Škoda Tour LuXembourg

OPGEPASST:
Stroosse gespaart / Ruffbus deen Dag annuléiert / Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18.09 verluecht

 

OPGEPASST:
Stroosse gespaart / Ruffbus deen Dag annuléiert / Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18.09 verluecht

De 17. September 2020 ass géint 14.30 Auer an der Haaptstrooss virun der Gemeng d’Arrivée vun der 3. Etapp vum « Škoda Tour LuXembourg » ugekënnegt.

Passage difficile tëschent 8.00 an 18.00 Auer! E groussen Deel vun der Haaptstrooss am Zentrum vu Schëffleng ass dee Moment ganz gespaart. Méi Infoen zu de Changementer am Verkéier virun, wärend an no der Arrivée zu Schëffleng fannt Dir hei!

Wéinst den Ännerungen am Verkéier gouf dann d’Collecte vun der grénger Dreckskëscht op den 18. September verluecht!

Den Dag selwer fiert dann och kee Ruffbus!

D’Büroe vun der Gemeng bleiwe fir de Public op. Allerdéngs, duerch déi ze treffend Sécherheetsmoossnamen an Deviatiounen, ass just d’Entrée an der Aloyse Kayser Strooss op. Merci fir Äert Versteesdemech !

Vergiesst w.e.g. net Är Mask unzedoen an Iech un d’Sécherheetsmesuren ze halen.

Mir sinn houfreg, datt d’Cyclisten hei zu Schëffleng ukommen a wënschen hinnen all eng sportlech fair Kompetitioun.

Méi Infoen zum Tour fannt Dir hei!