Posts Categorized: Actualités

Briefwahl – Vote par correspondance

Europawahlen 2019:

Anfrage für die Briefwahl in deutscher Sprache!! VORBEI !!

Seit dem 3. Mai kann kein Antrag für die Briefwahl mehr angenommen werden. Bitte wählen Sie am 26. Mai im Wahlbüro! Fröhliches Wählen!

Elections européennes 2019:

Demande de vote par correspondance en français!! TERMINE !!

Depuis le 3 mai, aucune demande pour le vote par correspondance ne peut être acceptée par la commune. Merci de vous rendre dans le bureau de vote le 26 mai. Bonnes élections!

Audition d’élèves du Conservatoire d’Esch

De Comité vum Télévie an Zesummenaarbecht mat der Escher Gemeng hat de 7. Mäerz ganz häerzlech op eng Auditioun vun de Schüler aus dem Conservatoire vun Esch/Uelzechtan de Sall Grand-Duc Jean invitéiert.

Hei e puer Biller vun deene jonken Talenter, déi opgetruede sinn:

      

© Norbert Carl

Kniddel- a Bouneschluppowend CSV

De 7. Februar hat d’CSV Schëffleng op e Kniddel- a Bouneschluppowend mat de Käch Guy Kohnen an André Weber invitéiert. Bei där selwechter Geleeënheet gouf och e kulinaresche Scheck an der Héicht vun 1.500 Euro un den Télévie iwwerreecht.

Hei e puer Andréck vun der Soirée:

     

© Norbert Carl + Service des citoyens et de la communication

Hei de Video vun der AMCIS: Kniddel- a Bouneschluppowend CSV 07.02.19

Konferenz Dr Niclou

De 06.03.19 war eng interessant Sensibiliséierungs- an Informatiounskonferenz zum Thema « Kriibsfuerschung » mat der Dr. Simone Niclou.

Hei e puer Impressioune vum Owend:

    

© Norbert Carl

Hei de Video vun der AMCIS: Konferenz Dr Niclou 06.03.19

Meet & Greet mam Gilles Muller

Den 2. Februar ass en « alen » Hues nees op Schëffleng komm. Kuckt Iech d’Fotoe vun dëser flotter Télévie Aktioun mam Gilles Muller, de Kanner an dem Tennisclub Schëffleng un.

       

© Norbert Carl

Hei de Video vun der AMCIS: Meet & Greet mam Gilles Muller 02.02.19

« Zesumme fir Europa »- Stäremarsch op Schengen

« Zesumme fir Europa » – Stäremarsch op Schengen

Zu Éiere vum Europadag organiséiert de „Centre Européen Schengen asbl“ an Zesummenaarbecht mat de Gemenge Schengen, Mondorf-les-Bains an der Stad Réimech e Marsch op Schengen.

Ënnert dem Motto „Zesumme fir Europa“ wëlle mir en Zeeche fir e staarkt a vereentent Europa setzen. Am Kader vun den desjäregen Europawalen, wëlle mir ons Matbierger sensibiliséieren a si op déi wichteg Roll vun der Europäescher Union an dëser onstabiler Zäit opmierksam maachen. Fir d’Symbolik vun engem grenzenlosen Europa z’ënnersträiche start de Stäremarsch e Sonnden, de 5. Mee 2019 gläichzäiteg vu Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland mam gemeinsamen Zil „Place des Etoiles“ zu Schengen.

Départ ass um 14.30 op dem Fréijoarsmaart beim Kiosk op der Place Kons zu Réimech. Parking: um Grein an bei der Schwemm (8,6 Km).
Accueil mat Éierewäin ab 16.30 Auer virum Centre Européen zu Schengen an der Präsenz vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn souwéi aner Personalitéiten. Dono ginn d’Participanten op hiren Ausgangspunkt mat enger Navette gefouert. Bréngt Wanderschong an e Bidon fir Waasser mat w.e.g.

Weider Informatiounen op www.visitschengen.lu oder Tel.: 26 66 58 10

Nature for People 2019

Hei fannt Dir de Programm vun den « Nature for People » Aktivitéiten vum SICONA.

Voici le programme d’activités « Nature for People » du SICONA.

An hei d’Affiche fir e flotten Trëppeltour de 5. Mee 2019

Et voici l’affiche pour une promenade de printemps le 5 mai 2019

Remise d’un chèque rouge

Vum 1. Abrëll bis de 27. Abrëll 2019 kritt Dir rout Ouschtereeër an all de chinesesche Restauranten zu Schëffleng offréiert, dat ganzt verpaakt an enger ökologescher Tut, mat der Erklärung wéi eng Bedeitung « rout Eeër » an der chinesescher Kultur hunn: si symboliséieren en neien Ufank a gi virun allem bei der Feier vun engem Neigebuerenen zerwéiert.

D’Alliance des Chinois (https://zhongguolux.wordpress.com) huet dës Eeër un d’Restaurante verkaf an den Erléiss vun dëser Aktioun gouf integral un den Télévie gespent.

D’Scheckiwwerreechung vu ganzer 888,88 Euro war de 15. Abrëll 2019 am Salle Grand-Duc Jean zu Schëffleng an der Gemeng. De Comité vum Télévie seet der « Alliance des Chinois – Schifflange » e ganz grousse Merci fir hir super Iddi an hiren Engagement.

 

Brevet Sportif National 2019

Nous avons le plaisir de vous présenter la nouvelle brochure au sujet de l’édition 2019 du Brevet Sportif National.

Cette publication sert à informer la population sur les modalités d’organisation, d’inscription et d’évaluation des épreuves en vue de l’obtention du Brevet Sportif National.

Voici la brochure, bonne lecture!

Inscription:

Pour participer aux épreuves du brevet sportif national organisées par la commission du brevet sportif national, le candidat doit s’inscrire via une fiche d’inscription à renvoyer, dûment remplie, pour le 30 avril 2019 au plus tard. Le formulaire peut être téléchargé sur www.sports.lu ou peut être demandé auprès du secrétariat SPOLO 247-83416/83418 .

Car Wash – LGS

D’Schëfflenger Guiden a Scouten Grupp Abbé Poncin offréieren den 22. Abrëll (Ouschterméinden) beim Scouts Home Saint Martin (18, rue de la Forêt) e « Car Wash ».

Hei kënnt Dir Ären Auto vu moies 09:00 – 13:00 Auer a vu 14:00 – 18:00 Auer fir 20 Euro wäsche loossen an Iech bei Kaffi a Kuch d’Zäit verdreiwen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun gëtt integral un Télévie gespent.

Méi Infoen