09.02.2022

Kuck a Klick – Sécherheetsdeeg

Et ass déi 5. Kéier wou d’Schëfflenger Gemeng zesumme mam Centre de Formation pour conducteurs de Kuck a Klick organiséiert.
D’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 hu gutt opgepasst wéi d’Madamm Dammé an den Här Meder hinnen d’Welt vum Stroosseverkéier, duerch flott Aktivitéiten a Spiller, méi no bruecht hunn. Insgesamt wäerten wärend deenen 3 Deeg, 8 Klassen an 112 Kanner aus 3 verschiddene Schoulen (Nelly Stein, Lydie Schmit an Albert Wingert) um Event deelhuelen.
Zil ass et fir d’Kanner op d’Geforen vum Stroosseverkéier opmierksam ze maachen, an dëst net nëmmen aus der Siicht vum Foussgänger , mee och als Bäifuerer am Auto.

Den 7. Februar 2022 huet de Schäfferot zesumme mat de Memberen aus dem Gemengerot de ville Leit déi un dësem Projet bedeelegt ware Merci gesot a sech e Bild vun dem flotte Parcours gemaach deen opgestallt ginn ass fir Situatiounen am Verkéier nozestellen.