeeschter war krankheetshalber entschëllegt, deemno hat den 1. Schäffen Albert Kalmes déi grouss Éier de Concert vun de Kanner aus der Maison Relais unzesoen. Déi kleng Sänger hu sech ganz dem Fussball verschriwwen. Och d’Presidentin vun der Albert Wingert Schoul, Madame Christiane Schmit-Biewer, hat sech mat hire Schüler eppes ganz Spezielles afale gelooss: Si hunn hir individuell Wënsch un hir schoulesch Zukunft an enger Zäitkapsel veréiwegt, déi dunn zesummen mat der Dageszeitung an e Schacht verbetonnéiert gouf. Op dem Beton hunn d’Kanner hir Hännofdréck hannerlooss a soumat war den « 1. Steen » fir eng nei modern Infrastruktur geluecht.

Dono gouf de Fussballsterrain offiziell ageweit a wéi kinnt een dat besser man wéi mat enger Partie Eelefmeter-Schéissen. Den Ofschloss-Patt am Schoulhaff haten de Schäffen- a Gemengerot an d’Kanner sech ëmsou méi verdéngt. E grousse Merci ass un all Bedeelegter gaangen aus dem Bausecteur, de Gemengeservicer an un d’Schoulresponsabel.

De Pressedossier zum Bauprojet fannt Dir hei.

D’Fotoe vum Dag kënnt Dir Iech hei an der Galerie ukucken.