Posts Categorized: Invitation

IDAHOBIT 2024

FR

En vue de la Journée internationale contre l’homophobie, la biphobie et la transphobie, la Commune de Schifflange et la Maison des Jeunes vous invite le 17 mai à partir de 16.00 heures au Schëfflenger Haff.

Dans le cadre de cette journée spéciale, une multitude d’événements sont planifiés à travers le monde pour sensibiliser aux violences, discriminations et injustices subies par les personnes LGBTQIA+.  Schifflange souhaite également apporter son soutien à la lutte contre ces discriminations et propose pour la troisième année consécutive un événement dans le cadre de l’IDAHOBIT.

Venez vous joindre à un atelier créatif animé par l’artiste Gilles Lanners (KNOX), essayez un atelier sportif avec l’équipe de Lëtz Pol’n Dance, et écoutez les témoignages de personnes directement touchées. De plus, vous aurez l’opportunité de vous informer auprès de divers stands d’information (Planning familial, Uni.lu) et de participer à un échange de vêtements organisé par la Maison des Jeunes de Schifflange.

 

LU

Am Kader vum International Day Against Homophobia, Biphobia an Transphobia invitéiert Iech d’Gemeng Schëffleng zesummen mam Schëfflenger Jugendhaus den 17. Mee ab 16.00 Auer am Schëfflenger Haff.

Op dësem Dag ginn op der ganzer Welt Eventer organiséiert déi op d’Gewalt, d’Diskriminéierung an d’Ënnerdréckung géigeniwwer der LGBTQIA+- Community opmierksam maache sollen. Och Schëffleng wëll en Zeeche géint Diskriminatioun setzen an organiséiert déi drëtt Editioun vun dësem Sensibilisatiounsevent am Kader vum IDAHOBIT. Hei hutt dir d’Chance un engem kreativen Atelier mam Kënschtler Gilles Lanners (KNOX) oder un engem sportlechen Atelier mat Lëtz Pol’n Dance Deel ze huelen.  Bei verschiddenen Stänn (Planning Familial, Uni.lu) kënnt dir Iech weider iwwer dës Thematik informéieren, Erfahrungsberichter vu betraffene Persounen  héieren an och erëm beim Kleedertausch vum Schëfflenger Jugendhaus mat maachen.

Petit-déjeuner équitable 2024

FR

Le collège des bourgmestre et échevins, le conseil communal et le groupe « Fairtrade Team Schëffleng » vous convient chaleureusement à un petit-déjeuner équitable et gratuit.

Quand ? – Samedi, le 4 mai 2024 de 08h30 à 10h30

Où ? – Au Schëfflenger Haff, 2 avenue de la Libération à Schifflange

Venez découvrir, déguster et acheter des produits Fairtrade dans une ambiance conviviale, accompagnée de musique en live, de jeux pédagogiques et beaucoup plus.

A cette occasion, la galerie « Schëfflenger Konschthaus » ouvrira exceptionnellement ses portes pour la durée de l’événement avec la possibilité de visiter l’exposition de Gust Graas.

Attention ! Le 4 mai, notre grande braderie se tiendra à Schifflange. Après un petit-déjeuner revigorant, venez faire des affaires intéressantes.
À cette occasion, plusieurs rues seront fermées.

Consultez le règlement de la circulation ici (Pdf).

 

LU

De Schäffen- a Gemengerot an d’Fairtrade Team Schëffleng invitéieren all d’Bierger.innen op e gratis Fairtrade Früstück.

Wéini? – Samschdes, de 4. Mee 2024 vun 08.30 bis 10.30 Auer

Wou? – Am Schëfflenger Haff / 2, avenue de la Libération zu Schëffleng

Kommt laanscht an entdeckt, probéiert a kaaft Fairtrade Produite bei gemittlecher live Musek an engem schéinen Encadrement, spillt mat beim Fairtrade Info-Spill a probéiert eise Schëfflenger Kaffi.

Zu dësem Ulass mécht d’Schëfflenger Konschthaus ausnamsweis seng Diren op an invitéiert Iech op d’Austellung vum Gust Graas.

Opgepasst, de 4. Mee ass och eis grouss Braderie zu Schëffleng. Gutt gestäerkt kënnt Dir hei nom faire Früstück nach interessant Affairë maachen. An dësem Kontext wäerte verschidde Stroossen gespaart sinn.

D’Verkéieresreglement fannt Dir hei op FR (Pdf)