Posts Categorized: Retour en images

Visite de S.A.R. le Grand-Duc de l’exposition « Retour au pays natal »

FR

12 juin 2024 – La Commune de Schifflange et le “Schëfflenger Konschthaus” ont eu l’honneur de recevoir la visite de S.A.R. le Grand-Duc à l’exposition « Retour au pays natal » de l’artiste luxembourgeois Fernand Bertemes. Sa présence témoigne de son soutien précieux à notre culture et à nos artistes locaux.

Nous exprimons notre profonde gratitude à S.A.R. le Grand-Duc pour sa visite, à l’artiste Fernand Bertemes, ainsi qu’au Schëfflenger Konschthaus.

Lien vers l’article de la monarchie: https://monarchie.lu/lu/node/3306

LU

12 Juni 2024 – D’Gemeng Schëffleng an d’Schëfflenger Konschthaus haten d’Éier de Besuch vum S.A.R. de Grand-Duc ze kréien, deen d’Ausstellung « Retour au pays natal » vum Lëtzebuerger Kënschtler Fernand Bertemes entdeckt huet. Seng Präsenz weist seng wäertvoll Ënnerstëtzung vun eiser lokaler Kultur a Kënschtler.

Mir soen dem Grand-Duc Merci fir säi Besuch, dem Kënschtler Fernand Bertemes souwéi dem Schëfflenger Konschthaus.

Réckbléck op d’Schëfflenger Fest 2023

Am Kader vun Nationalfeierdag ass d’Schëfflenger Fest ee fixe Rendezvous am Kalenner. Wat déi 18. Editioun wärend deenen 2 Deeg, 8 musikaleschen Optrëtter a 17 Stänn ze bidden hat, gesitt Där an eiser Galerie.

 

Akademesch Sëtzung 2023

Fir d’Feierlechkeete vun Nationalfeierdag anzelauden, hat de Schäfferot den 21.06 – wéi d’Traditioun et sou wëll – op eng akademesch Sëtzung agelueden.

Eng 100 Leit aus dem ëffentleche Liewen hate sech an der « Salle Grand-Duc Jean » afonnt fir gemeinsam eisen Nationalfeierdag ze begoen.

No der Begréissung an der Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, hunn dëst Joer déi Jonk d’Wuret kritt fir hir Siicht op Nationalfeierdag ze erläuteren.

De Billy Lorang an de Brian Parisot, zwee Jonker aus dem Jugendhaus an d’Pia Pistrino, Studentin am Schëfflenger Konschthaus waren dofir ageluede ginn.

D’Präsidentin vum « Syndicat d’Initiative et du Tourisme », Esther Zwank, huet hirersäits op d’Wichtegkeet vum Bénévolat an eisem Veräinsliewen higewisen.

Fir de musikaleschen Encadrement waren eis dräi Schëfflenger Choralen zoustänneg, deene mär iwwert dëse Wee nach eng Kéier e groussen MERCI wëlle soen.