Posts Categorized: Mobilité

Rue Belair – Adaptation temporaire de la circulation – Intervention arboricole

LU

D’Belair-Strooss gëtt temporär tëscht den Haiser 71 an 73 gespaart wéinst Aarbechten un de Beem. Fir d’Dauer vun der Spär esou kuerz wéi méiglech ze halen, ginn d’Aarbechten op zwee Deeg opgedeelt:

  • Freides, de 24. Oktober ab 8:00 Auer. D’Strooss ass fir ongeféier 3 Stonnen net zougänglech.
  • Samschdes, de 25. Oktober ab 7:00 Auer, mat enger änlecher Dauer vun der Interventioun.

Dës Aarbechte wäerten och en Impakt op d’Parkméiglechkeeten an der Pierre-Krier-Strooss an an der Blummestrooss hunn.

All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement (op FR).

 

FR

Dans le cadre d’une intervention arboricole, la rue Belair sera temporairement barrée entre les maisons 71 et 73. Afin de limiter la durée de fermeture, les travaux seront répartis sur deux jours :

  • Le vendredi 24 octobre, à partir de 8:00 heures. La rue sera inaccessible pendant une durée d’environ 3 heures.
  • Le samedi 25 octobre, dès 7:00 heures, avec une durée d’intervention similaire.

Ces travaux auront également un impact sur le stationnement dans la rue Pierre Krier et la rue des Fleurs.

Vous trouverez tous les détails dans ce règlement de circulation.

 

DE

Die Belairstraße wird vorübergehend zwischen den Häusern 71 und 73 aufgrund von Arbeiten an den Bäumen gesperrt. Um die Dauer der Sperrung möglichst kurz zu halten, werden die Arbeiten auf zwei Tage verteilt:

  • Am Freitag, den 24. Oktober, ab 8:00 Uhr. Die Straße wird für etwa 3 Stunden nicht zugänglich sein.
  • Am Samstag, den 25. Oktober, ab 7:00 Uhr, mit einer ähnlichen Einsatzdauer.

Diese Arbeiten wirken sich auch auf die Parkmöglichkeiten in der Pierre-Krier-Straße und der Blumenstraße aus.

Alle Details finden Sie in dieser Verkehrsregelung (auf FR).

 

Remise du prix du quiz de la Semaine européenne de la mobilité 2025

LU

Den 20. September hu mir am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch e Quiz iwwert Mobilitéit organiséiert, wou ee Vëlo ze gewanne war. De 17. Oktober huet de Buergermeeschter Carlo Feiereisen, dem Här Suriya Venugopal an der Madame Kriti de Vëlo iwwerreecht.

Mir soen hinne Merci fir d’Matmaachen a wënschen hinne vill Spaass mat hirem neie Vëlo.

 

FR

Le 20 septembre, dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité, nous avons organisé un quiz sur la mobilité dont le prix était un vélo. Le 17 octobre, le bourgmestre Carlo Feiereisen a remis ce vélo à Monsieur Suriya Venugopal et Madame Kriti.

Nous les remercions pour leur participation et leur souhaitons beaucoup de plaisir avec leur nouveau vélo.

 

DE

Am 20. September haben wir im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche ein Quiz über Mobilität organisiert, bei dem es ein Fahrrad zu gewinnen gab. Am 17. Oktober, hat Bürgermeister Carlo Feiereisen das Fahrrad an Herrn Suriya Venugopal und Frau Kriti überreicht.

Wir danken ihnen für ihre Teilnahme und wünschen ihnen viel Freude mit ihrem neuen Fahrrad.

 

EN

On September 20th, as part of the European Mobility Week, we organised a quiz with a bicycle as the prize. On October 17th, Mayor Carlo Feiereisen presented the bicycle to Mr. Suriya Venugopal and Ms. Kriti.

We thank them for taking part and wish them lots of fun with their new bike.

Fermeture temporaire de la rue de Drusenheim – 18/10/2025

LU

Drusenheimstrooss temporaire gespaart – 18/10/2025

Wéinst der Zeremonie am Kader vum nationale Commemoratiounsdag, am Parc Léonie Koullen, ass d’Drusenheimstrooss e Samschdeg, den 18. Oktober 2025 tëscht 17:30 an 18:45 Auer fir de Verkéier gespaart.

Mir soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Verkéiersreglement (op FR)

 

FR

Fermeture temporaire de la rue de Drusenheim – 18/10/2025

En raison de la cérémonie nationale de commémoration au Parc Léonie Koullen, la rue de Drusenheim sera fermée à la circulation le samedi 18 octobre 2025, de 17:30 à 18:45 heures.

Nous vous remercions pour votre compréhension.

Règlement de circulation

 

DE

Vorübergehende Straßensperrung der Rue de Drusenheim – 18.10.2025

Aufgrund der nationalen Gedenkzeremonie im Parc Léonie Koullen wird die Rue de Drusenheim am Samstag, den 18. Oktober 2025, von 17:30 bis 18:45 Uhr für den Verkehr gesperrt.

Wir danken Ihnen für Ihr Verständnis.

 

 

Nouvelle ligne de bus scolaire D15 Schifflange / Geesseknäppchen

LU

Gutt Noriichte fir d’Schüler·innen déi vu Schëffleng op de Geesseknäppchen mussen: Ab e Méinden, dem 13. Oktober gëtt et eng nei Schoulbuslinn, den D15. Deen hält op 4 verschidde Busarrêten zu Schëffleng.

All Infoen iwwert wou genau an um wéi vill Auer fannt Dir an DËSEM PDF vum Ministère.

 

FR

Bonne nouvelle pour les élèves se rendant de Schifflange au Geesseknäppchen : À partir de lundi 13 octobre, une nouvelle ligne de bus scolaire, la D15, sera mise en service. Elle desservira quatre arrêts différents à Schifflange.

Toutes les informations concernant les lieux précis et les horaires sont disponibles dans CE PDF du Ministère.

 

DE

Gute Nachrichten für die Schüler·innen, die von Schifflingen zum Geesseknäppchen fahren müssen: Ab Montag, dem 13. Oktober, wird eine neue Schulbuslinie D15 eingeführt. Sie hält an vier verschiedenen Bushaltestellen in Schifflingen.

Alle Details zu den genauen Standorten und Uhrzeiten finden Sie in DIESEM PDF des Ministeriums.

 

EN

Good news for students commuting from Schifflange to Geesseknäppchen: Starting Monday, October 13th, a new school bus line, D15, will be available. It will stop at four different bus stops in Schifflange.

All details about exact locations and times can be found in THIS PDF from the Ministry.

 

PT

Boas notícias para os·as alunos·as que viajam de Schifflange para o Geesseknäppchen: A partir de segunda-feira, 13 de outubro, estará disponível uma nova linha de autocarro escolar, a D15. Esta fará paragem em quatro pontos diferentes de Schifflange.

Todas as informações sobre os locais exatos e os horários estão disponíveis NESTE PDF do Ministério.

 

SBCR

Dobre vijesti za učenike koji putuju iz Schifflangea u Geesseknäppchen: Od ponedjeljka, 13. oktobra, bit će puštena u promet nova školska autobusna linija D15. Opslužit će četiri različite stanice u Schifflangeu.

Sve informacije o tačnim lokacijama i vremenima dostupne su u ovom PDF-u Ministarstva.

 

28.09.2025 – Courses Immo & Conseil Kids Cup – Adaptation du trafic

LU

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup Courssen – Upassung vum Verkéier
Den 28. September 2025 organiséiert de Veräin La Pédale 07 Schëffleng d’Immo & Conseil Kids Cup Courssen. Fir d’Sécherheet vun alle Participant·inn·en ze garantéieren, sinn am Verkéier ronderëm de Stade Jean Jacoby mat Adaptatiounen ze rechnen tëscht 10:00 a 16:30 Auer.

All Detailer fannt Dir an dësem Verkéiersreglement (op FR).

FR

28.09.2025 – Courses Immo & Conseil Kids Cup – Adaptation du trafic

Le 28 septembre 2025, l’association La Pédale 07 Schifflange organise les courses Immo & Conseil Kids Cup. Afin de garantir la sécurité de tou·te·s les participant·e·s, la circulation sera temporairement affectée autour du Stade Jean Jacoby, et ce, entre 10:00 et 16:30 heures.

Vous trouverez tous les détails dans ce règlement de circulation.

DE

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup – Verkehrsregelung
Am 28. September 2025 organisiert der Verein La Pédale 07 Schifflange die Immo & Conseil Kids Cup-Rennen. Um die Sicherheit aller Teilnehmerinnen und Teilnehmer zu garantieren, wird der Verkehr rund um das Stadion Jean Jacoby zwischen 10:00 und 16:30 Uhr beeinträchtigt.

Alle Details finden Sie in der Verkehrsregelung (auf FR).

EN

28.09.2025 – Immo & Conseil Kids Cup – Traffic Adjustment
On September 28, 2025, the association La Pédale 07 Schifflange is organising the Immo & Conseil Kids Cup races. To ensure the safety of all participants, traffic around the Jean Jacoby Stadium will be affected between 10:00 AM and 4:30 PM.

You can find all details in the traffic regulation notice (in French).

 

26.09.2025 – Circulation sur une voie : Avenue de la Libération

LU

Mir informéieren Iech heimat, dat wéinst Aarbechten an der Liberatiounsstrooss den Trafic nëmmen op enger Spuer méiglech ass tëscht dem Gebai N. 10 an dem Gebai N. 14, an dat de 26. September 2025 vun 9:00 bis 17:00 Auer.

De Busarrêt „Stadhaus“ virum Hotel de Ville ass deemno vun 9:00 bis 17:00 Auer net operationell an d’Busser hale wéi Follgend:

  • TICE Bus : Liberatiounsstrooss op der Héischt vum Gebai N. 40-44 an an der Rue Basse, Arrêt „Niddeschgaass“
  • RGTR Bus: Arrêt „Niddeschgaass“ an der Rue Basse

Mir soe Merci fir Äert Versteesdemech.

 

FR

Nous vous informons par la présente que, en raison de travaux dans l’Avenue de la Libération, la circulation ne sera possible que sur une seule voie entre les bâtiments n°10 et n°14, le 26 septembre 2025 de 9:00 à 17:00 heures.

L’arrêt de bus « Stadhaus » devant l’Hôtel de Ville ne sera donc pas opérationnel entre 9:00 et 17:00 heures, et les bus s’arrêteront comme suit :

  • Bus TICE : Avenue de la Libération à hauteur de l’immeuble n°40-44 et dans la Rue Basse, arrêt « Niddeschgaass »
  • Bus RGTR : arrêt « Niddeschgaass » dans la Rue Basse

Nous vous remercions pour votre compréhension.

 

DE

Wir informieren Sie hiermit, dass aufgrund von Arbeiten in der Avenue de la Libération der Verkehr am 26. September 2025 von 9:00 bis 17:00 Uhr nur auf einer Spur zwischen den Gebäuden Nr. 10 und Nr. 14 möglich ist.

Die Bushaltestelle „Stadhaus“ vor dem Gemeindehaus ist daher von 9:00 bis 17:00 Uhr nicht in Betrieb, und die Busse halten wie folgt:

  • TICE Bus: Avenue de la Libération auf Höhe des Gebäudes Nr. 40–44 und in der Rue Basse, Haltestelle „Niddeschgaass“
  • RGTR Bus: Haltestelle „Niddeschgaass“ in der Rue Basse

Wir danken Ihnen für Ihr Verständnis.

 

EN

We hereby inform you that due to works on Avenue de la Libération, traffic will be limited to one lane between buildings No. 10 and No. 14 on September 26, 2025, from 9:00 AM to 5:00 PM.

The bus stop “Stadhaus” in front of the Town Hall will therefore not be operational between 9:00 AM and 5:00 PM, and buses will stop as follows:

  • TICE Bus: Avenue de la Libération near building No. 40–44 and on Rue Basse, stop “Niddeschgaass”
  • RGTR Bus: stop “Niddeschgaass” on Rue Basse

Thank you for your understanding.

 

Règlement de la circulation / Verkéiersreglement
RGTR – AVIS de perturbation – Ligne 612

Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch

LU

Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch


Den 20. September hunn zu Schëffleng, fir Kleng a Grouss, Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch stattfonnt. Trotz der intensiver Hëtzt hu sech vill Familljen afonnt fir un de verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen. Déi Kleng konnte sech um Bobby-Car-Parcours austoben, wou si op spilleresch Aart a Weis geléiert hunn, wéi ëffentlech Plazen och fir Mobilitéit genotzt kënne ginn, wa se net als Parkplaz déngen. Gläichzäiteg huet d’Jugendhaus zesumme mat de Kanner kreativ Signalisatiounsschëlder mat Kräid gemoolt an hinnen dës erkläert – eng flott Kombinatioun vu Léieren a Spaass.

Fir déi Grouss war de Mobilitéits-Quiz eng spannend Erausfuerderung. Hei konnten d’Participant·inn·en hiert Wëssen iwwert d’Mobilitéit ënner Beweis stellen an haten d’Chance, e fonkelneie Vëlo ze gewannen. Am neie Parkhaus huet de Vëlosclub LP07 Schëffleng e Parcours ugebueden, wou jidderee mat sengem eegene Vëlo konnt matmaachen. Dës Aktivitéit war net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng Geleeënheet fir den neie Parking ze entdecken.

Fir de klengen Duuscht huet d’Gemeng mat Waasser a Fairtrade Orangëjus och fir Erfrëschung gesuergt a fir de klengen Honger konnt all Participant·in sech ee gudden Apel schmaache loossen.

D’Gemeng Schëffleng huet mat dësem Event nach eng Kéier hiert Engagement fir eng nohalteg Mobilitéit ënnerstrach. Mat Ziler wéi manner fossil ugedriwwe Faarten an engem méi héijen Undeel vu Kanner, déi zu Fouss an d’Schoul ginn, wëll Schëffleng aktiv un enger méi ëmweltfrëndlecher Zukunft fir jidderee schaffen.

E grousse Merci geet un d’Ëmweltkommissioun fir hiren Engagement beim Parkhaus a wärend der ganzer Mobilitéitswoch.

 

FR

Activités dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité


Le 20 septembre, des activités pour petits et grands ont eu lieu à Schifflange dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité. Malgré la chaleur intense, de nombreuses familles se sont rassemblées pour participer aux différentes animations. Les plus jeunes ont pu s’amuser sur le parcours de Bobby-Car, une manière ludique d’apprendre comment les espaces publics peuvent être utilisés pour la mobilité lorsqu’ils ne servent pas de parkings. En parallèle, la Maison des jeunes a collaboré avec les enfants pour dessiner des panneaux de signalisation à la craie et leur en expliquer la signification – une belle combinaison d’apprentissage et de plaisir.

Pour les plus grands, le quiz sur la mobilité représentait un défi passionnant. Les participant·e·s ont pu tester leurs connaissances sur le thème de la mobilité et tenter de gagner un vélo tout neuf. Dans le nouveau parking, le club cycliste LP07 Schifflange a proposé un parcours accessible à tou·te·s à vélo. Cette activité était autant sportive, qu’une occasion de découvrir les nouvelles infrastructures.

Pour se rafraîchir, la commune a offert du jus d’orange Fairtrade ainsi que de l’eau, et pour calmer les petites faims, chaque participant·e pouvait déguster une délicieuse pomme.

Avec cet événement, la commune de Schifflange a réaffirmé son engagement en faveur d’une mobilité durable. Grâce à des objectifs tels que la réduction des trajets motorisés et l’augmentation du nombre d’enfants allant à l’école à pied, Schifflange souhaite activement construire un avenir plus respectueux de l’environnement pour tou·te·s.

Un grand merci à la commission de l’environnement pour son soutien dans le cadre du nouveau parking et tout au long de la semaine de la mobilité.

 

DE

Aktivitäten im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche

Am 20. September fanden in Schifflingen im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche zahlreiche Aktivitäten für jedes Alter statt. Trotz der intensiven Hitze kamen viele Familien zusammen, um an den verschiedenen Angeboten teilzunehmen. Die Kleinsten konnten sich auf dem Bobby-Car-Parcours austoben – eine spielerische Möglichkeit, zu lernen, wie öffentliche Plätze für Mobilität genutzt werden können, wenn sie nicht als Parkplätze dienen. Parallel dazu gestaltete das Schifflinger Jugendhaus gemeinsam mit den Kindern kreative Verkehrsschilder mit Kreide und erklärte ihnen deren Bedeutung – eine gelungene Kombination aus Lernen und Spaß.

Für die Größeren war das Mobilitäts-Quiz eine spannende Herausforderung. Die Teilnehmer·innen konnten ihr Wissen rund um das Thema Mobilität unter Beweis stellen und hatten die Chance, ein nagelneues Fahrrad zu gewinnen. Im neuen Parkhaus bot der Fahrradclub LP07 Schifflingen einen Parcours an, der für alle mit eigenem Fahrrad zugänglich war. Diese Aktivität war nicht nur sportlich, sondern auch eine Gelegenheit, die neue Infrastruktur kennenzulernen.

Zur Erfrischung stellte die Gemeinde Fairtrade-Orangensaft und Wasser bereit, und gegen den kleinen Hunger konnten sich alle Teilnehmenden einen leckeren Apfel schmecken lassen.

Mit dieser Veranstaltung hat die Gemeinde Schifflingen erneut ihr Engagement für nachhaltige Mobilität unterstrichen. Mit Zielen wie der Reduzierung motorisierter Fahrten und einem höheren Anteil an Kindern, die zu Fuß zur Schule gehen, möchte Schifflingen aktiv an einer umweltfreundlicheren Zukunft für alle mitwirken.

Ein großer Dank geht an die Umweltkommission für ihre Unterstützung beim neuen Parkhaus und während der gesamten Mobilitätswoche.

 

EN

Activities as part of the European Mobility Week

On September 20th, numerous activities for all ages took place in Schifflange as part of the European Mobility Week. Despite the heat, many families gathered to take part in the various events. The little ones had fun on the Bobby-Car course – a playful way to learn how public spaces can be used for mobility when they are not serving as car parcs. At the same time, the youth centre worked with children to create colourful traffic signs with chalk and explained their meanings – a wonderful combination of learning and fun.

For older participants, the mobility quiz was an exciting challenge. Attendees could test their knowledge regarding mobility and had the chance to win a brand-new bicycle. In the new parking facility, the cycling club LP07 Schifflange offered a bike course that was open to everyone with their own bicycle. This activity was not only sporty, but also a great opportunity to explore the new infrastructure.

To keep everyone refreshed, the municipality provided Fairtrade orange juice and water, and to satisfy small appetites, each participant could enjoy a tasty apple.

With this event, the municipality of Schifflange once again emphasised its commitment to sustainable mobility. With goals such as reducing motorised trips and increasing the number of children walking to school, Schifflange aims to actively contribute to a more environmentally friendly future for all.

A big “Thank You” goes to the commission for the environment for its support in the new parking facility and throughout the entire Mobility Week.

 

16-22.09.2025: Europäesch Mobilitéitswoch – Semaine européenne de la mobilité

LU

Europäesch Mobilitéitswoch – 16. bis 22. September

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, huet d’Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Ëmweltkommissioun haut de moie Croissanten an Uebst un d’Leit verdeelt déi mam ëffentlechen Transport awer och zu Fouss oder mam Vëlo ënnerwee waren.

D’Gemeng Schëffleng an d’Ëmweltkommissioun soen Iech Merci fir Äre Bäitrag zur nohalteger Mobilitéit.

Méi Infoen iwwert den Transport zu Schëffleng

 

FR

Semaine européenne de la mobilité – 16 au 22 septembre

Dans le cadre de la Semaine européenne de la mobilité, la Commune de Schifflange, en collaboration avec la commission de l’environnement, a distribué ce matin des croissants et des fruits aux personnes qui se déplacent en transports publics, à pied ou à vélo.

La Commune de Schifflange et la commission de l’environnement vous remercient pour votre contribution à une mobilité durable.

Plus d’informations sur le transport à Schifflange

 

DE

Europäische Mobilitätswoche – 16. bis 22. September

Im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche hat die Gemeinde Schifflingen gemeinsam mit der Umweltkommission heute Morgen Croissants und Obst an Personen verteilt, die mit öffentlichen Verkehrsmitteln, zu Fuß oder mit dem Fahrrad unterwegs waren.

Die Gemeinde Schifflingen und die Umweltkommission danken Ihnen für Ihren Beitrag zu einer nachhaltigen Mobilität.

Mehr Informationen zum Verkehr in Schifflingen

 

EN

European Mobility Week, 16-22 September

As part of the European Mobility Week, the Municipality of Schifflange, together with the commission for environment, handed out croissants and fruit this morning to people travelling by public transport, on foot or by bicycle.

The Municipality of Schifflange and the commission for environment wish to thank you for your contribution to sustainable mobility.

More information about transport in Schifflange

 

20.09.2025 – Participez au quiz sur la mobilité et tentez de gagner un vélo

LU

20.09.2025 – Maacht mat beim Mobilitéits-Quiz a gewannt e Vëlo

Wéi vill wësst Dir iwwer Mobilitéit? Kommt den 20. September vu 15:00 bis 17:30 Auer op d’Fräiheetsplaz virun der Gemeng a versicht e flotte Präis ze gewannen: e fonkelneie Vëlo.

Bobby-Cars fir Kanner op der Gemengeplaz

Mat de Bobby-Cars kënnen déi méi Kleng ronderëm fueren. Dëst weist och wéi vill Méiglechkeeten ëffentlech Plazen ubidde wann se net als Parkplaz genotzt ginn.

Vëlo-Parcours am neie Parkhaus

Loscht op e Vëlo-Parcours an eisem neie Parkhaus? Dës Aktivitéit fir Kleng a Grouss gëtt Iech vum Vëlosclub LP07 Schëffleng proposéiert. Vergiesst net mat Ärem eegene Vëlo an Helm ze kommen. RDV vu 15:00 bis 17:00 Auer am neie Parkhaus (Entrée nieft dem 35, rue de l’Église).

Schëffleng engagéiert sech fir eng nohalteg Mobilitéit
Am Kader vun der Klimaschutz- an Energiestrategie huet d’Gemeng sech follgend Ziler gesat:

  • 50 % manner motoriséiert Strecken ënner 3 km bis zënter 2015
  • 20 % manner fossil ugedriwwe privat Faarte bis 2030
  • 80 % méi Kanner zu Fouss an d’Schoul bis zënter 2015

D’Europäesch Mobilitéitswoch (16.–22. September) ass eng ideal Geleeënheet fir dës Ziler an d’Bewosstsinn ze ruffen.


FR

20.09.2025 – Participez au quiz sur la mobilité et tentez de gagner un vélo
Que savez-vous sur la mobilité ? Rejoignez-nous le 20 septembre de 15:00 à 17:30 heures sur la Place de la Liberté devant la Commune et tentez de remporter un superbe prix : un vélo tout neuf.

Bobby-Cars pour enfants sur la place communale
Ici, les plus petits pourront rouler librement avec des Bobby-Cars. Cette animation illustre les nombreuses possibilités qu’offrent les espaces publics lorsqu’ils ne sont pas utilisés comme parkings.

Parcours vélo dans le nouveau parking
Envie d’un parcours vélo dans notre nouveau parking ? Cette activité pour petits et grands est proposée par le club cycliste LP07 Schifflange. N’oubliez pas d’apporter votre propre vélo et casque. Rendez-vous de 15:00 à 17:00 heures dans le nouveau parking (entrée à côté du 35, rue de l’Église).

Schifflange s’engage pour une mobilité durable
Dans le cadre de sa stratégie climat et énergie, la commune s’est fixé les objectifs suivants :

  • Réduction de 50 % des trajets motorisés de moins de 3 km depuis 2015
  • Réduction de 20 % du trafic automobile privé à carburants fossiles d’ici 2030
  • Augmentation de 80 % du nombre d’enfants allant à pied à l’école depuis 2015

La Semaine européenne de la mobilité (16–22 septembre) est une occasion idéale pour rappeler ces objectifs ambitieux.

 

DE

20.09.2025 – Machen Sie mit beim Mobilitäts-Quiz und gewinnen Sie ein Fahrrad
Wie viel wissen Sie über Mobilität? Kommen Sie am 20. September von 15:00 bis 17:30 Uhr auf den Freiheitsplatz vor dem Gemeindehaus und versuchen Sie, einen tollen Preis zu gewinnen: ein nagelneues Fahrrad.

Bobbycars für Kinder auf dem Gemeindeplatz
Die Kleinen können hier mit Bobbycars herumfahren. Diese Aktion zeigt, wie vielfältig öffentliche Plätze genutzt werden können, wenn sie nicht als Parkplätze dienen.

Fahrradparcours im neuen Parkhaus
Lust auf einen Fahrradparcours in unserem neuen Parkhaus? Diese Aktivität für Groß und Klein wird vom Fahrradclub LP07 Schifflingen angeboten. Vergessen Sie nicht, Ihr eigenes Fahrrad und Helm mitzubringen. Treffpunkt von 15:00 bis 17:00 Uhr im neuen Parkhaus (Eingang neben Nr. 35, Rue de l’Église).

Schifflingen setzt sich für nachhaltige Mobilität ein
Im Rahmen der Klima- und Energiestrategie hat sich die Gemeinde folgende Ziele gesetzt:

  • 50 % weniger motorisierte Fahrten unter 3 km bis seit 2015
  • 20 % weniger fossile Privatfahrten bis 2030
  • 80 % mehr Kinder, die zu Fuß zur Schule gehen, bis seit 2015

Die Europäische Mobilitätswoche (16.–22. September) ist eine ideale Gelegenheit, um diese Ziele ins Bewusstsein zu rufen.

 

EN

20.09.2025 – Take part in the mobility quiz and win a bicycle
How much do you know about mobility? Join us on 20 September from 3:00 PM to 5:30 PM at Place de la Liberté in front of the town hall and try to win a great prize: a brand-new bicycle.

Bobby-Cars for children on the town square
Here, young children can ride around in Bobby-Cars. This activity highlights the many possibilities public spaces offer when they’re not used as car parks.

Bike course in the new parking facility
Interested in a bike course in our new parking structure? This activity for all ages is organised by the cycling club LP07 Schifflange. Don’t forget to bring your own bike and helmet. Meet-up from 3:00 PM to 5:00 PM in the new parking facility (entrance next to 35, rue de l’Église).

Schifflange is committed to sustainable mobility
As part of its climate and energy strategy, the Municipality has set the following goals:

  • Reduce motorised trips under 3 km by 50% since 2015
  • Cut fossil-fuelled private car use by 20% by 2030
  • Increase the number of children walking to school by 80% since 2015

The European Mobility Week (16–22 September) is the perfect occasion to raise awareness of these ambitious goals.