19.03.2019

Remise d’un chèque fleuri

De 14. Mäerz 2019 hunn d’Bea an d’Edith vun « De Fleurs en Fleurs » vu Schëffleng dem Comité vum Télévie an och der Gemeng Schëffleng e grousse Cadeau iwwerreescht.

Si wollte mat enger riseger Corbeille a wonnerschéine Blumme MERCI soen, datt d’Gemeng Schëffleng hinnen de Weekend vum 23. op de 25. November 2018 d’Scheier fir hir Chrëschtdagausstellung zur Verfügung gestallt huet. Dat alleng geet awer net duer: de Blummebuttik mécht och en Don vun 2000 Euro un den Télévie Zenter vun der Gemeng.

E blummege Merci dofir!