Posts By: schifflange

Wäschstatioun fir Vëloen zu Schëffleng – Ëmweltfrëndleche Gratisservice

Kierzlech ass déi éischt Wäschstatioun fir Vëloen a Betrib geholl ginn. Se steet um Mäertesbierg niewend dem CAS Terrain: en idealen Ausgangspunkt fir flott Mountainbikestouren.

Ëmweltfrëndleche Gratisservice
Fir de Waasserverbrauch ze reduzéieren ass 1 Wäschzyklus op 40 Sekonne limitéiert. Duerno muss nees gedréckt ginn.
D’Waasser gëtt mat 40bar Drock verspreet, wat de Waasserverbrauch zousätzlech reduzéiert. Fir de Waasserverbrauch ze kontrolléieren ass e Smart-Waasserzähler montéiert ginn, dee bei iwwerdriwwenem Verbrauch eng Meldung verschéckt.

Falls een net genuch Loft oder e Platte an de Pneuen huet, esou kann ee mat der Statioun och nach Loft nofëllen.

Fir Abréch oder Mëssbrauch ze vermeiden
Och wann zu Schëffleng de Grondsaz vum “pollueur payeur” besteet, esou ass dës Wäschstatioun ouni Stongen an ouni Geldmënz fräi zougänglech. Säitlech un der Statioun ass och nach e Krunn wou jidderee sech ka säi Bidon vollmaachen.

D’Aarbechte si gréisstendeels vun der Gemeng realiséiert ginn.

D’Gesamtkäschte belafe sech op 26.000,-€. Bei engem Subsid vum Staat vun 33% bleiwen nach 15.000,-€ Käschte fir d’Gemeng Schëffleng ze begläichen.

Weider Wäschstatioune fannt Dir zu Esch beim Fola’s Terrain, dem Ellergronn oder zu Diddeleng, Käl a Bieles.

An zum Schluss nach ee flotte Link, fir déi, déi sech nach net esou gutt bei eis auskennen:

Visit Luxembourg – Redrock Mountainbike trail Lallengerbierg
visitminett – redrock mountainbike trails

Action: 10 ampoules LED pour tous les ménages!

Afin de vous aider à consommer moins d‘énergie, recevez gratuitement 10 ampoules LED E27 grâce au programme enoprimes et la Commune de Schifflange.

 

Flyer ampoule-communes_enoprimes_schifflange_IH

Information importante concernant la collecte des papiers!

Chers habitants,

Le volume des papiers et des cartons collectés n’a cessé d’augmenter ces dernières années et nous vous remercions de votre engagement en ce qui concerne le triage des déchets.

Or, force est de constater que certains habitants ont pris la mauvaise habitude de déposer des papiers et des cartons à côté des paniers ou des poubelles.

Pour toutes les informations supplémentaires, nous vous  prions de consulter notre flyer ci-dessous:

 

Flyer Papier – Schifflange

 

MERCI d’avance

 

Sensibiliséierungscampagne: Eis Police informéiert!

D’Police start dëse Mount hir néi Campagne wou et em den Trickdéifstall geet. Si ginn de Leit Messagë mat op de Wee, wei ee ka vermeiden Opfer vun engem Trickdéifstall ze ginn.

Den Trickdéifstall huet verschidde Formen iwwert déi d’Police méi opkläre well: Wei Bierger hiert Verhale veränneren a besser oppassen an esou keng béiss Iwwerraschungen erliewe mussen.

20210315-A3-trick-DE-web

20210315-A3-trick-FR-web

20210315-A3-trick-EN-web

Aktioun „Stammzellespender“ : E grousse Merci un d’Gemeng Schëffleng

D’Aktioun „Stammzellespender“, déi den 08.02.2020 vun der Gemeng Schëffleng zesumme  mat der „Association Don de Moelle Luxembourg“  op Initiativ vun der Famill a Frënn vum Rizo Agovic, deen dringend eng Stammzellentransfusioun gebraucht huet, war e mega Succès.

Vill Schëfflenger Leit, awer och ganz vill Leit aus dem ganze Land waren dem Opruff vun der Gemeng nokomm a sinn sech enregistréiere komm, fir esou vläicht de geneteschen Zwilling fir e leukämiekranke Patient ze fannen. A bal 820 Leit hunn hir Solidaritéit gewisen a sech enregistréiere gelooss.

An der Gemengerotssitzung vum 12.03.2021, huet d’ “Association Don de Moelle Luxembourg” der Gemeng eng Corbeille iwwerreecht fir Merci ze soen.

D’Associatioun konnt, no der Aktioun vun der Gemeng Schëffleng den 08.02.2020, 2100 nei Aschreiwunge verzeechnen, dovu sinn 90 Leit zeréck geruff ginn a 14 Leit konnte potenziell Spender ginn an domat Liewe retten.

Impfkampagne: Den Office Social Schëffleng hëlleft Iech!

LU

Wéi kënnt Dir en Rendezvous fir d’ Impfung huelen?

  • Dir kritt eng Invitatioun mat engem Code per Post Heem geschéckt
  • Mat dësem Code kennt Dir online een Rendezvous huelen. (covidvaccination.lu) Dofir hutt dir eng Woch Zäit.

Wann Dir Schwieregkeeten hutt, den Rendezvous online ze huelen, kennt Dir Iech beim Office Social Schëffleng mellen.

Tel: 54 50 61- 800/807

D ‘Équipe vum Office Social Schëffleng kann Iech bei den Démarchen ënnerstëtzen.

 

DE

Wie können Sie einen Termin zur Impfung nehmen?

  • Sie erhalten per Post eine Einladung mit einem Code
  • Sie müssen diesen Code verwenden um online einen Termin zu vereinbaren. (covidvaccination.lu) Dafür haben Sie eine Woche Zeit.

Wenn Sie Schwierigkeiten haben, einen Termin online zu vereinbaren, können Sie sich beim Office Social Schifflingen melden

Tel: 54 50 61- 800/807

Die Mitarbeiter des Office Social Schifflingen können Sie unterstützen.

 

FR

Comment pouvez-vous prendre un rendez-vous pour le vaccin?

  • Vous allez recevoir une invitation par courrier avec un code unique
  • Vous devez utiliser ce code pour prendre un rendez-vous en ligne. (covidvaccination.lu) Vous avez un délai d’une semaine.

Si vous avez des problèmes pour prendre un rendez-vous en ligne, n’hésitez pas à contacter             l’Office Social de Schifflange.

Tél: 54 50 61- 800/807

L’équipe de l’Office Social de Schifflange peut vous aider avec les démarches.

 

 

 

Internationale Fraendag

Vum 8. bis den 31. Mäerz 2021, droen am Kader vum internationale Weltfraendag, siwe Schëfflenger Stroossen symbolesch Nimm vun engagéierten Dammen.

Sou gouf zum Beispill Héidenger-Strooss an Astrid Lulling-trooss „ëmbenannt. Madame Lulling war di éischt Schëfflenger Buergermeeschttesch, éischt lëtzebuergesch Europadeputéiert an no 34 Joer nees di éischt Fra an der Chamber. D’Héidenger-Strooss ass och net zoufälleg erausgesicht gi fir hiren Numm ze droen. Vun Gebuert,  un bis 1978 huet d’Mme Lulling op Nr.: 14 an der Héidenger-Strooss gewunnt.

Mam Léonie Koullen (Gare-Strooss), Lydie Schmit (Belle-Vue Strooss) an Nelly Stein (CM Spoo-Strooss) gëtt un dréi weider aussergewéinlech Schëfflenger Frae’n erënnert. Haut sinn esouguer zwou Schëfflenger Schoulen no den Damme Schmit a Stein benannt, an  d’Madame Koullen huet als Hiewann bis 1967 hei zu Schëffleng Kanner op d’Welt bruet.

Dräi weider Stroossen krute bis Enn des Mounts e Fraennumm: Anne Frank (Biergstroos), Florence Nightingale (Cité E. Mayrisch) a Sophie Scholl (Albert Wingert-Strooss)

Och wann dës Aktioun just en symbolesche Karakter huet, sollen an Zukunft, méi Stroossen a Plazen den Numm vun enger Fra kréien.

 

Kuckt Iech de Video vun AMCIS un (hinnen nach eemol e grousse Merci vun dëser Plaz aus!)

Schëfflenger Jugendhaus: nei Ëffnungszäiten!

Säit dem 1. Mäerz huet d’Schëfflenger Jugendhaus, op Ufro vun de Jonken, nei Ëffnungszäiten:

Dënschdes:        14.00 – 19.00
Mëttwochs:        14.00 – 19.00
Donneschdes:    14.00 – 19.00
Freides:               16.00 – 22.00
Samschdes:        14.00 – 19.00

All 1ten Samschde vum Mount maache mer schonn um 11h00 op an da gëtt zesumme gekacht a giess an dono fënnt eng Aktivitéit statt.

Den éischten Datum dofir ass den 3ten Abrëll 2021. Mell dech bis spéitstens Freides am Jugendhaus un wann s du wëlls dobäi sinn.

08.03.2021 Internationale Fraendag: Initiativ «les rues au féminin»

Am Kontext vum internationale Fraendag, bedeelegt Schëffleng sech un der Initiativ „les rues au féminin“ andeems siwe Stroossen vum 08. Mäerz bis den 31. Mäerz, symbolesch de Numm vun aussergewéinlechen an engagéierte Fraen droe wäerten.

A l’occasion de la journée internationale des femmes en date du 08.03.20201, la commune de Schifflange participe à l’initiative« les rues au féminin ». Ainsi, sept rues seront renommées de façon symbolique et jusqu’au 31 mars prochain, d’après des femmes exceptionnelles, engagées et méritantes.

  • Léonie Koullen (rue de la Gare)
  • Anne Frank (rue de la Montagne)
  • Astrid Lulling (rue de Hédange)
  • Florence Nightingale (Cité Emile Mayrisch)
  • Lydie Schmit (rue Belle-Vue)
  • Sophie Scholl (rue Albert Wingert)
  • Nelly Stein (rue CM Spoo)

 

 

Vernissage de l’exposition « Unexpected » de Florence Hoffmmann

 

Le samedi, 27 février 2021, l’ouverture de l’exposition des œuvres de l’artiste Florence Hoffmann s’est déroulée dans un cadre restreint en présence de Monsieur le bourgmestre Paul Weimerskirch, des Messieurs les échevins Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit, la galeriste Claudia D’Incà, ainsi que des plusieurs membres du conseil communal.

Le thème de la culture en tant que nourriture pour l’esprit n’a jamais été plus adéquat que dans ces temps difficiles que nous vivons actuellement. La culture, vit et se propage à grande force, aussi par les biais du livre, qui est en l’occurrence le leitmotiv de toute la carrière de l’artiste que nous célébrons avec l’actuelle exposition.

La renommée de Florence Hoffmann est notoire. Elle a collectionné des expériences, et souvent aussi des prix, dans de nombreux pays tel que le Canada, le Mexique, l’Ukraine, la Thaïlande, la Corée, la Chine, le Japon, la Turquie, , l’Allemagne, la France et l’Autriche ainsi qu’au Luxembourg.

Depuis l’automne 2019, l’artiste a commencé à se confronter avec une recherche artistique qui aboutit à des modalités expressives toutes nouvelles, et qui, avec le temps, se révèlent tout à fait fidèles au concept de création autour et avec le livre..

Les formes se présentent comme inhabituelles, principalement à un public, connaisseur de la « marque déposée » de Florence, basé principalement sur les volumes. En fait, tout au long de sa carrière, Florence Hoffmann est créatrice de sculptures indéniablement esthétiques, tout en gardant un aspect formel et un contenu important. Elle a la maîtrise de quasi toutes les matières et techniques : fer, neige, sable, marbre, pierre, bronze etc.

C’est grâce à son inépuisable volonté de recherche et de savoir, qu’elle aboutit au résultat présenté à la galerie « Schëfflenger Konschthaus » : une exposition de jamais vu, qui défait complètement nos attentes.

Si l’intention de l’artiste est sûrement de provoquer le public, elle le fait par le biais de formes dénuées d’agressivité. Bien au contraire, par le langage de la couleur, du graphisme, du rythme, elle stimule notre imagination pour nous transporter vers nos beaux souvenirs. Elle nous suggère de revivre les expériences de la pandémie sous toutes ses phases, à réfléchir sur ce qui a été et est encore prioritaire dans nos vies, à ce qui nous a manqué et à ce qui nous a sauvé.

Nous vous invitons à découvrir ses œuvres lors de l’exposition, accessible au public du dimanche 28 février au samedi 27 mars 2021 à la galerie « Schëfflenger Konschthaus », du mardi au samedi de 10 à 13 heures et de 14 à 18 heures et les dimanches 28.02, 07.03, 14.03, et 21.03 de 15 à 18 heures, en présence de l’artiste.

 

Des visites guidées individuelles ou en groupes restreints sont possibles. Pour d’éventuelles réservations, s’adresser à la galeriste Claudia D’Incà par téléphone (+352 621 638 393) ou via email ().