D’Fairtrade Team vu Schëffleng verkeeft reegelméisseg faire Kaffi. Kommt och Dir eise personaliséierte Schëfflenger Kaffi an den Accueil vun der Gemeng sichen!
FR
Notre commune soutient le commerce équitable !
En janvier 2022, la Fairtrade Coffee School a été lancée pour aider les producteurs à prendre pied sur le marché mondial.
D’Gemeng Schëffleng offréiert och 2022 nees, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Formatioun Animateur A. Mat dëser Formatioun kanns du spéider als Animateur un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsablen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun riicht sech un all interesséierte Jonken am Alter tëschent 15 a 26 Joer, fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt a kascht 55€.
Weider Informatiounen zur Formatioun an der Umeldung fannt Dir an eisem Youthmag.
LU
D’Gemeng Schëffleng sammelt den 10. 11. an 12. Januar 2022 déi al Chrëschtbeemercher an. Wann Ären ale Beemche soll entsuergt ginn, da stellt e w.e.g. mueres viru 6.00 Auer op den Trottoir vun Ärem Haus oder Ärer Residence. De Beemche muss allerdéngs “propper” sinn, dat heescht en däerf net gesprayt sinn an et däerf keng Dekoratioun méi drun sinn.
Merci!
FR
La Commune de Schifflagne organise le ramassage des sapins de Noël le 10, 11 et 12 janvier 2022. Si vous souhaitez faire enlever votre sapin, placez-le sur le trottoir de votre propriété avant 6 heures du matin. Les sapins doivent être « propres », c’est-à-dire pas teints au spray et sans décoration.
Jo, et ass nees esou wäit. Mir soen Äddi 2021 a begréisse voller Freed an Hoffnung dat neit Joer 2022. Et ass och de Moment fir e Bléck zréck op 2021 ze werfen. E Joer, wat eis nees villes ofverlaangt huet.
Fir 2022 wënschen ech Iech all Guddes, Gléck a Gesondheet. Jo, virun allem Gesondheet, well dat ass d’Basis fir e glécklecht an zefriddent Liewen.
Am Mëttelpunkt vum neie Joer steet ouni Zweifel d’Kulturhaapstad Esch 2022, wou och eis Gemeng involvéiert ass, déi e flotte Programm fir Frëndschaft a fir Mateneen op d’Been gestallt huet. Den Eurofestival Enn Juli soll een Zeeche vun europäescher Solidaritéit tëschent de Natiounen a Kulturen duerstellen. D’Zesummeliewen tëschent de Mënsche geléngt eis, wa mir alleguer bereet si mat Modestie, Toleranz a Versteesdemech nei Brécken ze bauen.
Jo, dat ass eis Aufgab an eis Flicht beim Opbau vun enger Welt vu Gerechtegkeet a Wuelstand. An et ass ni ze spéit domadder unzefänken, fräi nom Motto vum Dag Hammarskjöld, fréieren UNO Generalsekretär: « Hal ni op unzefänken, a fänk ni un opzehalen am Beméien ëm eng besser Welt ».
Den neien Offallkalenner ass do! Dir kënnt Iech dësen elo schonns hei online ukucken an fannt e geschwënn an Ärer Boite!
Net nëmmen e Kalenner, mee och en ökologesche Guide an dem Dir praktesch Informatiounen a Rotschléi iwwer Offallreduktioun a Kompostéierung noliese kënnt.
FR
Le nouveau calendrier des déchets est arrivé! La version digitale peut être consultée ici et sera bientôt distribuée dans votre boîte aux lettres.
A la fois guide éco-responsable et calendrier, vous y trouvez des informations et conseils pratiques en matière de réduction des déchets et de compostage.
Impfen ass wichteg! D’Gemeng Schëffleng ënnerstëtzt d’Impfkampagne vun der Regierung a mécht nach eemol en Appell un all Awunner fir solidaresch an en Deel vun der Léisung ze sinn. An deem Sënn informéiert de Schäfferot Iech, datt all Schëfflenger gratis vum „Ruffbus“ profitéiere kann fir sech an den Impfzenter op Esch/Belval féieren ze loossen.
Le vaccin est important ! La Commune de Schifflange soutient la campagne de vaccination du Gouvernement et fait un appel à ses citoyens afin de contribuer à la solution. Dans cet esprit, le Collège échevinal vous informe que vous pouvez à nouveau profiter du service « Ruffbus » pour vos trajets vers le centre de vaccination à Esch/Belval.