Déi aktualiséiert Dokumenter fir d’Aschreiwung an d’Maison Relais 2022/2023 an déi ugepassten Tier vum PEDIBUS fannt Dir op eisem Site op der Säit vum Schoulservice.
Posts Categorized: Actualités
Fannt et eraus a maacht den interaktiven Test op www.superuser.lu
Déi aktuell Campagne “Wéi connected bass du?” vu BEE Secure an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse soll dem Notzer d’Méiglechkeet ginn emol iwwert den eegene Konsum vu Medien am Alldag nozedenken. Jidderee kritt zum Schluss vum Test eng Rei nëtzlech a praktesch Tipps mat op de Wee fir datt den Handy net d’Iwwerhand am Alldag hëlt.
Weider Informatiounen zu der Campagne fannt Dir hei.
Le 6 juillet, le 7Sóis Luso Med Esch Orkestra a suscité l’enthousiasme à Schifflange lors du festival Sete Sóis Sete Luas. En guise de surprise, la Chorale Sängerfreed a également joué et chanté trois chansons avec eux.
Plus d’impressions dans notre galerie !


Nodeems déi ursprénglech Première esou ewéi déi éischt Virstellunge vum Theaterstéck ‘Die Maschine steht still’ hu misste krankheetsbedéngt ofgesot ginn, konnten déi weider Virstellunge vergaange Woch awer ewéi geplangt stattfannen. Den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffe Carlo Lecuit hunn sech et net huele gelooss fir sech op der éischter Virféierung vergaangenen Donneschdeg vun dësem exzeptionelle Projet am Kader vun Esch2022 an d’Zukunft entféieren ze loossen. Vun der Gare zu Esch-Belval gouf et mam Space-Shuttle bis op de Site vum Pompelhaus zu Schëffleng, wou d’Zuschauer e Bléck an eng méiglech, maschinell gesteiert, Zukunft kruten.








Am Kader vun der Luxembourg Pride Week 2022 huet d’Schëfflenger Gemeng sech op e neits solidaresch gewisen an op de Gemengegebaier vum 1. bis den 10. Juli d’Reeboufändelen ausgehaangen. D’Gemeng Schëffleng bekennt sech awer net just wärend dëser enger Woch am Joer zum Thema. De Gemengerot huet decidéiert aus Schëffleng eng LGBTIQ+ (Lesbian, Gay, Bisexual, Transgendered, Intersexual or Queer) Freedom Zone ze maachen. Mat de neie Schëlter, déi Dir an den Entréeë vun der Gemeng esou ewéi am Zentrum, beim Jugendhaus fannt, weist d’Gemeng, dass Schëffleng eng verständnisvoll, tolerant a faarweg Stad ass. D’Schëlter goufe vergaangene Freiden am Kader vun enger klenger Zeremonie offiziell « devoiléiert ».
De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, an d’Sarah Colignon, Educatrice aus dem Schëfflenger Jugendhaus, hunn betount, ewéi wichteg dass et ass, dass Jonker e Raum hunn an deem een hinnen ouni Virurteeler begéint an an deem si sech kënne fräi entfalen an en oppent Ouer fannen.



Vergaangene Freide gouf den neie Ruff-Bus vun der Gemeng ageweit. Den neie Bus ass nach besser accessibel fir Mënsche mat enger Behënnerung an huet Plaz fir e Rollstull ze sécheren. De Service Ruff-Bus bleift och weiderhi gratis.
All weider Informatiounen zu den Horairen an der Méiglechkeet, de Bus ze buchen, fannt Dir hei.



Vous pouvez suivre la séance du Conseil communal du vendredi, 8 juillet 2022 à partir de 08.00 heures via ce lien.
- Séance à huis clos
- Affaires du personnel
- Séance publique
- Décision concernant la dénomination de l’ancien site sidérurgique Esch/Schifflange
- Décision concernant un droit de préemption
- Approbation de devis, d’un devis rectificatif et de devis supplémentaires
- Inscription de crédits
- Approbation d’actes notariés
- Mise en œuvre du PAP « Op de giele Géieren » : avenant à la convention et au projet d’exécution
- Approbation de conventions
- Allocation de subsides extraordinaires
- Constitution d’un Naturpaktteam
- Etablissement d’un règlement de la circulation
- Avenants au règlement général de la circulation
- Approbation d’un contrat de location
- Approbation du procès-verbal de la réunion du conseil communal en date du 03.06.2022
- Correspondance et informations
De 6. Juli war den Direkter vum Festival, Marco Abbondanza, mat sengem 7Sóis Luso Med Esch Orkestra zu Schëffleng op Besuch an hunn d’Leit wärend 75 Minutte mat enger ganz internationaler Musek begeeschtert. D’Konzept vun dësem Esch2022 Projet war et fir 6 Museker aus 6 verschiddene Länner, déi sech net kannt hunn beienee wunnen ze loosse wärend 2 Wochen. Sie sollten dann hier Stécker zesumme komponéieren a prouwen. D’Musek war hier gemeinsam Sprooch an d’Resultat léist sech weisen.
Als Iwwerraschung stoung dann och nach zum Schluss d’Chorale Sängerfreed vu Beetebuerg op der Bün an hunn dräi Lidder mat hinne zesummen gespillt a gesongen.
Méi Fotoen fannt Dir an eiser Billergalerie.



De 6. Juli hat d’Seniorekommissioun op hiert éischt Summerfest invitéiert. Bei herrlechem Wieder waren all Dëscher op der Gemengeplaz schnell besat a jiddereen , op Jonk oder manner Jonk huet sech et bei gudder Stëmmer schmaache gelooss. Nach bis an de spéiden Nomëtten ass vill gelaacht a vill gepotert ginn.




