Posts Categorized: Actualités

Kick-Off « Zukunftsdiplom » 2023

D’Schëfflenger Jugendhaus a Kollaboratioun mat der Schëfflenger Gemeng freeë sech Iech op de Kick-Off vum Zukunftsdiplom z’invitéieren.

Den Zukunftsdiplom ass e Bildungsprojet vum Schëfflenger Jugendhaus. Eng Zertifizéierung vu Kompetenzen, déi di Jonk a sozialen, kulturellen oder kreative Projete léieren a weiderentwéckelen.

De Kick-Off ass den offizielle Start vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 a fënnt de 24. Mäerz 2023 um 18h00 op der Gemengeplaz vu Schëffleng statt.

Méi Infoe fannt Dir hei.

Solidarity Concert – Hëlleft eis hëllefen

LU

Freides, de 17. Mäerz 2023 organiséiert d’Gemeng Schëffleng an Zesummenaarbecht mat diverse Partner e « Solidarity Concert » am Hall Polyvalent fir den Affer vun de schlëmmen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien ze hëllefen, hiert Liewen nees lues a lues opzebauen.

D’Diere ginn um 19:00 Auer op. Um Programm stinn: traditionellt Iessen, Gedrénks, Konschtwierker aus der Tierkei a Syrien, Tombola, eng Scheckiwwerreechung a Musek vun der HMS (Harmonie Municipale de Schifflange) zesumme mam professionelle Piano/Soprano-Duo « Kirtil-Verhelst ».

All d’Spenden, déi deen Owend erakommen, ginn op de Kont vun der Asbl « Schëffleng Hëlleft ». Kommt och Dir laanscht an hëlleft eis hëllefen!

Hei fannt Dir den offizielle Flyer vum Event.

 

FR

Vendredi, le 17 mars 2023, la Commune de Schifflange organise en collaboration avec e.a. l’Association Culturelle Turque au Luxembourg un concert de bienfaisance au Hall Polyvalent pour collecter des dons pour les victimes suite aux tremblements de terre en Turquie et en Syrie.

Les portes s’ouvriront vers 19:00 heures. Un programme diversifié vous attend : plats traditionnels, boissons, art, tombola, remise de chèque et musique de la HMS (Harmonie Municipale de Schifflange) ensemble avec le duo piano/soprano professionnel « Kirtil-Verhelst ».

Tous les dons collectés seront versés au compte de l’asbl « Schëffleng Hëlleft ». Venez et aidez-nous à aider !

Voici le dépliant officiel de l’événement.

 

EN

On Friday, 17th of March 2023, the Municipality of Schifflange in collaboration with the Turkish Cultural Association in Luxembourg is organizing a charity concert at the Hall Polyvalent to collect donations for the victims of the earthquakes in Turkey and Syria.

The doors will open around  19:00. A diverse programm awaits you: traditional food, drinks, art, tombola, cheque delivery and music by the HMS (Harmonie Municipale de Schifflange) together with the professional piano/soprano duo « Kirtil-Verhelst ».

All donations will go to the non-profit organization « Schëffleng Hëlleft ». Come and help us to help!

Here’s the official flyer of the event.

Internationale Fraendag zu Schëffleng

Am Kader vum internationale Fraendag ass d’Gemeng Schëffleng op en neits dem Opruff vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) nogaangen, deen d’Gemenge freet, fir Plazen, Strukturen a Stroossen no Fraen ze benennen. Mat der nationaler Campagne “Rues au féminin” sollen op dës Manéier Fraen an hirem Engagement siichtbar gemaach ginn.

An Zesummenhang mat den zwee Projeten “Affichons l’égalité” an “Who is she?”, alle béid Deel vun der Campagne, huet de Schäfferot den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, op d’Inauguratioun vun deenen zwee Projeten op d’Gemengeplaz invitéiert. An der Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schëfflenger Kommissiounen an de Familljemembere vun de geéierte Schëfflenger Damme gouf eent vun de provisoresche Schëlter symbolesch devoiléiert. Ewéi scho bei der Editioun 2021 wäerten och dëst Joer eng Rei Schëfflenger Stroosse bis Enn Mäerz symbolesch ëmbenannt ginn:

Offizielle Stroossenumm Provisoresche Stroossenumm
Avenue de Libération Avenue Marie-Thérèse Zerbato-Koenner Institutrice à l’école préscolaire de Schifflange de 1954-1984
Chemin de Bergem Chemin Lily Unden  Résistante lors de la Seconde Guerre mondiale, artiste peintre et écrivaine luxembourgeoise (1908-1989)
Cité Emile Mayrisch Cité Aline Mayrisch-de St. Hubert Féministe engagée, fondatrice de la première organisation de femmes au Luxembourg (1874-1947)
Cité Op Soltgen Cité Anne Beffort Enseignante, écrivaine et co-fondatrice du Lycée des Jeunes Filles (1880-1966)
Quartier Wendel Quartier Lou Koster Musicienne et compositrice luxembourgeoise (1889-1973)
Rue Albert Wingert Rue Astrid Lindgren Écrivaine suédoise, auteure d’ouvrages pour enfants (1907-2002)
Rue du Parc Rue Lory Koster Musicienne et nageuse, 6e aux 200 m brasse aux Jeux olympiques en 1924 (1902-1999)
Place de la Liberté Place Mahsa Amini  Étudiante iranienne, tuée pour avoir mal porté son voile (1999-2022)

 

Am Kader vum Projet « Who is she ? » wäerten déi Plazen, Gebaier a Stroossen, déi hei zu Schëffleng offiziell no Frae benannt sinn, dauerhaft eng Plack mat engem QR-Code kréien. Wann Dir dee scannt, kritt Dir eng Biografie vun der jeeweileger Damm ugewisen, déi um Site www.rues-au-feminin.lu op dräi Sproochen nozeliese sinn:

Place Grande-Duchesse Charlotte Grande-Duchesse

Symbole de la cohésion nationale

Parc Léonie Koullen Sage-femme, propriétaire de la maternité privée Koullen à Schifflange
Rue Florence Nightingale Infirmière pionnière

Fondatrice du Collège médical des femmes en 1869, ensemble avec Elizabeth Blackwell

Ecole Lydie Schmit Femme politique luxembourgeoise

Présidente du parti ouvrier luxembourgeois, présidente de la « Sozialistische Fraueninternationale », militante pour les droits des femmes

Ecole Nelly Stein Femme politique luxembourgeoise, professeure

Bourgmestre de Schifflange, membre de la Chambre des Député·es

No der Ënthüllung vum Schëld op der Gemengeplaz gouf op en Empfang an d’Galerie “Schëfflenger Konschthaus” invitéiert. Hei sinn den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Madamm Monique Stein, Responsabel vum Service « Politique communale d’égalité entre Femmes et Hommes » vum CNFL, op d’Wichtegkeet vum internationale Fraendag agaangen an hunn d’Campagne mat den zwee Projete virgestallt. De President vun der Chancëgläichheetskommissioun Carlo Lecuit an d’Conseillère Idette Cattivelli hunn an hire Riede weider Aspekter vun der Fra an der fréierer an haiteger Gesellschaft beliicht. An engem Zesummeschnëtt vun dräi Videoen huet d’Gemeng am Kader vum Fraendag an en vue vun de Gemengewalen déi dräi aktuell Conseillèren zu hirer Aarbecht am Gemengerot befrot. D’Kënschtlerin Iva Mrazkova, déi déi aktuell Ausstellung « Études sur le Temps Présent » ebenfalls an de Kader vum Fraendag gesat huet, huet den Invitéeë sur place an Abléck an hir Wierker ginn. Speziell fir d’Inauguratioun hat si zwee Portraite vun Fraen, der Madamm Marie-Thérèse Zerbato-Koenner (fréier Léierin zu Schëffleng) an der kierzlech verstuerwener Lëtzebuerger Lyrikerin Anise Koltz. D’Ausstellung kënnt Dir nach bis den 1. Abrëll besichtegen.

Am Virfeld, de 25. Februar, hat d’Schëfflenger Gemeng, och am Kader vun dësem wichtegen Dag, op en Jazz-Concert vum “Veda Bartringer Quartet” an d’Salle Grand-Duc Jean an der Gemeng invitéiert.

Den Detail zu de Projete am Kader vun der Campagne « Rues au féminin » fannt Dir am Pressedossier vum CNFL.

Weider Aktiounen am Kader vum Weltfraendag op nationalem Plang fannt Dir hei.

Hei e puer Impressioune vum Owend a weider Fotoe fannt Dir an eiser Galerie.

De nouveaux multiplicateurs formés

Le 28 février , la Commune de Schifflange et le CEFIS ont offert une formation de multiplicateurs et multiplicatrices pour les membres des associations locales au sein de l’Hôtel de Ville.

Merci à tous les participants pour l’intérêt.

 

Cette formation a eu pour objectif d’impliquer des citoyens dans la campagne de sensibilisation à l’inscription sur les listes électorales afin d’informer et de sensibiliser les personnes de leur famille, de leur entourage ou de leur communauté à s’inscrire sur les listes électorales et à voter aux élections communales.

Les questions suivantes ont été abordées :

Qui peut s’inscrire sur les listes électorales et sous quelles conditions ?

Comment peut-on s’inscrire et dans quels délais ?

Quelles sont les compétences et les responsabilités des communes ?

Pourquoi est-il important de voter au niveau communal ?

Quelles sont les différentes possibilités de remplir son bulletin de vote au Luxembourg ?

 

RAPPEL :

Les prochaines élections communales se dérouleront le 11 juin 2023.

Tous les résidents étrangers de plus de 18 ans (sans condition de durée de résidence) peuvent s’inscrire jusqu’au 17 avril 2023.

 

Fit fir d’Fréijoer!

LU
De Wanter ass bal eriwwer an et ass erëm Zäit, de Gaart ze raumen an ze botzen. Dofir sinn d’Gäertner vun der Gemeng Schëffleng déi nächst Deeg am Asaz fir eis Gemeng op d’Fréijoer virzebereeden an e bëssen ze verschéineren.

Merci un eis Equipe mam gréngen Daum!

FR
La saison estivale est presque terminée et il est à nouveau temps de ranger et d’entretenir le jardin. C’est pourquoi les jardiniers de la Commune de Schifflange seront sur le terrain ces prochains jours pour préparer notre commune au printemps et l’embellir un peu.

Merci à notre équipe à la main verte !

 

 

Expo Iva Mrazkova

L’association « Schëfflenger Konschthaus » est fière de présenter les magnifiques œuvres de l’artiste Iva Mrazkova. L’exposition « Études sur le Temps Présent  » se tient du 04 mars au 01 avril 2023.

 

Nos heures d’ouvertures sont du mercredi au dimanche de 14h à 18h.

Flyer de l’exposition.

Postes vacants

La Commune de Schifflange se propose d’engager à plein temps et à durée indéterminée pour son Service des travaux neufs et de l’infrastructure les postes suivants:

  • Expéditionnaire technique avec diplôme de technicien (m/f)
  • 2 agents municipaux (m/f)

Concert – Veda Bartringer Quartet

LU

De Schäfferot huet de 25. Februar 2023 op de Concert vu Veda Bartringer Quartet an d’Gemeng invitéiert. D’Veda huet d’Visiteure mat op eng Rees a säi musikaleschen Universum geholl, deen op moderne Jazz mat Aflëss aus der klassescher Musek, Fusion-Jazz an indescher Musek baséiert.

De Concert war gratis an all Don ass der Asbl Schëffleng Hëlleft zu gutt komm.

E grousse Merci un de Veda Bartringer Quartet fir dëse flotten Owend, deen am Virfeld vum Weltfraendag den 8. Mäerz stattfonnt huet.

 

FR

Le Collège échevinal a eu le plaisir d’inviter au concert du «Veda Bartringer Quartet » le 25 février 2023 à l’Hôtel de Ville. Veda a transporté les spectateurs dans son univers sonore basés sur le jazz moderne avec des touches de musique classique, jazz fusion et musique indienne.

Les recettes de la soirée a été versée intégralement au profit de l’association « Schëffleng Hëlleft ».

Un grand merci à Veda Bartringer Quartet pour cette performance ensorcelante.

 

 

E gelongene Bamschnëttcours

Am 25.2.2023 fand der 2. Baumschnittkurs von „Gaart&Heem“  in Zusammenarbeit mit der lokalen Umweltkommission auf der Obstwiese bei den Gemeindeateliers statt.

Herr Marbes von CTF erklärte den recht zahlreich erschienenen Anwesenden anschaulich und praxisnah an 5 verschiedenen Obstbäumen, was beim Schnitt der verschiedenen Obstbäume zu beachten ist und wie man diese am besten schneidet. Die Praxisnähe wurde auch dadurch vermittelt, dass die Teilnehmer selbst Hand anlegen konnten.

Zum Abschluss konnte jeder Teilnehmer in gemütlicher Runde dem Fachmann seine Fragen stellen.

AMCIS-VIDEO

 

Grouss Kleedersammlung / Ramassage de vieux vêtements

Wéi all Joer organiséiert d’Asbl „Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés de Luxembourg“  urschtert ganz Land hir grouss Kleedersammlung.

Zu Schëffleng ass dës Kollekt

Mëttwochs, den 08.03.2023 vun 08.00 Auer mueres un

Opgepasst: wann ech gelift net schonn owes är Tut eraussetzen!

All Zort vu Gezei gëtt gebraucht an all Kleeder ginn erëm verwäert

MERCI am Viraus fir Är Hëllef

—————————————————————————————

Chaque année, l’asbl „Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés de Luxembourg“ organisera à travers tout le pays l’action

 « Ramassage de vieux vêtements »

Dans notre commune, la collecte aura lieu

mercredi, le 08.03.2023 à partir de 08.00 heures

Attention: prière de ne pas sortir les sacs la veille!

L’asbl a besoin des textiles de tous genres et tous les vêtements seront réutilisés

MERCI d’avance de votre aide