Posts By: schifflange

30 Joer Asbl « Garderie fir Kanner »

LU
De 15. Juni 2023 huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng d’Asbl « Garderie fir Kanner » (de Comité vun der Asbl, d’Personal vun der Maison Relais a vun der Crèche Stuppesland) op en Owesiessen invitéiert fir mat hinnen zesummen hiren 30. Gebuertsdag ze feieren.

Säitens der Gemeng huet de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, de Responsabel a Mataarbechter vun der Maion Relais seng beschte Gléckwënsch iwwerbruet an hinne weiderhin vill erfollegräich Jore gewënscht.

D’Presidentin, Madamm Viviane Schreiner, huet hirersäits der Gemeng Merci gesot fir déi gutt Zesummenoarbecht an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng, mee och dass d’Oarbecht am sozio-edukative Beräich net ëmmer einfach ass. Dofir ass si immens houfreg op hir Ekipp.

 

FR
Le 15 juin 2023, le Collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange avait invité l’asbl « Garderie fir Kanner » (le comité de l’asbl, le personnel de la maison relais et de la crèche Stuppesland) à un dîner pour fêter leur 30e anniversaire.

Au nom de la commune, le bourgmestre Paul Weimerskirch a transmis ses meilleurs vœux aux responsables de la maison relais et leur a souhaité beaucoup de succés  pour les années à venir.

La présidente de l’association, Madame Viviane Schreiner, quant à elle, a remercié la commune pour la bonne collaboration et le soutien du côté de la commune et avait expliqué que le travail dans le milieu socio-éducatif n’est pas toujours facile, mais qu’elle est fière de toute son équipe.

Sensi-Days mam Cycle 3.1 & 3.2

Am Kader vun de Sensi-Days haten den Cycle 3.1 an 3.2 aus eisen dräi Schoulen op en neits d’Méiglechkeet sech a verschiddenen Atelieren a Mënsche mat  Behënnerungen eranzeversetzen.

Wärend dräi Deeg hu Persounen, déi selwer eng Beanträchtegung hunn oder an deem Beräich schaffen, dëst ugebueden:

– Rollstullparcours (Luxrollers)
– Gebärdesprooch (Hörgeschädigten Beratung)
– Rollstull-Tennis (Tennis Spora)
– Goalball (LPS – Luxembourg Paralympic Committee / CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
– Malvoyant (Liewe mam Blannemupp / Taaschten / Schreiwen / mam Blannebengel trëppelen (CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
Blanne-Judo (Judo Flam)

Dës Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun soll de Kanner d’Beréierungsängscht huelen a si fir d’Thema Behënnerung sensibiliséieren.

Diplomiwwerreechung vun der Formatioun Animateur A

Persounen tëschent 18 an 30 Joer haten och dëst Joer nees d’Méiglechkeet, sech vun den Educateuren aus dem Schëfflenger Jugendhaus zum Animateur ausbilden ze loossen. An enger flotter, interaktiver Formatioun hunn 8 Jonker nom Motto ‘learning by doing’ wärend zwee Weekender, engem Teamdag an engem Mini-Stage am Jugendhaus geléiert, wat et heescht, Aktivitéite mat Kanner a Jugendlechen ze plangen, virzebereeden an unzeleeden.

D’Participante konnten d’Formatioun ofschléissen a kréien zousätzlech zum Diplom vun der Schëfflenger Gemeng eng Zertifizéierung vum Service National de la Jeunesse fir net nëmme bei de Schëfflenger Vakanzenaktivitéite mee och op nationalem Niveau als Animateur kënnen aktiv ze sinn.

Tour du Duerf – Schëffleng mécht mat!

DE
Die Tour du Duerf ist eine nach Nürnberger Vorbild weiterentwickelte Kampagne des Klima-Bündnis, dem größten Netzwerk von Städten, Gemeinden und Landkreisen zum Schutz des Weltklimas. Mit der Kampagne steht allen Luxemburger Kommunen eine bewährte, leicht umzusetzende Maßnahme zur Verfügung, um in der Kommunikation/Öffentlichkeitsarbeit für nachhaltige Mobilität aktiv(er) zu werden.

Die Tour du Duerf findet alljährlich vom 10. bis 30. September (21 Tage) statt.

 

FR
Le Tour du Duerf s’inspire de la campagne allemande dénommée Stadtradeln (City Cycling). A échelle européenne, l’instigateur n’est autre que le Klima-Bündnis (Alliance pour le climat), le plus important réseau de villes, communes et régions qui se sont alliées pour lutter de concert pour la protection du climat.

Au Luxembourg, ce sont le Ministère de la Mobilité et des Travaux publics et le Klima-Bündnis Lëtzebuerg qui organisent la campagne. Le TOUR du DUERF est une manifestation dont le but déclaré est de promouvoir la protection du climat ainsi que le recours au vélo et à laquelle toutes les communes luxembourgeoises intéressées peuvent s’allier.

Au Luxembourg, la campagne Tour du Duerf est organisée tous les ans du 10 au 30 septembre inclus.

Fauchage tardif

LU
Fir d’Biodiversitéit z’ënnerstëtzen an d’Blummen- an Déierewelt ze schützen, huet d’Gemeng Schëffleng sech fir de fauchage tardif entscheet.

Weltwäit ginn d’Insektenaarten zeréck an domat och all déi Déieren, déi sech vun hinnen ernieren. D’Iddi vum Fauchage tardif ass et, fir am urbane Raum Flächen opzebauen, wou sech nees verschidden Insekten- a Blummenaarten usidelen kënnen. Dëst a Gebidder, wou d’Sécherheet vun de Stroossebenotzer net a Gefor ass an d’Grasvegetatioun seng maximal Gréisst erreeche kann.

D’Gréngflächen, d’Wisen an d’Stroosse ginn nëmmen eemol oder zweemol am Joer zréck geschnidden. Dëse Prozess erméiglecht eng méi grouss Pflanzendiversitéit, respektéiert déi verschidde Wuesstumszäite vun de Blummen, hir Planzereift a Somproduktioun a schützt d’Liewensraim vun den Déieren.

 

FR
Afin de soutenir la biodiversité et de permettre la floraison de la flore, la Commune de Schifflange  a choisi l’option du fauchage tardif.

Le fauchage annuel tardif s’applique aux zones pouvant accueillir sans danger pour la sécurité des usagers de la routes, une végétation herbacée ayant atteint sa taille maximale.

Les espaces verts, les pelouses et bords de routes ne sont fauchés qu’une à deux fois par an. Ce procédé permet d’augmenter la diversité végétale (temps de pousse différenciés, floraison, maturité des plantes et production de semences des espèces herbacées) et de maintenir les espaces vitaux du monde animal. Par son apparence différenciée et irrégulière et non domestiquée, il répond à des critères esthétiques naturels tout en favorisant l’apparition de fleurs, ce qui contribue à l’embellissement de l‘aspect d’ensemble.

Exposition Rol Steimes

L’art a la remarquable capacité de transcender les barrières et de toucher les profondeurs de notre âme. Rol Steimes, grâce à sa créativité et à sa perspective unique, a créé un ensemble d’œuvres qui nous invitent dans un monde d’imagination, d’émotion et d’introspection.

L’artiste Rol STEIMES est né en 1968 à Dudelange. Son parcours des études artistiques a commencé dans la section beaux-arts du Lycée de Garçon, Esch.

En 2017, il a remporté le 1er prix du Salon d’Art Contemporain.

Les oeuvres de l’artiste sont présentées aux plusieurs Ambassades du Luxembourg, comme à Tokyo, Moscou, Abu Dhabi, Shanghai, Lisbonne… ainsi qu’au Ministère de la Culture et au Ministère des Affaires Étrangères.

Le Schëfflenger Konschthaus, en tant que havre d’expression artistique, est honoré d’offrir une plateforme à un artiste comme Rol Steimes, qui s’aventure sans crainte dans des territoires inexplorés, défiant les conventions et repoussant les limites de la créativité. Ses coups de pinceau magistraux, ses couleurs foncées et ses compositions évocatrices nous transportent dans des lieux mystérieux. Qu’il s’agisse de paysages envoûtants ou d’abstractions qui suscitent la réflexion, chaque œuvre nous invite à explorer et à découvrir, à nous connecter à nos pensées et à nos sentiments les plus profonds.

Les peintures de Rol Steimes doivent être analysées d’une façon plus figurative qu’il n’y paraît à première vue. La manière secrète, quasi métaphysique de Rol Steimes de représenter des lieux ou des objets réels amènera le spectateur à se poser une question : « Que se passe-t-il… »

C’est par sa voix artistique que nous nous rappelons les possibilités infinies qui se trouvent dans le domaine de l’imagination humaine.

L’exposition The Power of Silence de Rol Steimes se poursuit jusqu’au 15 juillet 2023 au Schëfflenger Konschthaus.

Opgepasst Brandgefor!

LU
De Summer ass nees do a mat him d’Brandgefor an eise Bëscher. Opgrond vun den héischen Temperaturen ouni Aussiicht op Reen, klëmmt de Risiko och zu Lëtzebuerg. Mir rappelléieren, datt et strikt verbueden ass am Bësch Feier ze maachen. Et dierf net gegrillt ginn an et dierfen och keng Zigarettestëmp am Bësch entsuergt ginn.

Heidrënner déi wichtegst Preventiounsmoossnamen!

Merci fir Äert Versteesdemech.

 

FR
Avec le vent et le retour de la chaleur, attention aux risques d’incendies.  En raison des températures élevées sans perspective de pluie conséquente, le risque y lié augmente aussi au Luxembourg. Nous rappelons qu’il est strictement interdit de faire du feu dans la forêt. Il est aussi interdit de préparer des barbecues et de jeter des mégots de cigarettes dans la nature.

L’action la plus efficace contre les feux de végétation et de forêt reste toutefois la prévention!

Merci de votre compréhension et collaboration.

Summervakanz an der Schwemm

LU

Wärend der Summervakanz sinn all Mëttwoch a Freide vu 14.00 – 17.00 Auer Spillnomëtteger an eiser Schwemm.

FR

Pendant les vacances d’été, des après-midi de jeux sont organisés tous les mercredis et vendredis de 14.00 à 17.00 heures dans notre piscine au Centre Sportif.

Vakanzenaktivitéiten 2023

Passend zum summerleche Wieder fannt Dir hei d’Broschür vun de Vakanzenaktivitéiten fir eis jugendlech Matbiirger (12-17 Joer). D’Schëfflenger Jugendhaus huet op e Neits en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt.

D’Plaze sinn ewéi ëmmer limitéiert, dofir: mellt iech direkt un!

D’Informatiounsversammlung den 20. Juni um 18.00 Auer am Jugendhaus ass obligatoresch fir jiddereen, deen un deSummeraktivitéite mat Iwwernuechtung wëlls deelhuelen. Hei kritt dir all déi néideg Informatioune fir all Aktivitéiten a Projeten an der Summervakanz.

All weider Informatioune fannt Dir an der Broschür.

Coupe Scolaire 2023

LU
Den 8. Juni 2023 huet nees déi traditionell Coupe Scolaire an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt.

Scho fréi moies waren d’Schüler aus dem Cycle 4.1 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul geléiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 120 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren tëscht 8 an 12 Auer op de verschiddene Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch a seng Schäffen hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser Aktivitéit bedeelegt waren, e grousse Merci gesot an de Schüler bonne Chance virum Start gewënscht!

 

FR
Le 8 juin 2023, la traditionnelle Coupe Scolaire s’est déroulée dans les rues de Schifflange.

Dès le matin, les élèves du cycle 4.1 ont enfourché leurs vélos et ont essayé de mettre en pratique la théorie qu’ils avaient apprise. C’est avec beaucoup de plaisir et de concentration que les jeunes cyclistes ont accompli le parcours.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch et les échevins ont remercié tous les participants pour leur engagement et ont souhaité beaucoup de succès aux élèves.