28.03.2022

Infoversammlung iwwert d’Lydie Schmit Schoul

Den 23. a 24. Mäerz 2022 huet de Schäfferot am Kader vum Dossier “Bildungslandschaft Schëffleng” d’Eltere vun de Kanner aus der Lydie Schmit Schoul op eng Informatiounsversammlung an den Hall Polyvalent invitéiert.

Op 5 Sproochen (LU, FR, EN, PT, BCMS) krute ronn 150 Leit, déi op zwee Owender verdeelt waren, Expikatiounen zum Ausbau vun der Schoul an zum temporären Transfer (Bus a Pedibus) an déi verschidde provisoresch Strukturen ab der Rentrée 2022/2023.

Méi Detailer an de genaue Busplang kréien d’Elteren nach mat Zäiten.

Hei fannt Dir nach eemol d’Presentatioun. Dee leschte Slide faasst déi wichtegst Punkten nach eemol zesummen.