21.03.2022

Internationalen Dag vum Bësch

LU

Am Kader vum internationalen Dag vum Bësch huet d’Gemeng Schëffleng op eng symbolesch Planzaktioun vun enger Weed op der Gemengeplaz invitéiert.

An den nächsten Deeg wäerten weider Beem geplanzt ginn. Dëst als Kompensatioun zu de Beem déi fir dat néit ënnerierdescht Parkhaus am Zentrum vu Schëffleng hu missten Plaz maachen. Och den Daach vum zukünftege Parking soll eng Gréng-Zone ginn.

Op dësem sonnegen Moien hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffe Albert Kalmes an hiren Rieden drun erënnert wéi wichteg et ass eis Natur ze schützen. Jidder Eenzele muss seng Verantwortung iwwerhuelen a mat dofir suergen, eis Ëmwelt ze schounen an domat en Deel dozou bäizedroen, datt eis Natur an Zukunft erhale bleift.

Dëst soll och e Symbol fir Fridden, Fräiheet a Gerechtegkeet, esou wéi fir d’Verdeedegung an d’Fërderung vun Demokratie, fir Gläichheet, fir sozialen a kulturelle Fortschrëtt, fir den Zesummenhalt a fir e Mateneen hei an eiser Gemeng, an eisem Land, an Europa … an der ganzer Welt!

FR

Dans le cadre de la journée internationale de la forêt, la Commune de Schifflange avait invité à une plantation symbolique d’un saule sur la place de la Liberté.

A noter que la commune plantera en tout six saules dans les jours à venir afin de compenser partiellement la coupe récente au parc tout en sachant que le toit du futur parking souterrain sera également reboisé.

En cette matinée ensoleillée, le bourgmestre Paul Weimerskirch ensemble avec l’échevin Albert Kalmes ont fait le point dans leurs discours sur l’importance de protéger notre nature. Chacun d’entre nous doit assumer sa responsabilité et veiller à protéger son environnement et ainsi participer à la préservation de notre nature à l’avenir.

Également symbole de paix, de liberté et de justice, pour la défense et la promotion de la démocratie, pour l’égalité, pour le progrès social et culturel, pour la cohésion et pour l’unité ici dans notre commune, dans notre pays, en Europe… et dans le monde !