Posts By: schifflange

Opgepasst Brandgefor!

LU
De Summer ass nees do a mat him d’Brandgefor an eise Bëscher. Opgrond vun den héischen Temperaturen ouni Aussiicht op Reen, klëmmt de Risiko och zu Lëtzebuerg. Mir rappelléieren, datt et strikt verbueden ass am Bësch Feier ze maachen. Et dierf net gegrillt ginn an et dierfen och keng Zigarettestëmp am Bësch entsuergt ginn.

Heidrënner déi wichtegst Preventiounsmoossnamen!

Merci fir Äert Versteesdemech.

 

FR
Avec le vent et le retour de la chaleur, attention aux risques d’incendies.  En raison des températures élevées sans perspective de pluie conséquente, le risque y lié augmente aussi au Luxembourg. Nous rappelons qu’il est strictement interdit de faire du feu dans la forêt. Il est aussi interdit de préparer des barbecues et de jeter des mégots de cigarettes dans la nature.

L’action la plus efficace contre les feux de végétation et de forêt reste toutefois la prévention!

Merci de votre compréhension et collaboration.

Summervakanz an der Schwemm

LU

Wärend der Summervakanz sinn all Mëttwoch a Freide vu 14.00 – 17.00 Auer Spillnomëtteger an eiser Schwemm.

FR

Pendant les vacances d’été, des après-midi de jeux sont organisés tous les mercredis et vendredis de 14.00 à 17.00 heures dans notre piscine au Centre Sportif.

Vakanzenaktivitéiten 2023

Passend zum summerleche Wieder fannt Dir hei d’Broschür vun de Vakanzenaktivitéiten fir eis jugendlech Matbiirger (12-17 Joer). D’Schëfflenger Jugendhaus huet op e Neits en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt.

D’Plaze sinn ewéi ëmmer limitéiert, dofir: mellt iech direkt un!

D’Informatiounsversammlung den 20. Juni um 18.00 Auer am Jugendhaus ass obligatoresch fir jiddereen, deen un deSummeraktivitéite mat Iwwernuechtung wëlls deelhuelen. Hei kritt dir all déi néideg Informatioune fir all Aktivitéiten a Projeten an der Summervakanz.

All weider Informatioune fannt Dir an der Broschür.

Coupe Scolaire 2023

LU
Den 8. Juni 2023 huet nees déi traditionell Coupe Scolaire an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt.

Scho fréi moies waren d’Schüler aus dem Cycle 4.1 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul geléiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 120 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren tëscht 8 an 12 Auer op de verschiddene Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch a seng Schäffen hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser Aktivitéit bedeelegt waren, e grousse Merci gesot an de Schüler bonne Chance virum Start gewënscht!

 

FR
Le 8 juin 2023, la traditionnelle Coupe Scolaire s’est déroulée dans les rues de Schifflange.

Dès le matin, les élèves du cycle 4.1 ont enfourché leurs vélos et ont essayé de mettre en pratique la théorie qu’ils avaient apprise. C’est avec beaucoup de plaisir et de concentration que les jeunes cyclistes ont accompli le parcours.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch et les échevins ont remercié tous les participants pour leur engagement et ont souhaité beaucoup de succès aux élèves.

 

Assermentation de nouveaux fonctionnaires

En date du 8 juin 2023, Mme Carole Caffo, M. Ludovyk Brassinne et M. Filipe Carvalheiro Rodrigues ont prêté serment en tant que fonctionnaires communaux aux mains du bourgmestre Paul Weimerskirch et ceci en présence des échevins Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit.

M. Pascal Reuland, chef de service des travaux neufs et des infrastructures (STNI) dont les nouveaux agents feront partie et M. Gérard Schalk, chef du personnel ont complété la ronde.

Le bourgmestre a félicité les nouveaux collaborateurs pour leur nomination et leur a souhaité beaucoup de succès et de satisfaction au sein de la Commune de Schifflange.

Aweiung vun der École internationale op de Fléierchen

FR

Le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, aux côtés du bourgmestre de la Commune de Schifflange, Paul Weimerskirch et du directeur de l’Ecole internationale de Differdange et d’Esch-sur-Alzette, Gérard Zens, ont inauguré le bâtiment modulaire pour l’enseignement des enfants réfugiés ukraniens en date du 8 juin 2023. Depuis janvier de cette année, des classes d’accueil ont été accueillis dans la structure provisoire au lieu-dit “Op de Fléierchen” à Schifflange.

À l’occasion de l’inauguration, les enfants ont récité des poèmes, interprété des chansons et ont présenté un petit spectacle de danse entre les divers discours officiels. Après la coupe du ruban classique et une courte visite guidée du bâtiment, les invités ont pu s’échanger lors d’un verre d’honneur bien mérité – vu le soleil éclatant.

Une petite lueur d’espoir dans la vie de tant d’enfants qui ont dû quitter leur pays : Les discussions autour d’un futur éventuel et moins provisioire de l’école internationale à Schifflange sont en cours.

Voici le dossier de presse.

Voici le réportage AMCIS.

 

LU

Den Educatiounsinister, Claude Meisch, zesumme mam Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch an dem Direkter vun der Internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch-Uelzecht, Gérard Zens, hunn den 8. Juni 2023 de Modulbau “op de Fléierchen” feierlech ageweit. Zënter Januar vun dësem Joer sinn hei eng ronn 100 ukrainesch Flüchtlingskanner vun der EIDE ënnerbruecht.

Zu dëser spezieller Geleeënheet vun der hunn d’Schüler tëscht deene verschiddenen offizielle Riede Gedichter virgedroen, Lidder gespillt an eng kleng Danzvirstellung presentéiert. Nom klassesche Bändchenduerchschneiden an enger kuerzer Visite guidée duerch d’Gebai, konnten d’Gäscht sech bei engem verdéngten Éiereglas austauschen.

E klenge Liichtbléck am Liewe vu ville Kanner, déi hiert Land hu misse verloossen: Diskussiounen iwwert eng méiglech respektiv méi permanent Zukunft vun der internationaler Schoul zu Schëffleng lafen.

Hei fannt Dir de Pressedossier.

An hei de Video vun der AMCIS.

D’SuperDrecksKëscht kënnt op Schëffleng

DE

Keine Probleme mehr mit den Problemprodukten:

Haus-zu-Haus-Sammlung der Superdreckskëscht in Schifflingen!

Wie dem kommunalen Umweltkalender zu entnehmen sind, finden am 13. Juni, am 14. September und am 7. Dezember 2023 ab 7:00 Uhr eine Haus-zu-Haus Sammlung für Schadstoffe statt. Die Einwohner können sich im Vorfeld im Recycling-Zenter SIVEC (in der Hedinger Straße) kostenlos Eimer (für Fette und Öle) und SDK-Kisten besorgen. Andere Behälter werden jedoch ebenfalls entsorgt. Untenstehend einige Information über die angenommenen Schadstoffe.

Weitere Infos hier

 

FR

Plus de soucis avec les produits à problèmes :

Collectes en porte-à-porte de la « Superdreckskëscht » à Schifflange !

Comme il a été indiqué au calendrier communal des déchets, une collecte de produits nocifs en porte-à-porte aura lieu le 13 juin, le 14 septembre et le 7 décembre 2023 à partir de 7h00. Les habitants peuvent se procurer gratuitement au préalable des seaux (pour les graisses et les huiles) et des caissons SDK au centre de recyclage SIVEC (rue de Hédange). Toutefois, les autres récipients seront également valables. Ci-dessous, quelques informations sur les substances nocives acceptées.

 

 

Gléckwonsch Jugendhaus!

Am Kader vum 18. Gebuertsdag vum Schëfflenger Jugendhaus huet d’Ekipp mat hire Jonken op eng gemitterlech Soirée invitéiert.

Säit senger Grënnung war an ass d’Jugendhaus e wichtegen Treffpunkt fir Jonker tëschent 12 a 26 Joer an e wichtege Partner fir d’Gemeng an der Sensibiliséierung an an der Zesummenaarbecht mat a fir d’Jugend hei an der Gemeng.

Nieft dem wëchentleche Programm wärend de regulären Ëffnungszäite vum Jugendhaus bitt d’Ekipp nach vill weider Projeten:

– Zukunftsdiplom
– Outreach Youth Work
– Formatioun Animateur A
– Vakanzenaktivitéiten an der Summervakanz
– Divers Sensibiliséierungsprojeten (IDAHOBIT Day, Recycle Planet, Solar-Projet asw.)
– kleng Ausflich a Vakanzen am In- an Ausland
– sportlech Aktivitéiten (Boulderen, Klammen, Mountainbike-Fueren, Snow-Projet. asw.)

Op der Homepage vum Jugendhaus kënnt Dir Iech iwwert de Programm um Lafenden halen an Iech en Androck vu vergaangene Projete maachen.

Mir freeën eis op weider flott Joren!

Coupe scolaire 2023

LU
Nächsten Donneschden, den 8. Juni 2023, fannen an de Stroossen vu Schëffleng déi praktesch Übungen vun der Coupe Scolaire fir jonk Velosfuerer statt.

D’Schoulkanner aus dem Cycle 4 léieren hei, wéi si sech als Vëlosfuerer richteg am Stroosseverkéier verhalen a wat fir Equipementer hire Vëlo brauch fir sécher ze fueren.

Mir bieden d’Automobilisten an all aner Verkéiersdeelhueler besonnesch opzepassen.

De Parcours vun der Coupe Scolaire fannt Dir heidrënner.

FR
Pendant la matinée du jeudi, le 8 juin 2023 se déroulera dans les rues de notre commune, l’épreuve pratique de la Coupe Scolaire Nationale. Les élèves du 4e cycle de l’enseignement fondamental de Schifflange vont parcourir à vélo un circuit dans les rues de la localité.

Nous vous prions de bien vouloir respecter les limitations de vitesse et de vous approcher des jeunes cyclistes avec prudence et vigilance.

Le parcours complet peut être consulter ci-dessous.

 

Parking Drusenheim – phase de test des barrières

LU
D’Gemeng Schëffleng deelt mat, dat d’Barrière um Parking Drusenheim, ab dem Donneschden, 1. Juni 2023 operationell ass.
Wärend dëser éischter Testphase bleift de Parking  weiderhi gratis.
Den Ticket muss virum Rausfuere validéiert ginn.

FR
La Commune de Schifflange tient à vous informer qu’à partir du jeudi 1er juin 2023 la barrière du nouveau parking dans la rue de Drusenheim sera opérationnel. Pendant une première phase de test le parking restera gratuit. Il faut cependant valider son ticket avant de sortir.