11.05.2020

Fir een Europa mat oppene Grenzen

Haut de 9 Mee 2020 um Europadag hunn d’Lëtzebuerger Gemengen op Initiativ vun de Gemengen aus de Grenzregiounen a mat Ënnerstëtzung vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied, dem Syvicol, eng Solidaritéitsaktioun an d’Liewe geruff.

Um Europadag soll gewise ginn, datt an Europa d’Mënsche matenee liewen a schaffe wëllen, ouni Grenzen, ouni Barrièren … An dofir setzen sech d’Gemenge fir dat an, wat zanter Joren de Fall ass: Fir een Europa mat oppene Grenzen.

An alle Gemengen, déi matmaachen, hänken dofir als Zeechen vun der Solidaritéit an als Appel un een Oppent Europa: d’Europafändelen. Och zu Schëffleng ass dat de Fall.

De Schäfferot huet op d’Fräiheetsplaz geruff fir am klenge Krees – present woren e.a. de Schäffen- an de Gemengerot – hir Solidaritéit mat de Gemengen aus der Grenzregioun ze weisen, déi momentan duerch zoue Grenzen eng schwiereg Situatioun matmaachen. Dëst ënnert dem Motto: Zesumme liewen an Europa. Ouni Grenzen. Am Fridde mateneen.

An enger Interventioun huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch op de Stellewäert vun Europa, op d’Gebuertsstonn vun Europa an op d’Roll vun der Europäescher Unioun higewisen. Uschléissend ass déi an alle Gemenge virgedroen Deklaratioun virgelies ginn.

Hei fannt Dir déi kleng Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Deklaratioun.

 

Vivre en Europe

Declaration

Op desem Site https://www.syvicol.lu/dossiers-thematiques/journee-de-l-europe fannt Dir e Pressecommuniqué an den Ofschlossvideo a 4 Sprooche vun eiser gemeinsamer Aktioun fir d’Ouverture vun de Grenzen am Kader vum Europadag.