22.12.2022

E Präis fir d’Gemeng am Kader vun der Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra

Op Invitatioun vun der Madamm Ministesch fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding, huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat 7 aner Gemengen den 21. Dezember e « Prix pour la meilleure pratique communale d’égalité » entgéint geholl. Dëse Präis zeechent all déi Gemengen aus, déi sech besonnesch fir e bessert Zesummeliewen tëscht Fraen a Männer op hirem Territoire agesat hunn, andeems si eng oder méi Aktivitéite realiséiert hunn, déi d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer promouvéiert. Fir d’Schëfflenger Gemeng waren nieft dem Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit (och mat der zweeter Kap vum President vun der Chancëgläichheetskommissioun) och d’Gemengesecrétaire Mandy Manternach, d’Conseillèren Isabelle Solagna-Van Goidsenoven an Idette Cattivelli esou ewéi d’Cinzia Prometti als Vertriederin vun der Chancëgläichheetskommissioun op der Iwwerreechung vertrueden.

An de leschte Joren huet d’Schëfflenger Gemeng ëmmer nees Eventer organiséiert an u Sensibilisatiounscampagnen am Kader vun der Gläichstellung tëschent Mann, Fra an den Definitiounen, déi dertëschent leien, deelgeholl. Am Joer 2022 waren dëst beispillsweis:

Table Ronde « Haislech Gewalt – de Wee eraus » am Kader vun der nationaler Orange Week, Campagne vum CNFL géint Gewalt géint Meedercher a Fraen
Porte ouverte en vue vun de Gemengewalen 2023 an am Kader vun der Campagne „Egalitéit liewen!“  vum Chancëgläichheetsministär
– Projet Sk8ing Girls, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch
– Ernennung vun der Gemeng Schëffleng zur LGBTIQ+ Freedom Zone am Kader vun der Pride Week
– Participatioun um Idahobit Day an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
Liesung am Kader vum internationale Fraendag

 

Méi Infoen iwwert d’Präisiwwerreechung fannt Dir hei.