06.02.2019

Buon compleanno Albina Thyssen-Seghetto

De 5. Februar 1929 zu Schëffleng gebuer, ass d’Madame Albina Thyssen-Seghetto bis haut – dat sinn ëmmerhi scho stolzer 90 Joer – hirer Heemecht trei bliwwen.

Et war dann och kee Wonner, dass si sech 1949 mat engem Schëfflenger Jong, dem Robert Thyssen, bestuet huet. Zesumme si si glécklech Eltere vun enger Duechter an engem Bouf ginn an houfreg Grousseltere vun 3 Enkelkanner. De ganze Stolz sinn awer hir 2 Urenkelkanner. Voller Gléck kuckt si och op hir 60 Joer Bestiednis zeréck, éier 2009 hire Mann si leider fir ëmmer verlooss huet.

Der Madame Thyssen hir grouss Leidenschaft ass d’Sangen! Dës Passioun huet si och ni opginn an op der traditionneller Seniorefeier am Dezember 2018 schonn ënner Beweis gestallt. Esouguer op hirem 90ste Gebuertsdag huet si dem Buergermeeschter Paul Weimerskirch, de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, wéi och de Vertrieder vun der Seniorekommissioun an dem Syndicat d’Initiative e klenge Ständchen zum Beschte ginn. E grousse Merci dofir!

Mär wënschen der Madame Albina Thyssen-Seghetto nach vill musikalesch Joren bei beschter Gesondheet  dobäi.