25.03.2019

Débardage de bois à l’aide du cheval

An der Woch vum 25. Mäerz 2019 kënnen d’Klassen aus der Lydie Schmit Schoul an de Bësch tëschent der « rue de la Forêt » an dem Schéissstand goen an nokucken, wéi d’Holz mat Hëllef vum Max a Moritz, deenen zwee Schaffpäerd vun Uespelt, rausgeschleeft gëtt.

Well d’Kanner sou vill interessant Froe gestallt hunn, kënne si iech elo alles iwwert dës ëmweltbewosst Technik erzielen.

Hei e puer Andréck vum Cycle 3.2. (25.03.2019 nomëttes):