24.04.2024

Soirée d’information avec BEE SECURE

FR

Internet est un sujet majeur de notre époque, et il est crucial d’éveiller la conscience sur ses dangers. C’est dans cette optique que le collège échevinal et le conseil communal de Schifflange ont convié, le 19 avril, à la Salle Grand-Duc Jean de l’Hôtel de Ville. En partenariat avec la commission des Jeunes de Schifflange et BEE SECURE, la Commune de Schifflange a organisé une soirée dédiée à la sensibilisation des parents aux risques d’Internet. Daniel Silva de BEE SECURE a abordé les multiples dangers et défis auxquels les parents sont confrontés en ligne. L’importance des jeux en ligne a également été soulignée, notamment lors de l’événement « Gaming Day » qui se déroulait le lendemain, 20 avril, à Schifflange. Il est primordial de demeurer au fait des évolutions et des activités en ligne. Ainsi, l’engagement des parents dans ce domaine et leur volonté de s’informer sont des signes encourageants.

 

LU

Den Internet ass dat grousst Thema vun eiser Zäit an sou ass et wichteg op d’Gefore vun dësem opmierksam ze maachen. An deem Sënn huet de Schäffen- a Gemengerot vu Schëffleng den 19. Abrëll an d‘Salle Grand-Duc Jean an d’Gemeng invitéiert. An Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun a BEE SECURE huet d’Gemeng Schëffleng en Elterenowend organiséiert bei dem de Fokus op der Sensibiliséierung an de Geforen vum Internet loung. Den Daniel Silva vu BEE SECURE huet op di ënnerschiddlech Erausfuerderungen déi als Elteren am Kontext vum Internet op een duer kommen, opmierksam gemaach. Och d‘Thema vum Onlinegaming ass hei net vergiess ginn. Dëst besonnesch och en Vue vum Gaming Day deen  den 20. Abrëll am Hall Polyvalent stattfonnt huet. Et ass a bléift wichteg sech an der haiteger Zäit mat der Thematik Internet auserneen ze setzen an et war  flott ze gesinn dass d’Elteren de Wee an d’Gemeng fonnt hunn an sech weider informéiere wollten.