Velostour vun der Ëmweltkommissioun

Semaine européenne de la mobilité – Europäische Mobilitätswoche

Parking Day

Venez réparer votre vélo !

 

Eng spannend Juegd duerch de Süden

Semaine européenne de la mobilité – Europäische Mobilitätswoche

 

Škoda Tour LuXembourg

OPGEPASST:
Stroosse gespaart / Ruffbus deen Dag annuléiert / Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18.09 verluecht

 

Summeraktivitéiten / Activités de vacances d’été

Fir déi Jonk vun 12 bis 17 Joer.
Pour les jeunes de 12 à 17 ans.

Bedéngt duerch d’Neiinfektioune vum Coronavirus goufe virsiichtshallwer d’Aktivitéiten, déi am Ausland sollte stattfannen, ofgesot respektiv duerch nei Aktivitéiten hei am Land ersat.
Am Jugendhaus kritt Dir all Informatiounen iwwert déi aktuell Aktivitéiten an iwwert d’Méiglechkeet, Iech unzemellen.
Informéiert Iech

Streikgedenkfeier

Zesumme mat de lokale Resistenz- a Krichsafferorganisatioune an der Personaldelegatioun vum Site Esch-Schëffleng vun Arcelor Mittal gedenkt d’Gemengeverwaltung e Meinden, den 31. August 2020 un de 78. Joresdag vum Generalstreik vun 1942

Grousse Moart

Wei gewinnt fënnt all 2ten Meinden vum Mount de « Grousse Moart » op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng statt.

De nexte Moart ass den 09.11.2020 vun 08.00 – 12.00 Auer

 

Schëfflenger Musek

D’Schëfflenger Musek deelt mat, datt am Kader vum Nationalfeierdag op verschidde Plazen a Schëffleng kleng Concerts presentéiert ginn, an dat ab 15:00 Auer. Et geet lass am Haff vum Apartementskomplex bei der Maison Relais op Huddelen, duerno an der Cité op Huddelen, wou d’Gäert openeen treffen, dann am Haff vun der Maison des Générations, um Kiosk op der Place Grand Duchesse Charlotte, op Fräiheetsplaz virun der Gemeng, dann am Park bei der Spillplaz vun der Liberatiounsstross an zu Schluss an der Rue Michel Rasquin um Parking virum Terrain a bei der Spillplaz.

De Programm, deen op all Statioun eng 10 Minutten dauert, setzt sech zesummen aus enger Selektioun vu Stécker mat Musék, déi mat Lëtzebuerg liéiert sinn. Mir bieden, datt d’Leit sech entspriechend de sanitären Consignes a gesondheetstechneschen Oplagen behuelen.