Am Kader vun den Budgetsdiskussiounen fir 2019 kenn Dir am Anhang dem Buergermeeschter seng komplett Ried noliesen.
Posts Categorized: Actualités
Den 7. Dezember hat de Schäfferot an d’Seniorekommissioun all Schëfflenger Rentner op hir traditionelle Seniorefeier invitéiert.
Dëst Joer war Seniorefeier allerdéngs alles anescht ewéi traditionelle. D’Seniorekommissioun wollt e neien Wee goen an de Leit net nëmmen e flotten a gesellegen Nomëtten bei Kaffi a Kuch ubidden, neen si hunn sech dem Challenge gestallt an den Senioren e Mëttegiessen zerwéiert. D’Seniorekommissioun huet sech deier grousser Erausfuerderung gestallt an zesummen mat den Gemengeresponsabelen zanter de Summerméint intensiv un der Organisatioun geschafft.
Mam „Apérotime“ ass dëse flotten Dag agelaut ginn, éier géint 12.30 Auer d’Iessen vun den Memberen vun der Seniorekommissioun zerwéiert ginn ass.
De President vun der Seniorekommissioun, Pierrot Feiereisen, an de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch hu sech an hire jeeweilegen Rieden erfreet gewisen, dass trotz dem „Experiment“ vill Senioren dem Opruff gefollegt sinn an hunn all den Acteuren déi zum geléngen vun der Seniorefeier bäigedroen hunn e grousse Merci gesot.
Fir den musikaleschen Encadrement hun „Les Gavroches“ gesuergt.
Dans un petit cadre festif le Collège des bourgmestre et échevins a rencontré le 11.000e habitant de la Commune de Schifflange. Le 16 octobre 2018 Monsieur Min Prasad Panday s’est installé dans notre commune avec son épouse, Madame Asmita Bhattarai, et leur fils Asmin.
Den 1. an 2. Dezember ware gleich véier grouss Evenementer am Hall Polyvalent.
De Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der Kultur-, Sport- a Fräizaitkommissioun haaten op den Niklosmoart an op dei 30. Editioun vun der Hobbyausstellung invitéiert.
Sonndes, den 2. Dezember haat sech heije Besuch ugekënnegt. De Kleeschen war op Besuch.
Nach bis den 5. Dezember ass och eng Ausstellung vun Modelleisebunnszich ze bewonneren
Kollegen vun der AMCIS hun e flotte Film iwert d’Ausstellung gemach.
Den 2. Dezember 2018 ass hei zu Schëffleng a Präsenz vun RTL
den offiziellen LANCEMENT vum Télévie Editioun 2019
Fir dësem flotten Evenement déi néideg Opmierksamkeet ze schenken, invitéieren de Schäffen- a Gemengerot all Schëfflenger Leit den
2. Dezember 2018 ëm 15.30 Auer an den Hall Polyvalent wou am Kader vun der Visite vum Kleeschen den offiziellen Lancement vum Télévie
ofgehale gëtt. Op dem Télévie-Stand kritt Dir weider Informatiounen.
Kriibs kann am Laf vum Liewe jiddereen treffen. Bei eis am Land erkranke méi ewéi 2.000 Erwuessener a Kanner all Joer u Kriibs. Eng Persoun vu véier stierft u Kriibs.
Och wann d’Fuerschung hei zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland an deene leschte Joere vill Fortschrëtter gemaach huet (dräi vu fënnef Kriibserkrankungen kënnen haut geheelt ginn), et stierwen allerdéngs nach ëmmer ze vill Leit un dëser onbaarmhäerzeger Krankheet.
Fir de Kriibs nach mei resolut ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn. De Sënn an Zweck vum Télévie Lëtzebuerg ass et, fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukämie virun ze bréngen.
Säit dem Joer 2002 konnte bis elo hei zu Lëtzebuerg iwwer 21 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn, dëst dank dausende vu Leit, déi sech fir den Télévie engagéieren.
Macht och Dir mat – Merci!
Wann Dir den Télévie duerch eng Aktivitéit wëllt ënnerstëtzen, dann mellt Iech bei der Gemeng 54 50 61 214 oder schreift e Mail op
Dans le cadre de la campagne Orange Week des Nations Unies, le collège échevinal de la Commune de Schifflange a organisé une exposition dont le but est de sensibiliser le grand public par rapport à la violence envers les femmes et les filles.
Cette exposition peut être visitée dans le hall de la Commune de Schifflange du 30 novembre au 7 décembre 2018. Elle est organisée en collaboration avec le ZONTA International, le Conseil National des Femmes du Luxembourg, le Foyer du Sud et le Ministère de l’Egalité des chances.
De Schäfferot zesummen mat den « Stammdechfrënn Blechzuch Spur 0 » invitéieren op hir Ausstellung vun Modelleisebunnszich ënnert dem Motto
« Spielzeugeisenbahnen von gestern und heute »
am Dëschtennissall vum Hall Polyvalent (rue D. Netgen).
D’Ausstellung ass zu folgenden Zäiten op:
Freides, den 30.11. vun 14:00-19:00 Auer
Samsdes, den 01.12. vun 10:00-19.00 Auer
Sonndes, den 02.12. vun 10:00-18.00 Auer
Meindes, den 03.12. bis Mëttwochs, den 05.12.
All Kéier vun 14.00-17:00 Auer
Stammdechfrënn fréen sech op äre Besuch a ginn gären Informatiounen!
Den 7. Dezember invitéiert de Schäffenrot an d’Seniorekommissioun op hir traditionnelle
SENIOREFEIER
Dest Joer offréiere mär Iech eng nei « Formule » vun deser flotter Feier:
Apérotime: vun 11:30 – 12:15 Auer
Géint 12:30: MËTTEGIESSEN
Schluss: géint 16:00 Auer
All wichteg Informatiounen fann dir op eisem Flyer.
Flyer
Mär wäre frou Iech a grousser Unzuel begréissen ze kënnen!
Dir Dammen an Dir Hären,
Heimat an gemäss den Renseignementer, déi mir vun der Firma CLE kritt hunn, informéieren mir Iech, dass am Kader vun den Aarbechten um Postréseau, d’rue de Drusenheim op der Héicht vum ënnerierdeschen Passage a Richtung Liberatiounsstrooss, Samschdes den 17. November 2018 vun 07h00 bis 12h00 zougemaach gëtt.
Dat heescht, datt d’ Foussgänger deen Dag d’ Unterführung tëschent der Garerstrooss an der Resistenzstrooss, respektiv d’ Passerelle am Quartier Wendel notzen mussen, wann se an den Zentrum respektiv aus dem Zentrum eraus komme wëllen.
D’ Déviatiounen fir d’ Foussgänger an de Verkéier ginn beschëldert.
fir ze vergréissseren – einfach op de Plang klicken – MERCI
Fir all weider Renseignementer, zéckt nët eisen Service des Tavaux Neufs et des Infrastructures unzeruffen (Här Skrijelj Tél. : 54 50 61 – 409).
Mir soen Iech Merci fir Är Collaboratioun an zielen op Ärt Versteesdemech.
De Schäfferot
Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
Albert Kalmes, Schäffen
Marc Spautz, Schäffen
Carlo Lecuit, Schäffen
Mesdames, Messieurs,
Par la présente et conformément aux informations de la part de la société CLE, nous vous informons qu’en raison des travaux de réseaux des P&T, la rue de Drusenheim sera barré à la hauteur du passage souterrain et ce en date du samedi 17 novembre 2018 entre 07h00 et 12h00.
Ainsi, toutes les traversées piétonnières au centre de Schifflange devront se faire par le passage souterrain entre la rue de la Gare et l’avenue de la Résistance ou par la passerelle entre le quartier Wendel et la rue du Pont.
Une déviation pour la circulation routière et piétonnière sera mise en place.
pour agrandir le plan – prière de cliquer dessus -MERCI
En cas de questions supplémentaires, veuillez-vous adresser au Service des Travaux Neufs et des Infrastructures de l’Administration Communale de Schifflange (M. Skrijelj Tél. : 54 50 61 – 409).
Nous vous remercions pour votre collaboration et votre compréhension et nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.
Le collège échevinal
Paul Weimerskirch, bourgmestre
Albert Kalmes, échevin
Marc Spautz, échevin
Carlo Lecuit, échevin
En date du 14 novembre 2018, les lauréats de la Commune de Schifflange ont été félicités. Lors de cette soirée les efforts sportifs et culturels ont été récompensés par la commune. Tandis que le bourgmestre Paul Weimerskirch et le président de la Commission de la Culture, des Sports et des Loisirs Yves Marchi ont remis les diplômes aux lauréats, Monsieur Camille Ney a mené la soirée.
Des spectacles de la part des SWEET DEVILS, de Georges Christen et de Micha ont garanti un bon divertissement.