18.12.2023

Orange Week à Schifflange

FR

Dans le cadre de l’Orange Week 2023, le collège échevinal avait invité samedi dernier à une journée cinéma. Au programme, trois films traitant de la violence envers les filles et les femmes sous différentes formes.

La violence contre les femmes et les filles est une problématique très présente dans notre société. Outre les violences domestiques, sur lesquelles la commune a mis l’accent dans le cadre de l’Orange Week 2022, il existe de nombreux autres types de violences pour lesquelles il est important de mener un travail éducatif et de sensibilisation. La violence psychologique, la violence sexuelle, les mutilations génitales, les enfants promis et mariés très jeunes (dès que la loi le permet), sont également une réalité ici au Luxembourg.

Côté officiel, après l’accueil de Monsieur le Bourgmestre Paul Weimerskirch et en présence de membres du collège échevinal et du conseil communal ainsi que de la commission à l’égalité des chances, des collaboratrices de trois organisations confrontées à la problématique des violences faites aux femmes et aux filles dans leur travail quotidien ont abordé le sujet. Ils ont donné un cadre à la situation au Luxembourg, ont donné des témoignages intéressants et choquants et ont souligné les difficultés du travail dans ce domaine dans notre pays :

Mme Anik RASKIN du Conseil National des Femmes Luxembourgeoises (CNFL), qui est e.a. chargée de la coordination nationale de l’Orange Week et d’autres projets intercommunaux dans le cadre de l’égalité des chances entre femmes et hommes.

Mme Marie-Jeanne PASCUCCI de l’asbl « Femmes en détresse« . Au service Oxygène, elle est chargée de conseiller et d’accompagner les filles et les jeunes femmes (12 à 24 ans) victimes de violences. Par ailleurs, la sensibilisation à ce sujet dans les lycées constitue un pilier important de leur travail quotidien.

Mme Keren RAJOHANESA de l’asbl « Passerell« . En tant qu’avocate spécialisée, elle travaille dans le projet LEILAW (Listen, exchange and inform on human rights law for women), qui s’est donnée pour mission d’informer les femmes et les enfants qui migrent vers le Luxembourg et qui sont pour la plupart victimes de violences sous différentes formes, de leur faire connaître leurs droits, de les aider dans leurs démarches administratives et juridiques et de leur offrir un cadre d’échange sécurisé.

En guise de remerciement, ils ont reçu un tirage du visuel que l’illustratrice Snejana Granatkina a conçu pour le compte de la commune pour l’Orange Week 2021.

Si vous êtes victime, témoin ou auteur de violence, n’hésitez pas à vous informer sur les différentes aides disponibles : violence.lu

 

LU

Am Kader vun der Orange Week 2023 huet de Schäfferot vergaangene Samschdeg op e Kinodag invitéiert. Hei stoungen dräi Filmer um Programm, déi sech mat der Gewalt géint Fraen a Meedercher an ënnerschiddleche Formen ausernee setzen.

Gewalt géint Fraen a Meedercher ass en Thema, dat ganz present an eiser Gesellschaft ass. Nieft der haislecher Gewalt, op déi d’Gemeng am Kader vun Orange Week 2022 de Fokus geluecht hat, ginn et nach vill aner Zorte vu Gewalt, fir déi et wichteg ass Opklärungsaarbecht ze leeschten an ze sensibiliséieren. Psychesch Gewalt, sexuell Gewalt, Genitalverstümmelung, Kanner, déi engem versprach ginn an am jonken Alter bestuet ginn, soubal d’Gesetzeslag et zouléisst, sinn och hei zu Lëtzebuerg Realitéit.

Um offiziellen Deel sinn, no der Begréissung vum Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an a Presenz vu Membere aus dem Schäffen- a Gemengerot esou ewéi der Chancëgläichheetskommissioun, Mataarbechterinne vun dräi Organisatiounen, déi an hirem Aarbechtsalldag mat der Thematik vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher konfrontéiert sinn, op d’Thema agaangen. Si hunn d’Situatioun hei am Land an e Kader gesat, hunn interessant a schockant Temoignagë ginn an hunn d’Schwieregkeeten an der Aarbecht hei am Land opgewisen:

  • Madame Anik RASKIN vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL), deen, ë.a., fir déi national Koordinatioun vun der Orange Week an aneren interkommunale Projeten am Kader vun der Chancëgläichheet tëschent Fraen a Männer zoustänneg ass.
  • Madame Marie-Jeanne PASCUCCI vun der  « Femmes en détresse asbl.« . Am Service Oxygène ass si fir d’Berodung an d’Begleedung vu Meedercher a jonke Fraen (12 bis 24 Joer), déi Affer vu Gewalt sinn, zoustänneg. Des Weideren ass d’Sensibiliséierung zum Thema an de Lycéeën hei am Land e wichtege Pilier vun hirem Aarbechtsalldag.
  • Madame Keren RAJOHANESA vun der « Passerell asbl« . Als spezialiséiert Juristin schafft si am Projet LEILAW (Listen, exchange and inform on human rights law for women), deen et sech zur Aufgab gemaach huet, fir d’Fraen an d’Kanner, déi hei an d’Land migréieren, an déi meeschtens Affer vu Gewalt a verschiddene Forme sinn, iwwert hir Rechter opzeklären, hinne bei administrativen a juristeschen Demarchen ze hëllefen an hinnen e séchere Kader fir en Austausch ze bidden.

Als Merci kruten si en Drock vum Visuell, deen d’Illustratrice Snejana Granatkina am Optrag vun der Gemeng fir d’Orange Week 2021 designt hat.

Wann Dir selwer Affer, Zeien oder Täter vu Gewalt sidd, da kënnt Dir Iech um Site violence.lu iwwert déi verschidde Méiglechkeeten informéieren, wéi Dir Iech Hëllef kënnt sichen.