Monthly Archives: novembre 2019
D’ Gemeng Schëffleng an hir Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun, zesumme mat enger Rei Hobbykënschtler invitéieren op déi
31. Editioun vun der Hobbyausstellung
e Samschden, den 23. an e Sonnden de 24. November 2019
vun 14.00 bis 18.00 Auer
am Hall Polyvalent
Folgend Hobbykënschtler maache mat a freeën sech op Äre Besuch:
Atelier Kléiblat, Bertrang Nadine, Biver Elisabeth «Jeunes pour un monde uni », Boentges Carine, Brachmann Patricia, Courtoy Jérôme «Fairtrade Schifflange », Disiviscour Ingrid, Dondlinger Gaby, Drulang Jill, Enders Brigitte, Engelberg Marthy, Even-Ries Eliane, Fancelli-Kongs Nicole, Feyereisen Jeanny, Fiedler Elfie, Fiedler Christine, Fonzi-Zwank Chantal, Frings Chantal & Steffen Sonja, Girsch-Peffer Marcelle, Goergen Mireille, Gross Cathy, Heitz Andrée, Karp Patrick, Klein Marie-Louise, Kremer Violette, Lickes Anny, Liesenbein Marie-France, Long-Feller Carine, Mathieu Nadine, Meyer Christiane, Picco Tania, Reiffer Marcel, Sagramola Manon, Schenten-Reckinger Paulette, Scheuren Marie-Paule, Scheuren Nathalie, Schwarz Sonja, Schweickart-Stein Anne, Tralcio Vittoria, Volz-Müller Nicole « Un coeur à tout moment« , Walch Justine & Werynska Anya, Wegner Isabelle & Wegner – Michels Monique, Wegner René, Weimerskirch Maryse & Goldmann Nathalie & Menster Manuela, Weis-Faber Sylvie, Zwally Nathalie
De ganzen Weekend ginn Bastelaktivitéiten fir eis méi kleng Visiteuren ugebueden!
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.
Den 9. November 2019 huet d’Gemeng Schëffleng am Kader vum « Nationalen Dag vum Bam » 99 Beem ugeplanzt.
All Bam steet stellvertriedend fir eng vun deenen 99 Nationalitéiten aus där sech déi Schëfflenger Populatioun zesummensetzt.
Dëse « Natiounewee » symboliséiert an ënnersträicht daat friddleccht Zesummenliewen vun alle Schëfflenger, onofhängeg vun hirer Kultur, Relioun oder Nationalitéit
2019 war d’Gemeng Schëffleng bekanntlech « Centre de Promesse » vum Télévie 2019.
Vill fir net ze soe ganz vill Aktivitéite si wärend de Méint Oktober 2018 bis Mee 2019 vun eise Veräiner mä awer och vu Privatpersounen organiséiert gi fir esou Geld fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen.
Eis Kollege vun der AMCIS ware wärend dësen 8 Méint vill ënnerwee fir all Aktivitéit am Bild festzehalen. Doraus sinn zwou DVD’en entstanen déi e flotte Réckbléck weisen.
Op der éischter DVD sinn haaptsächlech Andréck vun de sëllechen Organisatiounen ze gesinn, wärend op der zweeter DVD de groussen Télévie Weekend hei zu Schëffleng dokumentéiert geet.
Gäre kenn Dir des DVD fir 25€ op bei der AMCIS bestellen (Kontosnummer: CCPL LU21 1111 2547 0075 0000). Och d’Suen déi iwwert dësen Verkaf erakomme spenden d’AMCIS un den Télévie.
Kollege vun der AMCIS soen am viraus VILLMOOLS MERCI
Beim Projet Jugendsolar zu Schëffleng, sinn um Dach vun der Maison des Générations Moduler installéiert ginn, déi duerch Sonnestralen Stroum produzéieren.
Jugendlecher aus dem Jugendhaus hunn esou aktiv bei der Energietransitioun matgeschafft an maachen domat ee Beitrag géint de Klimawandel. Et ass ee Projet mat nohaltegem Charakter.
Beim Jugendsolar Projet handelt et sech ëm eng gemeinsam Initiative vu Jugendhaus, Greenpeace an der Gemeng.
Le collège échevinal a le plaisir de vous inviter cordialement au
CONCERT
« Le RANDOM Trio»
Une formation atypique ou aléatoire, vous propose un voyage de musique originale à travers nos cultures différentes
le 23 novembre 2019 à 19.30 heures en la salle
« Grand-Duc Jean » de l’Hôtel de Ville de Schifflange
Entrée : 10.- EUR
Intégralement au profit de l’Association « Schëffleng Hëlleft »
Au programme :
Americain Tales 23/11
- Piazzolla: Los pájaros perdidos
- Piazzolla: Río Sena
- Ginastera: Cancion al arbol del olvido
- de Caro: Guardia Vieja
- Mores: Cafetin de Buenos Aires
- Mores: La Calesita
- Francini: La vi llegar
- Piazzolla: Oblivion
- Piazzolla: Libertango
- Williams: Schindlers Liste
- Gershwin: Someone to watch over me
- Gershwin: Summertime
- Gershwin: Three Preludes
- The Beatles: Because
Le collège échevinal a le plaisir de vous inviter cordialement au concert du
« Luxembourg Tuba Consortium »
sous la direction de : Jean Thill
le 16 novembre 2019 à 19.30 heures en la salle
« Grand-Duc Jean » de l’Hôtel de Ville de Schifflange
Entrée : 10.- EUR
Intégralement au profit de
l’Association « Schëffleng Hëlleft »
Au programme :
Eine kleine Tubamusik
Wolfgang Amadeus Mozart arr. John Fletcher
***
Consolation IV
Franz Liszt arr. Yves Schumacher
***
3 Profiles
Anthony Plog
***
Souvenirs du Pays
Asca Rampini arr. Jean Thill
***
Consortium
John Cheetham
***
ABBA
Arr. Jean Thill
***
8 ½
Nino Rota arr. Yves Schumacher
***
Sousa !
Arr. Jean Thill