Posts Categorized: Actualités

Happy Birthday!

Dës Woch feiert d’Schëfflenger Bëschcrèche Gebuertsdag. Virun 10 Joer huet sech den éischte klenge Grupp Bëschzwergen op de Wee gemaach fir d’Beem, d’Planzen an d’Déieren ze entdecken, ze picknicken an an all Wieder ze spillen, ze kloteren an den Hiwwel erofzerutschen. Haut ass de Grupp méi grouss an et ginn iwwert d’Woch verdeelt 55 Zwergen de Bësch onsécher maachen.

Mir wënschen der ganzer Erzéier-Ekipp och an Zukunft vill Freed un der Aarbecht mat der Raiberband an, an dësen Zäiten, weiderhin e grousst Duerchhalverméigen a Motivatioun.

Villmools Merci fir Är wichteg a flott Aarbecht!

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci

De Freiden, den 13. November 2020 ass um 15.30 Auer e Bam an der Aloyse-Kayser-Strooss bei der Schëfflenger Gare geplanzt ginn. Et soll dëst een Zeeche vun Hoffnung an der sanitärer Kris sinn. Gläicher Mosse soll de Bam als Zeeche vu Merci gëlle fir all déi, déi wärend dem Confinement an och nach haut a muer mat vill Dévouement an Engagement hëllefen des Kris ze meeschteren an eist gesellschaftlech Liewen oprecht erhalen. E spezielle Merci un d’Leit aus dem Gesondheetssecteur an dem ziville Schutz.

Mat der poetescher Form an dem Faarwespill vun engem Ahorn sollen d’Schéinheete vum Liewen zur Geltung kommen an nei Kraaft fir eis all schenken, esou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch. De Bam soll och een Zeeche vu Courage sinn an als Stäip gëlle fir déi Matbierger, déi besonnesch haart vun der Pandemie getraff gi sinn.

Aus sanitärer Grënn ass dës Bampflanzaktioun am klenge Krees vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit zesumme mat de Conseillers ofgehalen ginn.

 

Vereidigung von Frau Christine Schmit

Am 09.11.2020, legte Frau Christine Schmit vor Bürgermeister Paul Weimerskirch in Beisein  von den Schöffen Albert Kalmes, Marc Spautz und Carlo Lecuit,  sowie dem Gemeindesekretär Fabienne Diederich und Gérard Schalk, Personalchef, Ihren Eid als Gemeindebeamtin ab.

Zum 01.10.2020 erhielt Frau Christine Schmit durch den Gemeinderat Ihre Ernennung als „Rédacteur“  in unserer Gemeinde und verstärkt seitdem unser Sekretariat.

Bürgermeister Paul Weimerskirch beglückwünschte die neue Mitarbeiterin zu Ihrer Nominierung und wünschte Ihr viel Erfolg und Genugtuung an Ihrer  Arbeitsstelle.

 

 

Jugendhaus: Aktivitéiten November / Dezember

D’Schëfflenger Jugendhaus deelt mat, dass si, esou laang d’Reegelunge vum Ministère et zouloossen, weiderhin ënnert hirer Responsabilitéit Aktivitéite fir eis Jonk Matbierger ubidden. Bei allen Aktivitéiten ginn déi Sanitär Consignen agehalen. Hei d’Aktivitéiten, déi nach bis Enn des Joers geplangt sinn:

Schlittschong fueren / Escape Room / Funny Mountain (kloteren) / Filmowend / Karting

All weider Informatiounen an Detailer kritt Dir direkt am Jugendhaus.

 

 

 

Chantier: E besseren Accès fir jiddereen

Fir d’Entrée vun eiser Gemeng fir jiddereen besser zougänglech ze maachen gëtt eng Ramp virum Gebai bäigebaut. D’Aarbechten heifir hunn d’lescht Woch ugefaangen an daueren nach bis viraussiichtlech Juni 2021. Bis Mäerz 2021 fann Dir d’Entrée op der Récksäit vum Gebai. Méi Detailer zu de Projeten ronderëm d’Erneierung vun eiser Gemeng fann Dir am Newsmag 254.

 

Covid-19: Informatiounen un eis Bierger

Well d’Zuele vun de Covid-19 Patienten erëm klammen, huet d’Regierung verschidde Moossname festgehalen, déi bis den 31.12.2020 gëllen. Zousätzlech zu deene Moossnamen huet och d’Gemeng verschidde Mesurë festgehalen, fir der rasanter Verbreedung vum Virus entgéintzewierken.  Hei kann Dir all déi Moossnamen noliesen.

Covid-19: Informatiounen / Informations / Informationen / Informações

Projet: “Collectif au carre”

“ Collectif au carre” ass een interkulturellen an intergenerationelle Projet, deen d’Associatioun Mamie et Moi den 1. Oktober 2020 ugefaangen huet, mat der Ënnerstëtzung vum Familljeministère an an Zesummenaarbecht mat zwee Muséeën an der Stad.

De Projet besteet doraus eng XXL Kopie vum impressionisteschen Tableau “La petite histoire” vum lëtzebuergesche Moler Corneille Lentz, deen an der Villa Vauban ausgestallt ass, ze strécken.

Dës Reproduktioun wäert aus 5 op 5 cm klenge gestréckte Véierecker bestoen, déi vun den Awunner aus dem Grand-Duché vun doheem aus gemaach goufen. Eemol wéi e Puzzelstéck zesummegesat, weisen sie d’Bild op eng “aner” Manéier.

D’Schëfflenger CLUB HAUS BEIM KIOSK ass och mat dobäi. Wann Dir beim Projet matmaache wollt, da kenn Dir Iech bei hinne mellen.

Méi Informatioun iwwer de Projet fannt Dir op der Websäit  bei Mamie et Moi.

A Bléck op d’Campagne ‘Sk8ing girls extended’

Den 11. Oktober hunn mir di digitale Versioun vum Sk8ing girls extended lancéiert, vun där d’Schëfflenger Gemeng Partner ass. Mir publizéiere reegelméisseg flott Informatioun an Aktiounen op der Facebook– an der Instagramsäit vum Projet a ginn Iech op dëser Plaz geleeëntlech e klengen Abléck an dëse flotte Projet.

Haut wëlle mir Iech d’Sky Brown virstellen, hat ass déi jéngste professionell Skateboarderin weltwäit. Obwuel hat nach ganz jonk ass, huet hat schonn immens vill drop.

Loosst Iech verzaubere vun deenen akrobatesche Figuren a kuckt Iech dëse Vidéo un hei.

De Schoulbuet 2020/2021 ass do!

Mat der Schoulrentrée, kënnt och de Schoulbuet! Wärend d’Schoulkanner, hire Buet an de Schëfflenger Schoulen ausgedeelt kréien, kann natierlech och all aner Bierger dësen op d’Gemeng siche kommen oder via eisen Internetsite consultéieren.

Vill Spaass beim Liesen

De Schoulbuet 2020/2021

De Label “Man and the Biosphere” fir eis Südregioun

Am Kader vun hirem 32. internationale Conseil huet d’UNESCO den 28.Oktober 2020 der Kandidatur “Minett UNESCO Biosphere” vu PRO-SUD de Label “Man and the Biosphere” zougesprach. D’Gemeng Schëffleng ass houfreg Deel vun den 11 Südgemengen ze sinn, déi mat PRO-SUD des Kandidatur eragereecht hunn.

“Dësen UNESCO Label bitt eis eng eemoleg Chance fir eise Minett an all seng Gemengen. Op dësem Wee kënne mer nach besser eis Geschicht opschaffen an d’Mënschen fir dat sensibiliséieren wat de Grondsteen fir eise Wuelstand geluecht huet… d’Stolindustrie. Dëse Patrimoine, deen no esou ville Joren lues a lues vun der Natur zréckeruewert gëtt däerf trotzdeem net verluer goen.
Am Kader vun dësem Label wäerte esou nohaltege Projeten entwéckelt ginn, déi eng harmonesch Fusioun vun der Stolindustrie an der Natur duerstellen.” – Paul Weimerskirch

An dësem Kontext ass och eng nei flott Internetsäit an d’Liewe geruff ginn. Kuckt Aerch se roueg un… www.minett-biosphere.com

Hei fann Dir den offizielle Communiqué de presse, deen an dësem Kontext verschéckt gouf.

Communiqué de presse (FR)

Pressemitteilung (DE)