Par la présente, nous vous informons que la piste cyclable dans le Brill n’est pas praticable du 29.09 au 02.10 pour cause de renouvellement du revêtement de la surface de la piste.
Matdeelung un d’Bierger
Heimat deele mir Iech mat, datt de Vëloswee am Brill vum 29.09 bis den 02.10 gespaart ass, well de Belag vun der Pist erneiert gëtt.
Exposition de Stéphanie Uhres „Luft und Wasser“ du 19 septembre au 17 octobre 2020 au « Schëfflenger Konschthaus »
Stéphanie Uhres est née et a grandi au Luxembourg. Après des études d’art à l’université de Bonn/D, elle s’installe à Cologne pour y vivre et travailler. Très présente au Luxembourg, ses œuvres se trouvent également dans des collections publiques.
Les oeuvres de Stéphanie sont vivantes, ce sont des moments choisis qu’elle nous propose. L’enfance est interprétée avec toute l’émotion qu’elle peut transmettre, ajoutée à cela la poésie que contiennent ses œuvres et nous sommes devant des tableaux dont le réalisme nous submerge …
Nous aimerions vous rappeler que des lectures des œuvres individuelles ou en groupes restreints sont possibles à tout moment au cours de l’exposition. Elles peuvent éventuellement être demandées à l’avance au numéro (+352) 621 63 83 93 ou par mail .
Heures d’ouvertures: du mardi au samedi de 10.00 heures à 13.00 heures et de 14.00 heures à 18.00 heures
D’Konscht mécht frou!
Ausstellung vum Stéphanie Uhres “Luft und Wasser” am “Schëfflenger Konschthaus” vum 19. September 2020 bis de 17. Oktober 2020.
D’Stéphanie Uhres ass zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an ass do opgewuess. No hirem Konschtstudium zu Bonn op der Universitéit, huet si sech zu Köln niddergelooss a schafft och do. Si ass awer nach ëmmer staark present zu Lëtzebuerg a verschidde vun hire Wierker sinn an ëffentleche Kollektiounen.
D’Wierker vum Stéphanie Uhres si lieweg, et gi präzis Momenter duergestallt. D’Kandheet ass mat all hiren Emotiounen a Gefiller duergestallt, déi eng Kandheet nëmme kann hunn. Mee et fënnt een awer och ee schaarfe Realismus a hire Wierker, deen eis staark ergräift.
D’Galerie ass op vun denschdes bis samschdes vun 10.00 bis 13.00 Auer a vun 14.00 bis 18.00 Auer et kann een och ee Rendezvous ausmaache fir eng Visite guidée mat der Galeristin Claudia D‘Incà.
Mellt Iech w.e.g. un um Telefon 621 63 83 93 oder maacht eng Mail op
Der Parking Day wurde im Jahr 2005 in San Francisco von einem Kunst- und Design-Kollektiv ins Leben gerufen. Die Veranstaltungs-Idee ist so einfach wie überzeugend: auf der Fläche eines markierten Parkfelds wird temporär ein öffentlich zugänglicher Ort geschaffen.
In Schifflingen wurde eine Werkstatt für Fahrradreparaturen in enger Zusammenarbeit mit Esch2022 und dem Jugendhaus installiert.
Dank dieser Aktion konnten 17 Fahrräder wieder in Stand gesetzt werden …
Am 19.9.2020 fand auf Initiative der Umweltkommission der Gemeinde Schifflingen im Rahmen der diesjährigen Mobilitätswoche eine Radtour von Schifflingen über Bettemburg, Abweiler, Huncheringen statt. Bei optimalen Wetterbedingungen fanden sich trotz Covid-19 ein gutes Duzend Teilnehmer aller Altersgruppen vor dem Rathaus ein, von wo die Tour losging.
Die Tour umfasste etwas mehr als 20 km, die auch von nicht geübten Radfahrern innerhalb von 2 Stunden bewältigt wurden. Die Radtour kam bei den Teilnehmern gut an, dass wir uns im nächsten Jahr zu einer vergleichbaren Tour wieder treffen.
An manchen Stellen des Parcours wurde jedoch auch deutlich, dass es von der planerischen Seite noch einige Verbesserungsmöglichkeiten für problemloseres Fahrradfahren (Anbindung des Ortskerns bzw. Zubringer an Radwege, bessere Gestaltung von Sperren) gibt.
Et huet een net schlecht gestaunt, wéi ee gesinn huet, wat déi Deeg virum 17. September zu Schëffleng virun der Gemeng alles gewuddert ginn ass. D’Arrivée vun der 3. Etapp “SKODA Tour LuXembourg” ass am fréien Nomëtten zu Schëffleng ukomm. Déi drëtt Etapp ass vu Rosport op Schëffleng gaangen an d’Jongen haten eng 165 km an de Been, wéi si vun de Schëfflenger Leit mat groussem Applaus am Zentrum vu Schëffleng ukomm sinn. Et war eng spannend, sportlech fair Etapp, wou mat vill Power an Engagement déi vill Kilometere méiglech gi sinn.
Zum Schluss huet de Buergermeschter Paul Weimerskirch de Vainqueure vun der Etapp häerzlech a mat engem Bouquet Blumme gratuléiert.
Klassement:
1) Degenkolb John, Lotto Soudal
2) Grosu Eduard-Michael, NIPPO DELKO One Provence
3) Vanspeybrouck Pieter, Circus – Wanty Gobert
4) Janse van Rensburg, Reinardt NTT Pro Cycling
5) Gidich Yevgeniy, Astana Pro Team
6) Jensen August, Riwal Securitas Cycling Team
7) Capiot Amaury, Sport Vlaanderen – Baloise
8) Warlop Jordi, Sport Vlaanderen – Baloise
9) Naesen Lawrence, AG2R La Mondiale
10) Krieger Alexander, Alpecin-Fenix
D’Bierger vu Schëffleng hunn 2019 bis zum groussen Télévie Weekend120.431,00€ gesammelt fir den Télévie z’ënnerstëtzen. Dono huet Télévie Schëffleng nach Sue vu Veräiner a Privatleit bis September 2020 gesammelt an iwwerwisen fir um Télévie Dag 2020 ee Scheck vun 30.000,00€ a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, dem Comité vum Télévie, der Coordinatrice vum Télévie, dem Diane Wunsch, z’iwwerreechen.
Ee grousse MERCI all de Privatleit an de Veräiner, déi d’Kriibsfuerschung ënnerstëtzen.
Eng nei Equipe huet sech zu enger Asbl zesummegeschloss, fir datt den Asaz fir d’Kriibsfuerschung och weiderhi bestoe bleift.
D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets, de Ben Gastauer an de Jempy Drucker an dofir goufe si geéiert!
Net méi spéit wéi e Méindeg, de 14. September 2020, huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vum Schäfferot de Kevin Geniets geéiert, deen déi national Landesmeeschterschaft am Stroossevëlo gewonnen huet. Hien ass nach ëmmer beim Vëlosclub LP07 lizenzéiert a konnt sech am Groupama-FDJ Trikot nach virum Bob Jungels duerchsetzen.
Gratuléiert krut awer och de Jempy Drucker fir seng 3. Plaz, déi hie mat op Schëffleng bruecht huet.
Bei dëser Geleeënheet gouf och de Ben Gastauer honoréiert fir all seng Victoiren, déi hie scho konnt afueren.
De 17. September 2020 ass géint 14.30 Auer an der Haaptstrooss virun der Gemeng d’Arrivée vun der 3. Etapp vum “Škoda Tour LuXembourg” ugekënnegt.
OPGEPASST: Stroosse gespaart / Ruff-Bus deen Dag annuléiert / Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18.09 verluecht
Passage difficile tëschent 8.00 an 18.00 Auer! E groussen Deel vun der Haaptstrooss am Zentrum vu Schëffleng ass dee Moment ganz gespaart. Méi Infoen zu de Changementer am Verkéier virun, wärend an no der Arrivée zu Schëffleng fannt Dir hei!
Wéinst den Ännerungen am Verkéier gouf dann d’Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18. September verluecht!
Den Dag selwer fiert dann och kee Ruffbus!
D’Büroe vun der Gemeng bleiwe fir de Public op. Allerdéngs, duerch déi ze treffend Sécherheetsmoossnamen an Deviatiounen, ass just d’Entrée an der Aloyse Kayser Strooss op. Merci fir Äert Versteesdemech !
Vergiesst w.e.g. net Är Mask unzedoen an Iech un d’Sécherheetsmesuren ze halen.
Mir sinn houfreg, datt d’Cyclisten hei zu Schëffleng ukommen a wënschen hinnen all eng sportlech fair Kompetitioun.
Den 18. September 2020 ass den Internationalen “Parking Day”, do ginn zwou Parkplaze virum CCAMR (5, avenue de la Libération) zu Schëffleng vun 10.00 bis 17.00 Auer gespaart. Hei bitt Iech d’Jugendhaus ee Repaircafé fir Äre Vëlo un.
Heimat soll gewise ginn, wéi vill Platz, datt d’Parkplazen anhuelen a wéi een se anescht ka gebrauchen.
Verpasst déi Geleeënheet net a kommt mat Ärem Vëlo laanscht!
Im Rahmen der Europäischen Mobilitätswoche findet in Zusammenarbeit mit der lokalen Umweltkommission am Samstag, dem 19. September 2020 eine Fahrradtour statt. Treffpunkt vor der Gemeinde ab 9.15 Uhr.
Es geht von Schifflingen über Bettemburg nach Abweiler und dann wieder zurück nach Schifflingen.
Bitte die Teilnahme mit Angabe der Zahl der Erwachsenen und Kinder dem Service de l‘Urbanisme et du Développement Durable mitteilen: Tel.: 54 50 61-330 oder
Es wird empfohlen eine gelbe/orange Warnweste sowie einen Helm zu tragen.
Aufgrund der besonderen sanitären Situation werden die Teilnehmer in Gruppen von maximal 10 Personen aufgeteilt.
Die Gemeinde lehnt jede Verantwortung für den Fall eines Unfalls ab.
Certains cookies sont nécessaires au fonctionnement de ce site. En outre, certains services externes nécessitent votre autorisation pour fonctionner.