8.03.2025 – Internationale Fraendag – rues au féminin

LU

Haut, um 8. Mäerz feiere mir den internationale Weltfraendag, een Dag, un deem mir all zesumme géint Diskriminéierung a Gewalt a fir méi Respekt a Rechter kämpfen, besonnesch an der Politik, am Beruffsliewen an och Doheem wou d’Ongläichheeten nach oft präsent sinn.

Dëst Joer hat d’Gemeng Schëffleng d’Freed zesumme mat dem Schëfflenger Konschthaus op en aussergewéinlecht Event z’invitéieren: Un voyage artistique au féminin. D’Expositioun, d’Atelieren an d’Virféierunge vun de Kënschtler·innen Nadine CloosDanielle HoffeltAgna de CarvalhoMia KinschInfiiorataSayoko Onishi a vum Emmanuel Fleitz, hunn d’Kraaft an d’Widderstandsfäegkeet vun de Fraen duerch Konscht beliicht. Et war e Moment vu Reflexioun, Inspiratioun an Zesummenhalt.

Als Gemeng, déi sech fir Gläichstellung an Diversitéit asetzt, huet Schëffleng och dëst Joer nees um Projet « rues au féminin » deelgeholl, eng Initiativ vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) déi eis Stroossen an e liewegen Hommage u bemierkenswäert Frae vun haut an aus der Geschicht verwandelt. De ganze Mount Mäerz iwwer kënnt Dir nei Stroosseschëlder entdecken, mat Nimm vu Fraen, déi hir Zäit duerch Daperkeet, Intellekt oder Leedung definéiert hunn.

Zesumme maache mir eis staark fir eng gerecht a fair Welt.

 

FR

Aujourd’hui, 8 mars, c’est la Journée internationale des femmes. Cette journée met en évidence les femmes et leurs luttes contre les discriminations et les violences, leur quête de respect et de droits, dans tous les domaines : dans la politique, la vie professionnelle et à la maison, où les inégalités sont encore souvent présentes.

Cette année, la Commune de Schifflange a eu le plaisir de présenter, et ce, en collaboration avec le Schëfflenger Konschthaus un événement hors du commun : un voyage artistique au féminin. L’exposition et les performances des artistes Nadine CloosDanielle HoffeltAgna de CarvalhoMia KinschInfiiorataSayoko Onishi et Emmanuel Fleitz ont mis en lumière la force et la résilience des femmes à travers l’art. Ce fut un moment de réflexion, d’inspiration et de convivialité.

En tant que commune engagée en faveur de l’égalité des genres, Schifflange a de nouveau participé cette année au projet « rues au féminin », une initiative du Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL) qui transforme nos rues en hommage aux femmes remarquables d’aujourd’hui et de l’histoire. Tout au long du mois de mars, vous pourrez donc découvrir de nouveaux panneaux de rue portant les noms de femmes qui ont défini leur époque par leur bravoure, leur intelligence ou leur leadership.

Ensemble, défendons un monde juste et équitable.

DE

Heute, am 8. März, feiern wir den Internationale Frauentag –  einen Tag, der die Frauen und ihre Kämpfe gegen Diskriminierung und Gewalt hervorhebt, ihr Streben nach Respekt und gleichen Rechten, sei es in der Politik, im Berufsleben oder zu Hause, wo Ungleichheiten noch immer bestehen.

In diesem Jahr hatte die Gemeinde Schifflingen in Zusammenarbeit mit dem Schëfflenger Konschthaus die Ehre, eine außergewöhnliche Veranstaltung zu präsentieren: Einen künstlerischen Rundgang, der Frauen und ihre Geschichten in den Mittelpunkt stellte. Die Ausstellung und die Aufführungen der Künstler.innen Nadine CloosDanielle HoffeltAgna de CarvalhoMia KinschInfiiorataSayoko Onishi und Emmanuel Fleitz machten die Stärke und Resilienz von Frauen auf eindrucksvolle Weise sichtbar. Es war ein Moment der Reflexion, Inspiration und Geselligkeit.

Als Gemeinde, die sich aktiv für Gleichstellung einsetzt, beteiligte sich Schifflingen auch in diesem Jahr am Projekt „rues au féminin“, einer Initiative des Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), die unsere Straßen in ein Denkmal für bemerkenswerte Frauen von heute und aus der Geschichte verwandelt. Im Laufe des Monats März werden neue Straßenschilder enthüllt, die an Frauen erinnern, die durch ihren Mut, ihre Intelligenz und ihre Führungsstärke Geschichte geschrieben haben.

Gemeinsam setzen wir uns für eine gerechte und faire Welt ein.

 

Orange Week – Movie Day!

#lëtzsaynotoviolence #OrangeWeek

 

FR

La Commune de Schifflange dit NON à la violence à l’égard des filles et des femmes et soutient de nouveau l’« Orange Week », une initiative de l’ONU (Organisation des Nations Unies) visant à sensibiliser le grand public à toutes formes de violence toujours existantes au plan mondial dans ce contexte.

Dans le cadre de cette campagne importante, la commune organisera une journée de sensibilisation « cinéma », le samedi 16 décembre à la Salle GD Jean (Hôtel de Ville).

Le programme de toutes les actions organisées au plan national est publié sur le site du Conseil National des Femmes du Luxembourg : cnfl.lu

Si vous êtes victime, témoin ou auteur de violence, n’hésitez pas à vous informer sur les différentes aides disponibles : violence.lu

 

LU

D’Gemeng Schëffleng seet NEE zur Gewalt géint Fraen a Meedercher an ënnerstëtzt op en neits d’Orange Week, eng Initiativ vun der UNO (United nations organization), déi als Zil huet, d’Ëffentlechkeet op all Zort Gewalt, déi et an dësem Kontext weltwäit gëtt, opmierksam ze maachen.

Am Kader vun dëser wichteger Campagne organiséiert d’Gemeng e Kinodag mat Filmer, déi zum Thema sensibiliséieren: samschdes, de 16. Dezember an der Salle GD Jean am Gemengenhaus.

De Programm vun allen Aktiounen, déi um nationale Plang fir d’Orange Week organiséiert ginn, fannt Dir um Site vum Conseil National des Femmes du Luxembourg cnfl.lu

Wann Dir selwer Affer, Zeien oder Täter vu Gewalt sidd, da kënnt Dir Iech um Site violence.lu iwwert déi verschidde Méiglechkeeten informéieren, wéi Dir Iech Hëllef kënnt sichen.

 

 

 

Internationale Fraendag zu Schëffleng

Am Kader vum internationale Fraendag ass d’Gemeng Schëffleng op en neits dem Opruff vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) nogaangen, deen d’Gemenge freet, fir Plazen, Strukturen a Stroossen no Fraen ze benennen. Mat der nationaler Campagne “Rues au féminin” sollen op dës Manéier Fraen an hirem Engagement siichtbar gemaach ginn.

An Zesummenhang mat den zwee Projeten “Affichons l’égalité” an “Who is she?”, alle béid Deel vun der Campagne, huet de Schäfferot den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, op d’Inauguratioun vun deenen zwee Projeten op d’Gemengeplaz invitéiert. An der Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schëfflenger Kommissiounen an de Familljemembere vun de geéierte Schëfflenger Damme gouf eent vun de provisoresche Schëlter symbolesch devoiléiert. Ewéi scho bei der Editioun 2021 wäerten och dëst Joer eng Rei Schëfflenger Stroosse bis Enn Mäerz symbolesch ëmbenannt ginn:

Offizielle Stroossenumm Provisoresche Stroossenumm
Avenue de Libération Avenue Marie-Thérèse Zerbato-Koenner Institutrice à l’école préscolaire de Schifflange de 1954-1984
Chemin de Bergem Chemin Lily Unden  Résistante lors de la Seconde Guerre mondiale, artiste peintre et écrivaine luxembourgeoise (1908-1989)
Cité Emile Mayrisch Cité Aline Mayrisch-de St. Hubert Féministe engagée, fondatrice de la première organisation de femmes au Luxembourg (1874-1947)
Cité Op Soltgen Cité Anne Beffort Enseignante, écrivaine et co-fondatrice du Lycée des Jeunes Filles (1880-1966)
Quartier Wendel Quartier Lou Koster Musicienne et compositrice luxembourgeoise (1889-1973)
Rue Albert Wingert Rue Astrid Lindgren Écrivaine suédoise, auteure d’ouvrages pour enfants (1907-2002)
Rue du Parc Rue Lory Koster Musicienne et nageuse, 6e aux 200 m brasse aux Jeux olympiques en 1924 (1902-1999)
Place de la Liberté Place Mahsa Amini  Étudiante iranienne, tuée pour avoir mal porté son voile (1999-2022)

 

Am Kader vum Projet « Who is she ? » wäerten déi Plazen, Gebaier a Stroossen, déi hei zu Schëffleng offiziell no Frae benannt sinn, dauerhaft eng Plack mat engem QR-Code kréien. Wann Dir dee scannt, kritt Dir eng Biografie vun der jeeweileger Damm ugewisen, déi um Site www.rues-au-feminin.lu op dräi Sproochen nozeliese sinn:

Place Grande-Duchesse Charlotte Grande-Duchesse

Symbole de la cohésion nationale

Parc Léonie Koullen Sage-femme, propriétaire de la maternité privée Koullen à Schifflange
Rue Florence Nightingale Infirmière pionnière

Fondatrice du Collège médical des femmes en 1869, ensemble avec Elizabeth Blackwell

Ecole Lydie Schmit Femme politique luxembourgeoise

Présidente du parti ouvrier luxembourgeois, présidente de la « Sozialistische Fraueninternationale », militante pour les droits des femmes

Ecole Nelly Stein Femme politique luxembourgeoise, professeure

Bourgmestre de Schifflange, membre de la Chambre des Député·es

No der Ënthüllung vum Schëld op der Gemengeplaz gouf op en Empfang an d’Galerie “Schëfflenger Konschthaus” invitéiert. Hei sinn den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Madamm Monique Stein, Responsabel vum Service « Politique communale d’égalité entre Femmes et Hommes » vum CNFL, op d’Wichtegkeet vum internationale Fraendag agaangen an hunn d’Campagne mat den zwee Projete virgestallt. De President vun der Chancëgläichheetskommissioun Carlo Lecuit an d’Conseillère Idette Cattivelli hunn an hire Riede weider Aspekter vun der Fra an der fréierer an haiteger Gesellschaft beliicht. An engem Zesummeschnëtt vun dräi Videoen huet d’Gemeng am Kader vum Fraendag an en vue vun de Gemengewalen déi dräi aktuell Conseillèren zu hirer Aarbecht am Gemengerot befrot. D’Kënschtlerin Iva Mrazkova, déi déi aktuell Ausstellung « Études sur le Temps Présent » ebenfalls an de Kader vum Fraendag gesat huet, huet den Invitéeë sur place an Abléck an hir Wierker ginn. Speziell fir d’Inauguratioun hat si zwee Portraite vun Fraen, der Madamm Marie-Thérèse Zerbato-Koenner (fréier Léierin zu Schëffleng) an der kierzlech verstuerwener Lëtzebuerger Lyrikerin Anise Koltz. D’Ausstellung kënnt Dir nach bis den 1. Abrëll besichtegen.

Am Virfeld, de 25. Februar, hat d’Schëfflenger Gemeng, och am Kader vun dësem wichtegen Dag, op en Jazz-Concert vum “Veda Bartringer Quartet” an d’Salle Grand-Duc Jean an der Gemeng invitéiert.

Den Detail zu de Projete am Kader vun der Campagne « Rues au féminin » fannt Dir am Pressedossier vum CNFL.

Weider Aktiounen am Kader vum Weltfraendag op nationalem Plang fannt Dir hei.

Hei e puer Impressioune vum Owend a weider Fotoe fannt Dir an eiser Galerie.

Table Ronde ‘Haislech Gewalt – de Wee eraus’

Am Kader vun der Orange Week 2022 huet de Schäfferot den 1. Dezember op eng Table Ronde zu engem wichtegen Thema invitéiert. Haislech Gewalt ass weiderhi ganz present an eiser Gesellschaft an et ass wichteg Opklärungsaarbecht ze leeschten an ze sensibiliséieren. Fir dës Editioun vun der Orange Week wollt d’Chancëgläichheetskommissioun sech net nëmme mat der Fro beschäftegen, wat haislech Gewalt ass, mee huet de Fokus vun der Soirée op ‘de Wee eraus’ geluecht. D’Participante vun der Table Ronde sinn deemno de Froen nogaangen, wisou et den Affer schwéier fält, sech Hëllef ze froen an sech aus dem gewalttätege Milieu ze léisen. Si hunn d’Hürden opgewisen an no Verbesserungsvirschléi gesicht. An net zulescht konnten  d’Bierger hier Froe stellen a kruten Informatiounen doriwwer, wat all eenzele konkret ka maache fir ze hëllefen.

No der Begréissung vum Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot esou ewéi der Chancëgläichheetskommissioun an enger ganzer Rei Interesséierter huet d’Madamm Manon Zoetaert duerch den Owend gefouert. Invitéeë vun der Soirée waren:

Madamm Andrée BIRNBAUM – Directeure générale vun der ‘Femmes en Détresse a.s.b.l.
Maître Valérie DUPONGBâtonnière sortante vum « Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg » spezialiséiert am Familljerecht
Madamm Anne METZLER – Member vum Conseil d’administration vun der Taboo a.s.b.l.
Här Guy OVERMANN – Commissaire en chef vun der Police Grand-Ducale, Direction Régionale E/A – Präventiounsbüro

Als Merci kruten si en Drock vum Visuell, deen d’Illustratrice Snejana Granatkina am Optrag vun der Gemeng fir d’Orange Week 2021 designt hat. Dës Weidere mécht d’Gemeng en Don un déi eenzel Associatiounen.

Wien d’Soirée verpasst huet wäert deemnächst de Video kënnen an eiser Galerie kucken.

D’Orange Week fënnt all Joers am Kader vum internationalen Dag géint d’Gewalt u Meedercher a Frae statt a gëtt ob nationalem Niveau vum Conseil nationale des Femmes du Luxembourg. Nach bis den 10. Dezember fannen am ganze Land Sensibiliséierungscampagnen an -Eventer statt. De ganze Programm fannt Dir um Site vum CNFL.

Fir Är Solidaritéit mat den Affer ze weise kënnt Dir och weiderhin nach bis den 10. Dezember gratis orange Käerzen an den Accueil vun der Gemeng siche kommen.

Wann Dir selwer Affer vun haislecher Gewalt sidd oder eng Persoun kennt, déi an deem Fall ass, da kënnt Dir Iech op der nationaler Helpline mellen.

CNFL – Rentrée d’automne 2021

De 27 Oktober huet de Conseil National des Femmes op hir alljärlech Hierschrentrée invitéiert, déi dëst Joer hei zu Schëffleng stattfonnt huet. Nieft de Membere vum Schäffen- a Gemengerot an de Mataarbechterinnen a Membere vun den Associatioune vum CNFL war och d’Madamm Minister vun der Chancëgläichheet Taina Bofferding present.

Seng Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat enger Liewenswäisheet, déi seng Boma him an ee vu senge Kannerbicher geschriwwen hat, ugefaangen: « Wann een eppes matkritt, wat net richteg, net fair oder net gerecht ass, da muss du dat soen. Awer feststellen eleng geet net duer, du muss och eppes dogéint maachen, an entspriechend handelen ». Den CNFL a seng Membere setzen sech säit 1975 aktiv op politeschem Plang a mat villen Aktioune fir d’Fraerechter an d’Gläichheet tëschent Männer a Fraen an. Hir Aarbecht bleift weiderhin immens wichteg, well ëmmer nach grouss Inegalitéiten z’ajustéiere bleiwen, esou den Här Buergermeeschter weider.

D’Nadine Bertrang, Presidentin vum CNFL an engagéiert Schëfflenger Matbiergerin, huet de Programm vun de nächste Wochen a Méint virgestallt. Besonnesch ervirgehuewen huet si d’Inauguratioun vun der Statue am Kader vum 100 Joer Fraewalrecht zu Ettelbréck de 15. November, d’Orange Week – national Sensibiliséierungscampagne zum Thema Gewalt géint d’Fraen (25.11-10.12) an de Projet ‘les rues au féminin’, deen am Laf vum nächste Joer an der Zesummenaarbecht mat de Gemenge soll erweidert ginn. Dëst sinn allen dräi Projeten, un deenen d’Schëfflenger Gemeng an hirem Engagement fir d’Chancëgläichheet bedeelegt ass.

D’Madamm Minister ass hirersäits ënnert anerem op d’Schwieregkeeten agaangen, déi d’Pandemie an Zesummenhang mat der Aarbecht géint d’Gewalt am Stot mat sech bruecht huet, an huet dem CNFL Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an hiren Engagement um Terrain.

Nom offiziellen Deel huet d’Gemeng op e Pättchen invitéiert.