Posts By: schifflange

Présentation du livre “Im Griff des Nationalsozialismus” + Expo “State of Deception”

La Commune de Schifflange avait invité en date du 5 décembre 2022 à la présentation du livre « Im Griff des Nationalsozialismus – Fallstudien zu NS-Organisationen in Luxemburg und der Ortschaft Schifflingen » en la salle Grand-Duc Jean de l’Hôtel de Ville à Schifflange. Le livre de Jérôme Courtoy et d’Elisabeth Hoffmann est le produit d’une collaboration entre le Musée National de la Résistance et des Droits Humains et la Commune de Schifflange.

La présentation était suivie d’un vin d’honneur offert par la Commune de Schifflange.

Le livre peut désormais être acheté pour un prix de 10 euros à l’accueil de l’Hôtel de Ville. Les recettes seront intégralement versées à l‘asbl Schëffleng Hëlleft.

Affiche présentation du livre

En outre et dans le même contexte, l’exposition « State of Deception », conçue et réalisée par le « United States Holocaust Memorial Museum», sera organisée en partenariat avec la Fondation « Zentrum fir politesch Bildung » et aura lieu pendant la période du 28 novembre au 12 décembre à l’Hôtel de Ville. L’exposition documente et examine les méthodes de propagande nazie.

Flott Bicher fir Grouss a Kleng / Livres à acheter

LU
Dir sicht no engem flotte Kaddo? Ee Buch ass ëmmer eng gutt Iddi!

D’Gemeng Schëffleng verkeeft dës Lëtzebuerger Bicher fir de gudden Zweck!
Wann dir Iech fir al Schëfflenger Soen, spannend sportlech Erfolleger oder Krichsgeschichten interesséiert, da kommt an den Accueil vun der Gemeng.
D’Bicher ginn zu verschiddene Präiser verkaf an d’Sue ginn integral un d’Asbl Schëffleng Hëlleft gespent. Aus organisatoresche Grënn kënne mir leider just Boergeld unhuelen.

 

FR
A la recherche d’un beau cadeau ? Un livre est toujours une bonne idée !

La Commune de Schifflange vend des livres luxembourgeois pour la bonne cause !
Si les vieilles légendes, les exploits sportifs ou des histoire de guerre vous intéressent, rendez-vous à la réception de l’Hôtel de Ville pour récupérer votre livre.

Les livres seront vendus au prix divers et l’argent sera intégralement reversé à l’asbl Schëffleng Hëlleft. Malheureusement, pour des raisons d’organisation, nous ne pouvons accepter que les espèces.

 

D’So vum Marxeweier (Hardcover LU)
nei verzielt vum Betsy Dentzer
mat Biller vum Pit Wagner
25€

Gilles Muller
Das Spiel des Lebens
David Thinnes
25€

Gilles Muller
Gloire et douleurs
Christoph Nadin
25€

Im Griff des Nationalsozialismus
Jérôme Courtoy + Elisabeth Hoffmann
10€

 

De Kleeschen ass komm!

Pünktlech um 15.00 Auer ass e Sonnden, den 4. Dezember de Kleeschen mam Zuch hei zu Schëffleng ukomm an huet op der Gemeng Plaz geholl fir all klengt Kand mat enger Titchen glécklech ze maachen.

E22: Hidden Sessions – Marché d(h)ivers

De Weekend vum 3. a 4. Dezember 2022 huet déi véierten a soumat leschten Editioun vum Projet „Hidden Sessions“ am Kader vum Kulturjoer Esch2022 zu Schëffleng stattfonnt.

D’Gemeng Schëffleng war frou fir Grouss a Kleng op dëser spezieller Editioun, déi vun der Hidden Sessions asbl organiséiert gouf, kënnen ze begréissen. Dëst besonnescht Erliefnis gouf Form vun engem Wantermaart, dem “Marché d(h)ivers” mat Musek, Animatioun an diverse Stänn ronderëm d’Schëfflenger Konschthaus an d’Kierch organiséiert.

Et war kal an AWER war et e richtegt Fest mat ville flotten Iwwerraschungen a magesche Momenter.

Ganz geschwë wäert hei weidert Foto- a Videomaterial ze fanne sinn.

hs

Pressekonferenz Moulin Bestgen

LU

Den 1. Dezember 2022 huet Gemeng Schëffleng eng Pressekonferenz iwwert de Projet, dee soll am Moulin Bestgen ëmgesat ginn, gehalen. An Presenz vum Vertrieder vum Minister Claude Meisch, dem Här Gilles Dahmen, Premier Conseiller de Gouvernement an dem Här Louis Weisgerber, Architekt, ass de Projet mat den Detailer vun der Transformatiounsaarbecht an dem Redressement vum Gebai virgestallt ginn. D’Press hat natierlech och d’Méiglechkeet hir Froen ze stellen.

D’Iddi ass,  datt hei en neie Centre socio-thérapeutique (CTS) vun der asbl TELOS Education Schëffleng soll entstoen – eng Structure d’accueil de jour fir Kanner aus dem Enseignement fondamental a fir en accompagnement scolaire et pédagogique renforcé.

De Restaurant bleift och erhalen, dëse wäert awer wärend der Bauzäit an de Renovatiounsaarbechten zou sinn.

Hei fannt Dir de Pressedossier mat méi Detailer.

 

FR

Le 1er décembre 2022, la Commune de Schifflange avait invité à une conférence de presse au sujet du Moulin Bestgen. En présence du représentant du ministre Claude Meisch, Gilles Dahmen, Premier Conseiller de Gouvernement, et de l’architecte Louis Weisgerber, les détails de la transformation du bâtiment ont été présentés aux journalistes qui ont pu poser leurs questions.

Le nouveau centre socio-thérapeutique (CTS) de l’asbl TELOS Education Schifflange sera une structure d’accueil de jour pour enfants de l’enseignement fondamental et garantira un meilleur accompagnement scolaire et pédagogique renforcé aux futurs résidents.

Le restaurant, fermé pendant les travaux de rénovation, sera maintenu.

Voici le dossier de presse.

 

Table Ronde ‘Haislech Gewalt – de Wee eraus’

Am Kader vun der Orange Week 2022 huet de Schäfferot den 1. Dezember op eng Table Ronde zu engem wichtegen Thema invitéiert. Haislech Gewalt ass weiderhi ganz present an eiser Gesellschaft an et ass wichteg Opklärungsaarbecht ze leeschten an ze sensibiliséieren. Fir dës Editioun vun der Orange Week wollt d’Chancëgläichheetskommissioun sech net nëmme mat der Fro beschäftegen, wat haislech Gewalt ass, mee huet de Fokus vun der Soirée op ‘de Wee eraus’ geluecht. D’Participante vun der Table Ronde sinn deemno de Froen nogaangen, wisou et den Affer schwéier fält, sech Hëllef ze froen an sech aus dem gewalttätege Milieu ze léisen. Si hunn d’Hürden opgewisen an no Verbesserungsvirschléi gesicht. An net zulescht konnten  d’Bierger hier Froe stellen a kruten Informatiounen doriwwer, wat all eenzele konkret ka maache fir ze hëllefen.

No der Begréissung vum Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot esou ewéi der Chancëgläichheetskommissioun an enger ganzer Rei Interesséierter huet d’Madamm Manon Zoetaert duerch den Owend gefouert. Invitéeë vun der Soirée waren:

Madamm Andrée BIRNBAUM – Directeure générale vun der ‘Femmes en Détresse a.s.b.l.
Maître Valérie DUPONGBâtonnière sortante vum “Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg” spezialiséiert am Familljerecht
Madamm Anne METZLER – Member vum Conseil d’administration vun der Taboo a.s.b.l.
Här Guy OVERMANN – Commissaire en chef vun der Police Grand-Ducale, Direction Régionale E/A – Präventiounsbüro

Als Merci kruten si en Drock vum Visuell, deen d’Illustratrice Snejana Granatkina am Optrag vun der Gemeng fir d’Orange Week 2021 designt hat. Dës Weidere mécht d’Gemeng en Don un déi eenzel Associatiounen.

Wien d’Soirée verpasst huet wäert deemnächst de Video kënnen an eiser Galerie kucken.

D’Orange Week fënnt all Joers am Kader vum internationalen Dag géint d’Gewalt u Meedercher a Frae statt a gëtt ob nationalem Niveau vum Conseil nationale des Femmes du Luxembourg. Nach bis den 10. Dezember fannen am ganze Land Sensibiliséierungscampagnen an -Eventer statt. De ganze Programm fannt Dir um Site vum CNFL.

Fir Är Solidaritéit mat den Affer ze weise kënnt Dir och weiderhin nach bis den 10. Dezember gratis orange Käerzen an den Accueil vun der Gemeng siche kommen.

Wann Dir selwer Affer vun haislecher Gewalt sidd oder eng Persoun kennt, déi an deem Fall ass, da kënnt Dir Iech op der nationaler Helpline mellen.

Concours “Ville fleurie”

Ënnert dem Motto „EIS GEMENG LIEFT, ASS SCHEIN A FAARWEG“  an op Initiativ vum Syndicat d’Initiative an a Kollaboratioun mat der Gemeng war dëst Joer de Concours « Ville fleurie » nees nei lancéiert ginn. Am Prinzip gëtt dësen all 3 Joer organiséiert, mee duerch di sanitär Kris huet de Concours 2020 leider mussen ofgesot ginn.

Den 30. November 2022 war a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot a vum Syndicat d’Initiative d’Präisiwwerrechung vun der Editioun 2022.

 

 

 

Panne sur le réseau de l’éclairage public

LU

Gëschter ass et kuerzzäiteg zu engem Ausfall vun der Stroossebeliichtung zu Schëffleng komm – dëst wéinst engem Kuerzschloss an der Lydie Schmit Schoul. Mir wollten d’Bierger drop opmierksam maachen, datt de Problem nees behuewen ass an datt et sech hei NET ëm eng Energiespuermoossnam gehandelt huet. Mir entschëllegen eis fir dëse Virfall!

 

FR

Nous informons nos citoyens qu’hier il y a eu une panne sur le réseau de l’éclairage public dans quelques rues de Schifflange. Le problème a été résolu et il ne s’agissait en aucun cas d’une mesure d’économie d’énergie. Merci pour votre compréhension !

Zuchausstellung / Exposition de trains

De Schäfferot zesumme mat den « Stammdëschfrënn Blechzuch Spur 0 » invitéieren op déi 4. Editioun vun der Ausstellung vu Modelleisebunnszich.

Hei de Flyer mat den Detailer:

Flyer

E22: Hidden Sessions – Marché d(h)ivers

De Weekend vum 3. a 4. Dezember 2022 kënnt et endlech zu eisem Projet „Hidden Sessions“ am Kader vum Kulturjoer Esch2022. Well de Festival am Summer leider net konnt organiséiert ginn, hu mir en op de Wanter verluecht. Dofir ass d’Gemeng Schëffleng immens frou fir Grouss a Kleng op dës speziell Editioun vun engem Hidden Sessions Festival z’invitéieren an zwar a Form vun engem Marché d(h)ivers mat Musek, Animatioun an diverse Stänn ronderëm d’Schëfflenger Konschthaus.

 

Save the date:

Samschdes, den 3. Dezember vun 18:00 bis 01:00 Auer

Sonndes, de 4. Dezember vu 14:00 bis 20:00 Auer

 

Déi offiziell Ouverture ass sonndes, de 4. Dezember géint 14:00 Auer an d’Arrivée vum Kleeschen op der Gare/Fräiheetsplaz ass fir 15:00 Auer geplangt.

 

Kommt laanscht a loosst Iech an enger wanterlecher a moderner Atmosphär verzauberen. Méi wéi eng Iwwerraschung steet um Programm…

Méi Infoen hei