Posts By: schifflange101

Débardage de bois à l’aide du cheval

An der Woch vum 25. Mäerz 2019 kënnen d’Klassen aus der Lydie Schmit Schoul an de Bësch tëschent der « rue de la Forêt » an dem Schéissstand goen an nokucken, wéi d’Holz mat Hëllef vum Max a Moritz, deenen zwee Schaffpäerd vun Uespelt, rausgeschleeft gëtt.

Well d’Kanner sou vill interessant Froe gestallt hunn, kënne si iech elo alles iwwert dës ëmweltbewosst Technik erzielen.

Hei e puer Andréck vum Cycle 3.2. (25.03.2019 nomëttes):

          

Grouss Fréijoersbotz

Am Samstag, den 23. März hatte die lokale Umweltkommission zur alljährlichen „Grouss Fréijoersbotz“ aufgerufen.

Rund 80 fleißige Helfer hatten sich angemeldet um tatkräftig mit anzupacken und somit erstrahlt unsere Gemeinde pünktlich zum Frühlingsanfang im neuen Glanz.

Bevor die Teilnehmer, in sechs Gruppen aufgeteilt, sich auf den Weg machten  um die Straßen, Fahrradwege und Waldwege vom Abfall zu befreien, richtete der Bürgermeister Paul Weimerskirch einige Grußworte an alle und Manfred Greger, Präsident der Umweltkommission richtete lobende Worte an alle Teilnehmer.

Nach getaner Arbeit, gegen Mittag, trafen alle Freiwilligen zum gemeinsamen Mittagessen in den Gemeindewerkstätten ein, wo ihnen einen selbstzubereiteten „Ierbsebulli“ serviert wurde.

                                

Vacance de poste

L’Administration Communale de Schifflange se propose d’engager, pour son service RECETTE COMMUNALE, un fonctionnaire à plein temps et à durée indéterminée dans la carrière du

rédacteur (m/f)

(groupe de traitement B1, sous-groupe administratif)

Sont admis(es) à concourir pour le poste en question, les candidats ayant une nomination définitive dans la carrière visée, une expérience professionnelle au sein d’un département financier ou d’une recette communale constituant un avantage.

 

Pièces à joindre à la demande:

  • Un extrait de l’acte de naissance récent (à se procurer à l’administration communale de votre lieu de naissance);
  • Une copie de la carte d’identité nationale ou du passeport en cours de validité;
  • Un extrait récent du casier judiciaire;
  • Copies des certificats et diplômes d’études et de formation requis;
  • Une lettre de motivation avec exposition de l’expérience professionnelle demandée ;
  • Un curriculum vitae détaillé avec photo récente;
  • Une copie de la nomination définitive auprès de votre administration dans la carrière du rédacteur ;

Pour tout renseignement, vous êtes prié(e)s de vous adresser au receveur communal, Monsieur Camille Weiland (tél : 54 50 61 – 208)

Les demandes munies de toutes les pièces requises sont à adresser au Collège des Bourgmestre et Echevins, B.P. 11, L-3801 SCHIFFLANGE pour le 10 avril 2019 au plus tard.

Le Collège des Bourgmestre et Echevins

Paul WEIMERSKIRCH, Bourgmestre

Albert KALMES, Marc SPAUTZ et Carlo LECUIT, Echevins.

Avis aux citoyens: débardage à l’aide du cheval

Matdeelung un d’Bierger:

D’Gemeng Schëffleng informéiert, datt an der Woch vum 25. Mäerz eng Rei Holzaarbechten am Bësch wäerten ofgehale ginn.

Et kommen ë.a. och Schoulklasse kucken, wa mam Päerd geschafft gëtt.

Passt w.e.g. gutt op, wann Dir do ënnnerwee sidd!

Merci am Viraus!

Sensi-Days zu Schëffleng

D’Sensi-Days fir 14 Klassen am Cycle 3 waren dëst Joer nees e volle Succès!

An 3 Atelierë konnten d’Kanner aus deenen 3 Schëfflenger Schoulen (Nelly Stein, Albert Wingert, Lydie Schmit) sech an d’Haut vu Mënsche mat Behënnnerung eraversetzen.

Déi verschidden Beräicher :

05.03./07.03./12.03./14.03. : Malvoyant

05.03./07.03./14.03. : Malentendant

21.03. : Luxrollers

Dës Initiative soll de Kanner d’Beréierungsängscht huelen a si fir d’Thema Behënnerung sensibiliséieren.

  

Roud chinesesch Ouschtereeër fir den Télévie

Vum 1. Abrëll bis den 27. Abrëll 2019 kritt Dir rout Ouschtereeër an all den Chineseschen Restaurant’en zu Schëffleng offréiert. Verpaakt an enger ökologescher Tut, mat der Erklärung wéi eng Bedeitung « rout Eeër » an der Chinesescher Kultur hunn. Alliance des Chinois huet déi Eeër un Restaurant verkaf an den Erléiss geet integral un den Télévie.

Remise d’un chèque fleuri

De 14. Mäerz 2019 hunn d’Bea an d’Edith vun « De Fleurs en Fleurs » vu Schëffleng dem Comité vum Télévie an och der Gemeng Schëffleng e grousse Cadeau iwwerreescht.

Si wollte mat enger riseger Corbeille a wonnerschéine Blumme MERCI soen, datt d’Gemeng Schëffleng hinnen de Weekend vum 23. op de 25. November 2018 d’Scheier fir hir Chrëschtdagausstellung zur Verfügung gestallt huet. Dat alleng geet awer net duer: de Blummebuttik mécht och en Don vun 2000 Euro un den Télévie Zenter vun der Gemeng.

E blummege Merci dofir!

  

Kichendicherverkaf

Bei der Fondatioun Kräizbierg gi Kichendicher gedréckt.

All Kand aus dem C1 vun der Lydie Schmit Schoul vu Schëffleng, moolt e Männchen an all dës Männercher ginn duerno op en Duch gedréckt.

An der Woch vum 01.04.2019 bis den 05.04.2019 ginn d’Kichendicher fir de Präis vun 10 € un d’Elteren an d’Enseignantë verkaf.

Den Erléiss vun dëser flotter Aktioun geet un den Télévie.

Schweesse fir de gudden Zweck

D’Personal vun der Piscine Sauna vu Schëffleng invitéieren Iech vum 13.03.2019 bis den 30.03.2019 op Kuch, Taart a Burek, déi Dir bei hinnen ze kafe kritt.

Nom Schweessen an der Sauna kënnt Dir Iech den Dessert gutt schmaache loossen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun geet un den Télévie.

Dir kënnt awer och, pro Opgoss beim Saunagang, eng kleng Spent maachen, déi dann integral un den Télévie iwwerwise gëtt.

Myenergy at home

Ihr Haus nachhaltig dämmen und weniger heizen! Buchen Sie Ihre Grundberatung bei Ihnen zuhause.

Aktionswoche: 18. bis den 22. März. Mehr Infos unter myenergy.lu

Isoler durablement et chauffer sa maison ! Sur demande, un conseiller myenergy se rend à votre domicile.

Action myenergy at home: du 18 au 22 mars. Plus d’infos sur myenergy.lu