Vum 16. Bis den 22. September fënnt nees d’Europäesch Mobilitéitswoch statt. All néideg Informatiounen zum Thema douce Mobilitéit zu Schëffleng fannt dir an eiser Broschüre.
Deutsche Version Version française
Vum 16. Bis den 22. September fënnt nees d’Europäesch Mobilitéitswoch statt. All néideg Informatiounen zum Thema douce Mobilitéit zu Schëffleng fannt dir an eiser Broschüre.
Deutsche Version Version française
cliquez sur le flyer pour voir les détails
De Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng invitéiert am Kader vum “Ferriminera-Festival” ganz häerzlech op de Concert vum Pianist
Donneschdes, de 14. September 2017 um 19:30 Auer am Spigelzelt op der Place Grand-Duchesse Charlotte.
Den David Ianni, e fréiere Schëfflenger Jong, ass mat senger klassescher Pianosmusek an der ganzer Welt ënnerwee. Mat sengem Projet “My Urban Piano” reest hien mat senge Kompositiounen duerch déi zwielef europäesch Kulturhaaptstied, an widmet all Stad en eegent Lidd. Zu all Lidd produzéiert hien a säin Team e Museksvideo.
Um Concert zu Schëffleng presentéiert hien nieft senger eemoleger Musek och bis elo realiséiert Videoen. Ënner anerem steet d’exklusiv Première vum Video vu senger drëtter Episod vun “My Urban Piano”: “Joy” um Programm.
Mer hoffen Iech a grousser Zuel begréissen ze kënnen.
E Freideg den 8. September 2017 ass zu Schëffleng de Ferriminera-Festival ugaangen. Dëst ass déi zweet Editioun vum Festival, déi éischt war am Joer 2015.
Dëst kéier ass de Festival lass gaange mat engem Concert vum Serge Tonnar an senger Band Legotrip. Dat ganzt huet natierlech traditionell am Spigelzelt op der Place Grand-Duchesse Charlotte stattfonnt. Dës d’Zelt huet natierlech och dëst Joer nees fir eng ganz speziell a gemittlech Ambiance gesuergt, mat senger schéiner Dekoratioun, bannen a bausse vum Zelt. Et waren eng ganz Partie Leit aus Schëffleng an der Ëmgéigend zur Ouverture komm.
Fir de klengen Honger tëschenduerch goufen d’Visiteure virun den Diere vum Spigelzelt vun engem „Foodtruck“ mat Hamburger an allen Zorten a Variatioune versuergt.
Fir den Owend unzefänken hat de Buergermeeschter Roland Schreiner eng kuerz Erëffnungsried gehale souwéi och de President vun der Jugendkommissioun Sven Kill. Allen zwee hunn e grousse Merci un all Leit adresséiert, déi un der Organisatioun vum Festival bedeelegt sinn.
Alles an allem war et e ganz gelongenen Owend. D’Spigelzelt war gutt gefëllt, hei gouf mat freet Musek gelauschtert, virun der Dier gouf giess a gebraddelt.
De Festival offréiert nach des ganz Woch eng ganz Rëtsch un Evenementer, esou wei Workshops fir Jonker. Den gesamte Programm fannt dir op eisem Site ënnert “Actualités” an an eisem Kalenner op der Startsäit vun www.schifflange.lu.
Dieses Jahr feiert die NGO „Fairtrade-Lëtzebuerg“ ihr 25-jähriges Bestehen. Zu diesem Anlass haben BTS-Klassen des Lycée Diekirch eine Ausstellung zusammengestellt. Die Ausstellung, können Interessierte vom 8. bis 15. September in der Schifflinger Gemeinde besuchen.
Schifflingen erhielt 2015 die Zertifizierung als „Fairtrade-Gemeng“, zudem hat sie ein Fairtrade-Team gegründet. Diese Arbeitsgruppe beschäftigt sich damit lokale Veranstaltungen zu organisieren, um die Bürger für das Thema fairen Handel zu sensibilisieren. Außerdem ist die Arbeitsgruppe darum bemüht den Gebrauch und Kauf von fairen Lebensmitteln innerhalb der Gemeinde voranzutreiben.
Die Ausstellung „25. Jahre Fairtrade-Lëtzebuerg“ unterstreicht das Engagement der einzelnen Partner, die sich seit Jahren in Luxemburg für einen fairen Handel einsetzen. Zudem belichtet sie welche Sicht lokale Konsumenten und Produzenten auf den fairen Handel haben. Ziel ist es, zu zeigen, wie wichtig es ist, dass Produzenten und Konsumenten Hand in Hand gehen, damit ein sozial, ökologisch und wirtschaftlich fairer Handel überhaupt bestehen kann.
Die Vernissage fand am 7. September im Eingangsbereich der Gemeinde statt. Besucher können die Ausstellung frei besuchen. Sie erstreckt sich über den Eingangsbereich bis zum ersten Stock des Gemeindegebäudes.
…der Südgemeinden beinhaltet neue Gehälterstruktur und die Einführung von Arbeitsbeschaffungsmaßnahmen
Die Südgemeinden haben zusammen mit den Gewerkschaften OGBL und LCGB am 6. September 2017 den neuen Kollektivvertrag für die Arbeitnehmer der Südgemeinden unterzeichnet.
Mitunterzeichner sind die Gemeinden Bettemburg, Differdingen, Dippach, Düdelingen, Esch/Alzette, Garnich, Hobscheid, Käerjeng, Kayl, Koerich, Monnerich, Petingen, Reckingen/Mess, Roeser, Rümelingen, Sassenheim, Schifflingen und Steinfort.
Die Gemeinde Esch/Alzette ist traditionell zuständig für die Leitung der Verhandlungen. Federführend bei den vertragschließenden Gewerkschaften ist der OGBL.
Der Kollektivvertrag tritt am 1. Januar 2018 in Kraft. Er gilt bis zum 31. Dezember 2018. Er betrifft rund 2.000 kommunale Arbeitnehmer.
Zur Erinnerung …
Am 16. Januar 2017 wurde ein erstes Vor-Abkommen in den Südgemeinden unterzeichnet, das sowohl finanzielle als auch qualitative Verbesserungen für die Arbeitnehmer der 18 Südgemeinden beinhaltete. Des Weiteren beschlossen die Sozialpartner die Schaffung einer paritätischen Arbeitsgruppe zwecks Umsetzung folgender Ziele:
Nach sechs sehr intensiven und konstruktiven Arbeitsmonaten, hat die paritätische Arbeitsgruppe die ihr anvertrauten Aufgaben termin- und zielgerecht erfüllt. Somit können die Verhandlungen nun definitiv abgeschlossen werden.
Nachstehend die ausgehandelten Verbesserungen:
Mënschen déi wéinst Gewalt oder Krich hier Heemecht musse verloossen an op der Flucht si musse gehollef kréien. An genau dat ass et wat d’asbl „Catch a smile“ mëscht. D’Membere vun der asbl reese regelméisseg op déi néideg Plaze fir Refugiéen sur Place ze hëllefen, fir si mat Iessen, Gedrénks a Kleeder ze versuergen.
Dat wat si op hire Reesen a bei hiren Hëllefsaktioune gesinn an erlieft hunn, gouf an enger Fotosausstellung festgehalen. Dës Ausstellung gëtt tëschent dem 6. an 8. September 2017 op der Schëfflenger Gemeng an der Salle Grand-Duc Jean ausgestallt. De Vernissage vun der Ausstellung war de 5. September. D’Visiteure ware vun de beweegende Fotoen impressionnéiert.
Déi ronn 125 Fotoen weise wei d’Situatioun a verschiddene Grenzregiounen an Europa, wou d‘Réfugiéen sech a grousser Zuel ophalen, ausgesäit a wéi d’asbl den Leit hëlleft an se net nëmme mat Kleeder engem Iessen oder Gedrénks versuergt, mee och probéiert hinnen e Laachen ze entlackelen, ebe genau wéi den Numm vun der asbl et scho seet „Catch a smile“.
De Planning vun 08.09.15.09
Am PDF fannt Dir d’Infos zu den Workshops, de Planning, an den verschiddenen Event’s
Dieses Jahr ist es genau 75. Jahre her, dass in Schifflingen der Generalstreik stattfand. Zu diesem besonderen Jubiläum hatten sich zahlreiche Gäste in Schifflingen eingefunden, darunter auch Arbeitsminister Nicolas Schmit sowie der Abgeordnete Marc Spautz.
Zur diesjährigen Gedenkzeremonie gehörte nicht nur die Versammlung vor dem zentralen Monument auf der „Fräiheetsplaz“ in Schifflingen. Wie bereits letztes Jahr, wurde zunächst um 17 Uhr auf dem Gelände des Esch/Schifflinger Stellwerks, in Anwesenheit von Gewerkschaftsvertretern, dem Arbeitsminister, dem Schifflinger Bürgermeister Roland Schreiner, dem Schifflinger Schöffenrat, und Vertretern der Resistenz- und Kriegsopferorganisationen, Blumenkränze niedergelegt. Anschließend gegen 18 Uhr versammelten sich die zahlreichen Besucher auf der „Fräiheetsplaz“ in Schifflingen. Vor dem zentralen Monument, das an die Opfer der Nazibesatzung erinnern soll, fanden sich alle Besucher ein. Um Punkt 18 Uhr ertönte, wie damals zum Generalstreik, die schrille Sirene des Sicherheitsdienstes. Mit dem Ertönen der Sirene war es beinahe, als sei man in der Zeit zurückversetzt worden. Wie auf dem Gelände des Stellwerks, wurden auch hier Blumenkränze niedergelegt, als Gedenken an die Opfer des Generalstreiks sowie an alle Opfer der Nazibesatzung.
In einer anschließenden Rede erläuterte Roland Schreiner nochmals die geschichtlichen Aspekte dieser schrecklichen Vergangenheit. Zudem versicherte er, dass man weiterhin in der Gemeinde Schifflingen darum bemüht sei die Erinnerung an die Helden des Generalstreiks von 1942 nicht verblassen zu lassen. Er betonte, dass all die Menschen an denen wir an diesem Tag gedenken unseren tiefsten Respekt verdienen. Diesen Respekt, sagte er, solle man auch an folgende Generationen vermitteln, damit solche Gräueltaten sich nie mehr ereignen.
Arbeitsminister Nicolas Schmit stimmte Roland Schreiner zu. Zudem hob er hervor, dass es von großer Bedeutung sei, darauf zu achten die Demokratie zu wahren. Zeitaktuelle Beispiele würden zeigen, dass auch heute noch einige versuchen demokratische bzw. weitestgehend demokratische System auszuhebeln. Hier reiche nur ein Blick in die Türkei, so Nicolas Schmit.
Zum Abschluss der Gedenkzeremonie wurde ein kurzer Film, mit dem Namen „Die Normalität des Anormalen“ gezeigt, für welchen Studenten der Universität Luxemburg Interviews mit Zeitzeugen zusammengeschnitten haben. Die Zeitzeugen berichten über ihre Zeit in sowjetischer Gefangenschaft im Lager No.188 in Tambow, während des zweiten Weltkriegs. Der Film wurde von Jérôme Courtoy, Jim Carelli, Ben Mahnen und Christian Graser zusammengestellt und gab einen bewegenden Einblick in das Leben und die Erlebnisse der Luxemburger Kriegsgefangenen.
Ried vum Buergermeeschter Roland SCHREINER
Här Minister,
Här Deputéierten,
Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,
Léif Vertrieder vun de Resistenzorganisatiounen,
Léif Représentant’en vun de Gewerkschaften,
Dir Dammen an Dir Häre vun Arcelor/Mittal,
Frënd Jos Steichen, Zäitzeien aus dem sowjetesche Krichsgefaangenelager vun Tambow,
Dir Dammen an Dir Hären,
Léiw Frënn,
Fir d’aller éischt wëll ech Iech alleguerten en häerzleche Merci soen, dass Der Iech zu esouvill Zäit geholl hutt, fir haut op den 31. August mat eis zesummen un dëser Gedenkzeremonie deelzehuelen. Den 31.August ass a bleift e wichtegen Datum an der Geschicht vun eisem Land, eiser Heemecht, a besonnesch vun eiser Gemeng. En Datum deen e Symbol vun der Solidaritéit an eiser fräier Gesellschaft ass. Des ëmmer nees ergräifend Gedenkzeremonie huet duerfir zënter Joren am Kalenner vun der Schëfflenger Gemeng, eise Resistenzorganisatiounen, eise Veräiner, eise Leit, hier fest Plaz, well den 31. August ass a bleift fir Schëffleng en Dag vu grousser Trauer, vu batterer Erënnerung, awer och vun Opbroch. Et soll awer och derniewent en Dag sinn, wou mer all zesummen onmëssverständlech zum Ausdrock bréngen, dass mer, iwwert d’Bedeitung vum Dag selwer ewech, all Form vu Gewalt, ob physesch, psychesch oder materiell, an och hier Verherrlechung, op dat Schäerfst veruerteelen.
Den 31.August 1942, haut viru 75 Joer, hunn Schëfflenger Jonge, Aarbechter, op eiser Schmelz sech géint eng friem Diktatur opgeworf. Mer kommen elo grad vun der Schmelz, wou mer hinnen nach eng Kéier besonnesch geduecht hunn. Si hunn hier Aarbecht néiergeluecht, obscho si wahrscheinlech ganz genee woussten, wat si géife riskéieren. No dem Motto « Léiwer dout, wéi net fräi » hu si domat virun der ganzer Welt gewisen, wat si vun deene gehalen hunn, déi an eisem Land mat Waffegewalt eis Populatioun ënnerdréckt a versklaavt hunn, eis Jugend an eng friem Uniform forcéiert hunn, all Aneschtdenkend agespaart, verschleeft an ëmbruecht hunn, a ganz Familljen ausernee gerappt an déportéiert hunn.
Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon a sengem « Verordnungsblatt » héich offiziell matgedeelt, dass d‘Lëtzebuerger Jongen vun de Joergäng 1920 bis 1924 op besonnesche Stellungsbefehl vum Adolf Hitler géifen an déi däitsch Wehrmacht agezu ginn. Dat war en ongeheiere Schlag an d’Gesiicht vum ganze Lëtzebuerger Vollek. Dat wollt sech dësen Affront awer net bidde loossen an huet scho gläich deen Dag drop solidaresch mat engem Streikopruff geäntwert. Eis Leit op der Schmelz hun sech gewiert, op hier Manéier ! Si hunn domat, villäicht onbewosst, e Signal ginn dat deemools an der ganzer Welt verstane ginn ass, a wat haut nach lieweg ass. Zesumme mat villen anere Patrioten a Verdeedeger vun der Fräiheet, besonnesch deene ville Märtyrer vu Wolz, sinn si et déi e Kapitel an eiser Geschicht geschriwwen hunn, dat kee vun eis Lëtzebuerger vergiesse soll. Duerfir gehéieren hier Nimm och an eis Geschichtsbicher an op eng Éiereplaz.
Mueres goung et zu Wolz un, an am spéiden Nomëtteg, um 6 Auer, huet op der Schëfflenger Schmelz, den Hans Adam d’Sireene vun der Steierbühn gezunn an domat d’Zeeche ginn, fir d’Aarbecht néierzeleeën an heem ze goen, esou wéi d’Leit ëm den Eugène Biren dat virdrun an der Walzendréierei besprach a geplangt haten.
Dëse grad esou onverhoffte wéi couragéierte Streik, deen sech lues awer sécher iwwert d’ganzt Lëtzebuerger Land an a bal alle Volleksschichten ausgebreet huet, huet engersäits an der ganzer fräier Welt en immensen Echo fonnt, anersäits awer och eng barbaresch Äntwert vun den ieweschten NS-Dirigenten an hire sadisteschen an zu allem bereeten SS-Hëllefsleit erop beschwuer. An déi Äntwert sollt vill Béises a ganz vill Schlëmmes mat sech bréngen. Mat ëmmer méi schrecklechen an onerhéierten Aktioune sinn déi däitsch Arméi- an Zivil-Kommandoe géint déi vun hinne gesichten « Ustiwwele a Matleefer » vum Lëtzebuerger Generalstreik virgaangen. Et war dat de schroen a bluddegen Ufank vun enger totaler Ënnerdréckung, déi fir vill Lëtzebuerger, vun der Angscht an dem Schreck, iwwert d’Verhaftung an de Prisong bis an d’Kazett an do an den Doud féiere sollt.
Déi Lëtzebuerger, a besonnesch déi Schëfflenger, déi eigentlech fir méi gestuerwe si wéi fir dee Streik, hunn net verdéngt, dass d’Gläichgültegkeet lues a lues alles wat si fir d’Fräiheet vun eisem Land gemaach hunn, an de Vergiess gerode léisst.
Mer als nofolgend Generatiounen, hunn ganz einfach d’Pflicht eis un si ze erënneren a mer mussen och eise Kanner soen, dass et mussen esou Leit ginn, déi sech wiere wann Onrecht geschitt an déi d’perséinlech Fräiheet verdeedege wann et néideg ass. Déi perséinlech Fräiheet déi deen eenzege Garant vun eiser Demokratie ass. Ouni esou Leit, an ech wëll hei och ausdrécklech d’Leit ëm den Albert Wingert, de Wenzel Profant, de Raymond Arensdorff an de Jean Doffing aus der ALWERAJE ernimmen, wär fir eis all, dat Wuert « Fräiheet » schonn laang nëmme méi en abstrakte Begrëff, dee mer just nach aus de Bicher géife kennen.
Et muss ee jo wëssen, dass Streik deemools an Hitler-Däitschland e Kapitalverbrieche war. Op Streik stoungen, schonn a Friddenszäiten, déi schwéierst Strofen. Mä dass elo matten am Krich, an engem besetzte Land, zu engem kritesche Moment, et zu engem Streik koum, och nach an engem Stolwierk, wou jo e wichtegen Nerv vum ganze System getraff gouf, dat war natierlech en Dolchstouss an de Réck vun der Wehrmacht.
Hier Reaktioun war duerfir och deementspriechend. Den zivillen Ausstand ass iwwer Schëffleng an Esch verhaange ginn an e Standgeriicht gouf agesat.
D’Aarbechter vun der Mëttesschicht sinn all verhéiert ginn, 59 goufe festgeholl an ausgepresst, an dat op eng brutal Aart a Weis. Mä keen huet deen anere verroden. Den Hans Adam, no deeglaangen a qualvolle Verhéieren, a wahrscheinlech fir seng Kollegen ze schützen, huet sech schlussendlech selwer als den Urheber vum Streik ausginn. Hien gouf de 9.September zu Köln-Klingelpütz op eng bestialesch Manéier ëmbruecht. Bluttrout Plakater hunn duerno d’Ermuerdung vum Eugène Biren bekannt ginn. Ausser dem Hans Adam an dem Eugène Biren goufen nach 20 weider Lëtzebuerger Patrioten aus allen Deeler vum Land wéinst der Streikaktioun zu Hinzert erschoss.
Den onnëtzen 2.Weltkrich huet a ville Länner ganz vill Affer gefuerdert. 8.171 Doudesaffer hat Lëtzebuerg ze bekloen, vun deenen der 3.150 a preisescher Uniform un der Front gefall sinn oder nach vermësst bleiwen. 791 Lëtzebuerger sinn a Prisongen a Kazetter ënner onmënschleche Strapaze gestuerwen oder dout gemaach gi fir eist klengt Lëtzebuerg eng schlëmm Bilanz, déi och 85 Schëfflenger opféiert….85 ze vill !
Dat wat 1942, viru 75 Joer, op eiser Schmelz geschitt ass, dat wat kuerz drop an an deene Wochen duerno als Repressioun vun de Preise geschitt ass, dat kritt eng ganz besonnesch Bedeitung wann ee verfollegt wat haut a ville Länner op der Welt nach ëmmer passéiert. Keng Ideologie, wéi se och heescht, ass sech och haut nach ze schued, fir dat selwecht an hirem Muechtberäich ze maachen, wat d’Preisen deemools mat eise Leit gemaach hunn. An dobäi geet et ausschliisslech em Muecht a Geld, an dobäi gëtt keng Récksiicht geholl op onschëlleg Leit a Kanner. Al Kaida, Islamesche Staat, Boko Haram an aner terroristesch Organisatioune priedegen a seeën Haass a Gewalt. A wéi enger Welt liewe mer eigentlech ? An déi aktuell Flüchtlingsproblematik, mat der Europa konfrontéiert ass, ass eng Konsequenz vun Terrorismus, Krich an Aarmut op eiser Welt.
An duerfir ass et och haut wichteg, dass iwwerall de Widderstand bestoe bleift, sou wéi dat och 1942 hei zu Lëtzebuerg de Fall war. Déi Leit vollzéien dat no, wat den Hans Adam, den Eugène Biren a vill anerer an eisem klenge Land viru 75 Joer gemat hunn. Eis Leit hunn keng Gewalt ugewend fir hier Konditiounen ze änneren, si hunn « nëmmen » gestreikt ! An trotzdem hu si als Reaktioun op hire Streik d’Gewalt an hiren extreemsten Ausdrocksformen ze spiere kritt. Si hunn gelidden a si gestuerwe fir Gerechtegkeet a fir Fräiheet. Fir dass hir an eis Kanner haut als fräi Mënschen op d’Welt kommen.
Mer erënneren eis haut an Dankbarkeet un déi, déi hiert Liewe verluer hunn, déi déportéiert goufen, déi drangsaléiert, geschloen a gedemütegt goufen. Alles dass mer haut an engem klengen, mä fräie Land liewe kënnen.
Déi Leit deene mer haut gedenken, verdéngen eisen déiwe Respekt a mer sollten all zesumme versichen, dee Respekt och un déi Generatiounen no eis, eis Kanner a Kandskanner, virun ze vermëttele fir dass esou eppes nie méi virkënnt.
An just duerfir ass et wichteg, dass mer eis all Joer den 31.August op dëser Plaz erëm gesinn.
Ech soen Iech Merci fir Är Präsenz an Är Opmierksamkeet !