Ce nouveau commissariat, qui est né de la fusion des commissariats de Schifflange et de Mondercange a été inauguré en présence du ministre de la Sécurtié intérieure, Etienne Schneider, et des représentants politiques des communes concernées, dont les membres du Collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange, Monsieur Roland Schreiner, Monsieur Paul Weimerskirch et Monsieur Carlo Feiereisen.
Posts Categorized: Actualités
Tournée DEMAIN à Luxembourg : Et si on commençait 2017 avec une note positive ?
Entre janvier et mars 2017 le Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL), porteur de la plateforme citoyenne Transition Luxembourg, organise une tournée de soirées ciné – action avec des projections du film DEMAIN à travers les communes du Luxembourg.
La tournée intitulée « Construisons aujourd’hui le monde de DEMAIN…car partout dans le monde des solutions existent! » est proposée comme expérience participative, positive et constructive dans la continuité du film DEMAIN. Ces soirées thématiques sont proposées aux communes dans le cadre du Pacte Climat au Luxembourg. A chaque fois, après la projection du film, un échange avec la salle fera ressortir les solutions locales et fera intervenir les héros locaux de l’action climatique et de la transition énergétique.
Chacun repartira avec l’idée que le monde de DEMAIN est en marche, des solutions existent localement et qu’il est tout à fait possible de faire sa part à son échelle. L’idée de la tournée DEMAIN a eu un écho très positif dans les communes. A ce jour 11 dates sont proposées – dont la 1ère le mercredi 11 janvier à 19h à Esch – et 7 autres sont en cours d’organisation (voir liste des dates en annexe). Dans de nombreux cas, les communes se sont alliées pour organiser ces soirées thématiques. Le tournée est ouverte à toutes la communes intéressées – il est encore possible d’organiser des soirées supplémentaires.
Synopsis: Cyril Dion et Mélanie Laurent et leur équipe enquêtent sur les solutions qui font face aux crises écologiques, économiques et sociales. Lors de leur voyage dans une dizaine de pays ils rencontrent de nouveaux acteurs de l’agriculture, de l’énergie, de l’économie, de la démocratie et de l’éducation qui œuvrent au moyen d’initiatives positives afin de préserver le monde demain… DEMAIN remporte en 2016 le César du meilleur film documentaire. Info : www.demain-lefilm.com
Contact: Transition Luxembourg / Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL)
Norry Schneider : / +352 – 621 652 762 / Info: www.cell.lu
Nicht weniger als 550 Seniorinnen und Senioren hatten sich dieses Jahr in der Schifflinger Mehrzweckhalle eingefunden und verbrachten einen geselligen und gemütlichen Nachmittag miteinander.
Die Gospelsänger „La Voix des Anges“ machten den Anfang und verbreiteten bereits am Anfang der Feier mit ihren Liedern beste Weihnachtsstimmung. Nach einer „assiette gourmande“ welche von den Mitgliedern der Seniorenkommission serviert wurde ging es fliessend weiter mit dem bestbekannten Tanzorchester „Lux-Duo“.
Gegen 18.00 Uhr ging die diesjährige Rentnerfeier zu Ende.
SCHËFFLENG, ENG GEMENG DÉI SECH VERÄNNERT!
Dir Dammen an dir Hären, léif Kolleginnen a Kollegen!
De Budget ass dat Dokument wou de Schäfferot seng politesch Intentiounen fir dat kommend Joer duerleet. De Budget setzt de Kader, an deem sech di politesch Aarbecht vum Joer an der Gemeng beweegt. A well dat esou ass, bedéngt d’Opstelle vun engem Budget ganz vill Virbereedungsaarbecht, vill Reuniounen, Gespréicher, Reflexiounen a muenchmol och komplizéiert a couragéiert Decisiounen. Dat war och des Kéier net anescht, an duerfir well ech grad wéi déi Joren virdrun, fir d’aller éischt emol all eisen administrativen an techneschen Servicer, di bei der Elaboratioun vun dësem Budget matgeschafft hunn, Merci soen fir déi gutt a gewëssenhaft Aarbecht déi si während Wochen, jo Méint, ënnert der Koordinatioun vum Nathalie Pauly geleescht hunn. Et war dëst Joer dem Nathalie säin éischte Budget. Hatt ass jo am Romain Rehlinger seng Foussstapfen getratt, an huet seng Bewährungsprouw méi wéi bestanen. Dem Nathalie Pauly duerfir en décke Merci! E spezielle Merci awer och un all eis Chefs de Service fir hir Disziplin, déi et erméiglecht huet, datt mer dat wichtegst Dokument vum Joer an den Delaien, déi mer eis gesat haten, prett haten fir Iech haut presentéieren ze kënnen.
De Budget ass dat wichtegst Dokument wat mer am Joer erstellen, et ass dat Instrument wat eis Aarbecht vum Joer festleet, a vun dohier muss et dann och mat der néideger Suergfalt a Responsabilitéit opgestallt ginn. Dat ass en Exercice, deen all Joers ëmmer erëm immens spannend, awer net ëmmer einfach ass. Ech mengen awer, dass eis och dëst Joer deen Challenge nees ganz gutt gelongen ass, an dass mer e Budget kënne virleeën, deen realistesch ass, deen den administrativen an technesche Méiglechkeeten vun eiser Gemeng Rechnung dréit, an awer och de legitimmen Uspréch vun eise Bierger gerecht gëtt, eis Uertschaft weider moderniséiert an nohalteg no vir bréngt, an eis finanziell Situatioun weider konsolidéiert.
Dëse Budget ass dee leschten an dëser Legislaturperiod. Ech mengen soen ze kënnen, dass mer all zesummen, Majoritéit an Oppositioun, an deene leschte Joren eng konstruktiv Aarbecht am Interêt vun eise Biergerinnen a Bierger gemeet hunn, an eis Gemeng weider no vir bruet hunn. Alles wat mer an der Schäfferotserklärung ugekënnegt hunn, hu mer realiséiert. A wat nach net färdeggestallt ass, ass awer entaméiert oder an der Prozedur. Am Joer 2017 wäerte mer des Aarbecht an der Kontinuitéit weider féieren.
Ech widderhuele mech gär wann ech soen, dass de Budget keng exakt Wëssenschaft ass. Et ass awer manner komplizéiert e Budget opzestellen, wann ee gesond Finanzen huet. A Schëffleng huet gesond Finanzen! Fir d’Evolutioun vun dëse Finanzen besser kënnen ze suivéieren, ass et natierlech och wichteg beim Budget 2017 d’Zuelen aus dem Kont vum Joer 2015 ze consideréieren. Des Zuelen sinn integrale Bestanddeel vum Budgetsdokument. De Kont ass awer leider nach net vun de Kontrollservicer vum „Intérieur“ kontrolléiert ginn. D’Zuelen sinn awer arrêtéiert a kënnen deementspriechend och an eis Diskussiounen afléissen. Mer kréien domadder eng gewësse Kontinuitéit an d’Diskussioun iwwert eis Finanzen, wat an deene leschte Joren net ëmmer de Fall war. De Kont vum Joer 2015 wäerte mer dann am Laf vum Joer 2017 méi genee analyséieren, esou bal mer de Rapport vun de Kontrollinstanzen vum „Intérieur“ virleien hunn.
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Ech hunn et gesot, de Budget ass keng exakt Wëssenschaft, en ass éischter eng Visioun. D’Opstellen vun engem Budget ass duerfir natierlech ëmmer e Spagat, well deen Exercice ëmmer ganz vill onsécher Komponenten beinhalt. Zu engem ganz groussen Deel, a mer hunn dat an de leschte Joren verstäerkt gemierkt, gëtt en natierlech vum allgemengen wirtschaftlechen Ëmfeld gepräägt. An och dëst Joer ass dat net anescht. Wann een e Budget opstellt, da kann een di makro-ekonomesch Situatioun net ausser Uecht loossen, da kann een dat net maachen lassgeléist vum konjunkturellen Ëmfeld an deem ee sech beweegt.
An dat Ëmfeld huet sech an der rezenter Vergaangenheet staark verbessert. Mer hunn de Moment hei zu Lëtzebuerg e Wuesstem den méi héich ass wéi an eise Nopeschlänner. De STATEC seet eis fir d’Joer 2016 e Wuesstem vun 3,7 % viraus. A fir 2017 prognostizéiert en eis e Wuesstem vun 4,2 %. Mer wëssen awer och aus der Vergaangenheet, dass déi Viraussoen net ëmmer der Realitéit entspriechen. D’Tendenz geet awer an eng positiv Richtung. D’Inflatioun hellt sech a Grenzen, och wann am éischte Quartal vum nächste Joer eng Index-Tranche soll erfalen, an d’Zuel vun de Leit ouni Aarbecht ass weider réckleefeg.
Wann et eiser Ekonomie gutt geet, geet et eisem Land gutt, an da geet et och de Gemenge gutt. An och wann d‘ Zukunftsperspektiven ëmmer onsécher bleiwen, hu mer awer festgestallt, dass mer an deene leschte Joren ëmmer méi Suen vum Staat iwwerwise kruten. Dat huele mer och gäre mat. Trotzdem ass et awer richteg, dass den Inneminister d’Gemengen a senger „circulaire budgétaire“ oprifft eng virsiichteg Budgetspolitik ze maachen, fir di aktuell favorabel finanziell Atout’en di mer hunn, net op d’Spill ze setzen.
Mer wëssen, dass mer hei zu Schëffleng op zolitte Féiss stinn, well mer an der Vergaangenheet gutt geschafft hunn. Mer si gutt opgestallt a mer huelen déi Erausfuerderungen déi virun der Dir stinn, an déi weider op eis zou kommen, un. Mer liewen an enger flotter a moderner Gemeng. Vill gi mer vun aneren dofir beneit. Mer hunn d’Chance villes ze hunn, wat anerer gären hätten. Des dynamesch Gemeng entdecken ëmmer nei Leit déi hei wëlle wunnen.
Den 2.Mäerz vun dësem Joer hu mer den 10.000ten Awunner konnte begréissen, an den 1.Dezember ware mer zu 10.326 an eiser Gemeng, mat steigender Tendenz. Si sinn all wëllkomm. Mer wëllen dat wat mer hunn mat hinnen deelen. An dat wat mer nach wëllen, mat hinnen zesummen erschaffen.
An dat gëllt och fir eventuell Flüchtlingen déi nach kéinten zousätzlech zu deene 33, déi mer haut schonn hei hunn, bei eis kommen. Si gëllt et virun allem an dëser staarker Gemeng Schëffleng op eng flott Aart a Weis zesumme mat eise Bierger, zesumme mat eise Veräiner, sozial ze integréieren. Dat ass ganz sécher eng Erausfuerderung, der mer eis awer gäre stellen.
An enger Ëmfro, déi d’ILReS an eisem Optrag am Juli 2014 bei de Schëfflenger Bierger gemeet huet, hunn 93% vun deene Befrotenen gesot, dass se zefridde wieren mat der Liewensqualitéit an eiser Gemeng.
43% vun deenen hunn esouguer gemengt, dass déi exzellent a ganz gutt wier. An 82% hunn deklaréiert, dass si ouni ze zécken géifen anere Leit Schëffleng recommandéieren. 7 vun 10 Leit hu behaapt eis Gemeng hätt sech an deene leschte Joren positiv entwéckelt, an 80% hu gemengt, Schëffleng hätt eng gutt Reputatioun am Land. Mer hunn also net alles falsch gemeet an deene leschte Joren. A net méi spéit wéi den 3.November 2015 hu mer dat bestätegt kritt, wou mer zu Leipzig mam „European Energy Award“ ausgezeechent gi sinn. Mer sinn natierlech ganz houfreg do drop, well mer domadder all déi Efforten déi mer an deene leschte Joren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung vun eiser Gemeng gemeet hunn, och op europäeschem Plang honoréiert kritt hunn. Et ass awer gläichzäiteg och eng Opfuerderung un eis mat der selwechter Philosophie weider ze schaffen.
Dat wat mer hunn, koum awer net vum selwen. Vill gouf dorun an duerfir geschafft. Heiansdo och gestridden. Et war ni ëmsoss. Mer leeën awer elo d’Hänn net an de Schouss. Nee, mer fueren mat deem selwechten Elan virun. An och d’Entwécklung ronderëm de Schëfflenger Site vun Arcelor/Mittal, esou dramatesch se och ass, soll eis net désespéréiere loossen, am Géigendeel, mer soll och hei nei Chancen fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng erkennen. Duerfir begréisse mer och, dass mer mat um Dësch setzen a mat decidéieren kënnen, wat an deene nächste Joren op deem Site soll geschéien.
Eis Regierung huet op d’Finanzkris aus deene leschte Joren ëmmer erëm mat engem volontaristesche Budget reagéiert, den d’Investitiounstätegkeet vum Staat op engem héijen Niveau hellt, doduerch d’Kompetitivitéit vun den Entreprisen stäerkt an d’Kafkraaft vun de Biergerinnen a Bierger steigert. Dat ass déi richteg Reaktioun, well all Form vun Spuerpolitik an Austeritéit géif de Réckgäng vun der Ekonomie verstäerken an d’Kris onweigerlech verlängeren. Des Philosophie hu mer hei zu Schëffleng och ëmmer applizéiert. An d’Entwécklung huet eis Recht ginn.
Nëmmen Investitiounen garantéieren Wuesstem!
Anescht wéi de Staat konnte mer ëmmer awer un eisem Investitiounsplang festhalen. Dat ass eng wichteg Erkenntnis. Mer liewen net vun der Hand an de Mond. Dat wat mer fir eis lafend Këschten ze decken net brauchen, investéiere mer an d’Zukunft. All Investitioun kënne mer dobäi sécher op Dauer net aus eegener Täsch bezuelen. Eis gutt Finanzsituatioun erlaabt eis, wa néideg, op Friemkapital zeréckzegräifen. Dat hu mer an deene leschten 18 Joer oft gemeet. Dat brauche mer dëst Joer, grad wéi dat lescht Joer och, awer net ze maachen.
A senger ministerieller Circulaire rifft den Inneminister eis op, eng streng Budgetsdisziplin un den Dag ze leeën, an der ekonomescher Situatioun Rechnung ze droen. Mer huelen dat natierlech gären zur Kenntnis, well mer wëssen, dass virun allem och d’Gemengen hier Responsabilitéit ze iwwerhuelen hunn, wann et drëm geet, d’Objektiver vum Stabilitéitspakt an d’Kritären vu Maastricht ze respektéieren. Wa mer awer d’Wirtschaft wëllen ukuerbelen, musse mer trotz allen Appeller fir ze spueren, weider investéieren. Dobäi däerfe mer awer net vergiessen, dass all Investissementer och an deene Joren duerno mussen finanzéiert ginn, a wa mer wëssen, wou mer eis Finanzen hier kréien, da stelle mer ganz séier fest, dass mer eis als Gemengen do an engem geféierlechen Däiwelskrees befannen. Well och an der Zukunft musse mer mat deene Suen liewen, déi de Staat andreift an un d’Gemengen weider verdeelt.
D‘Regierung huet jo an hirem sougenannten „Zukunftspak“ eng ganz Panoplie vun Moossnahmen beschloss, déi an de kommende Joren Auswierkungen op d’Gemengen wäerte kréien. Zousätzlech
Belaaschtungen fir eis Budget’en, déi de Syvicol zu Recht dozou verleed huet d’Fro opzewerfen, ob d’Gemengen all hire Missiounen och an Zukunft nach kënne gerecht ginn, wann net gläichzäiteg eng dynamesch Evolutioun vun de Recetten garantéiert ass. Ech reie mech net an d’Chouer vun deenen, déi monéieren d’Gemengen kéinten an Zukunft net méi liewen, op Grond vun all deene Belaaschtungen, well ech der Meenung sinn, dass och d’Gemengen hire Beitrag zur Sanéierung vum Staatsbudget solle leeschten. Allerdings sinn ech awer och der Meenung, dass dësen Effort awer nëmmen ka gemeet ginn am Geescht vun enger Kooperatioun a net an enger „top-down“-Approche. Wann et dreems geet, d’Land op d’Erausfuerderungen vun der Zukunft virzebereeden, da geet dat nëmmen mat enger konstruktiver Kollaboratioun vu Staat a Gemengen.
De Budget 2017 dréit schon den Elementer aus der Reform vun de Gemengefinanzen Rechnung, déi zesummen mam Staatsbudget an dene nächsten Deeg an der Chamber gestëmmt gëtt. Des Reform soll jo fir méi eng gerecht Verdeelung vun de Suen un d’Gemengen, op Grond vun neien Parameteren an enger verännerter Gewiichtung, suergen. Op daat gelengt bleiwt ofzewoarden. Op alle Fall soll jo keng Gemeng manner Suen wéi virun der Reform kréien. Am Kader vun deser Emverdeelung kritt d’Gewerbesteier eng nei Ausriichtung, an déi sougenannten „Dotation finançière“ gëtt duerch e neien „Fonds de dotation globale des communes (FDG) ersaat. An desem ginn bei der Verdeelung d’Populatioun, d’Zuel vun den Aarbechtsplazen, den „indice socio-économique“, d’Zuel vun de Sozialwunnengen an d’Gréisst vun der Gemeng berücksichtegt. Zu deser Reform zielt awer och, dass ab dem 1.Januar 2017 de Staat d’Gehälter vum Léierpersonal ganz iwwerhëllt.
Fir Schëffleng bedeit daat, dass d’Resultat vun der Reform ënnert Berücksichtegung vun allen Elementer, an esou wäit d’Zuelen eis virleien, eis e Gewënn vun ronn 1,2 Mio € giff brengen. Am Joer 2017 kënnt daat awer nach net zum Droen, well mer am nächste Joer nach mussen eisen Undeel un der „masse salariale“ vum Léierpersonal aus dem Joer 2016 budgetiséieren.
Fir ze illustréieren wéi ofhängeg d’Finanzen vun eiser Gemeng vun den Einnamen, déi mer vum Staat kréien, sinn, sief gesot, dass och no der Reform fir 2017 ronn 73,26% vun eisen uerdentlechen Recetten aus der Gewerbesteier an deem neie Fong resultéieren. Dat sinn fir 2017 ronn
24,84 Mio €, ronn 1,5 Mio € manner wéi am Joer 2016, an ronn 500.000 € méi wéi am Kont 2015. Bei ronn 10.300 Awunner sinn dat 2.412 € pro Kapp, domadder leie mer wéi vill aner Gemengen ënnert dem Landesduerchschnëtt, deen bei ronn 3.000 € läit. Et kann een sech also liicht ausrechnen, wou de Wee hi féiert wann déi Einnamen an der Zukunft erëm réckleefeg wieren a mer déi net méi an deeër Gréissenuerdnung, wéi elo, ze verbuchen hätten. Eisen uerdentlechen Budget lieft also praktesch nëmmen vun den Steieren, déi mer iwwert de Wee vum Staat an eis Kees kréien. An duerfir si mer frou, wann d’Reform vun de Gemengefinanzen eis méi Geld an d’Kees bréngt.
Et ass also ganz kloer, dass mer bei de budgetären Planungen, speziell an der haiteger Zäit, an ënnert der Consideratioun vun enger awer onsécherer Zukunft, weider virsiichteg mussen virgoen.
Mer hunn eis an deene leschte Joren hei zu Schëffleng eng finanziell Ausgangspositioun geschaf, déi gesond ass, déi eis et och haut erlaabt, massiv an d’Liewensqualitéit vun eise Bierger ze investéieren.
Des gutt Ausgangspositioun solle mer awer realistesch aschätzen, an déi solle mer och net duerch oniwwerluechten Investissementer strapazéieren a liichtfäerteg op d’Spill setzen.
Et war och duerfir ganz kloer eis Suerg fir dës Prämissen och dëst Joer beim Opstellen vum Budget fir dat nächst Joer ze behäerzegen, och wann et ëmmer méi schwéier gëtt d’Ausgaben ze kompriméieren, opgrond vun deene villen Obligatiounen déi mer als Gemeng mëttlerweil an eiser Gesellschaft hunn.
Duerfir solle mer och an der Zukunft weider déi eng oder aner « dépense » kritesch hannerfroen, en Exercice dee mer och am Kader vun dësem Budget gemeet hunn. Der hutt ganz sécher festgestallt wéi Der Iech de Budget ugekuckt hutt, datt mer et fäerdeg bruet hunn, esou wéi mer et eis och zur Hausaufgab gemeet haten, déi Fonctionnementskäschten, op déi mer en direkten Afloss hunn, quasi anzefréieren oder esouguer deelweis erof ze setzen. Dat ass positiv, mä ech mengen, dass awer och do fir d’Zukunft nach Spuerpotential dran ass. Deem musse mer eis unhuelen. Ech géif och duerfir soen, datt dëse Budget äusserst realistesch opgestallt ass, virsiichteg opgestallt ass, an eisen finanziellen an techneschen Méiglechkeeten Rechnung dréit, eppes wat wichteg ass, wann mer eis fir d’Zukunft näischt wëlle verbauen.
Eis uerdentlechen Ausgaben ginn am Budget 2017 ëm 1,48% an d’Luut. Wann een elo weess, datt mer alleng um Niveau vun der Masse salariale eng Augmentatioun vun ronn 3,82% hunn, bedéngt och duerch d’Berechnung vun enger Indextranche (2,3%), da gesäit een ganz séier, dass mer eis Hausaufgabe gemeet hunn, an eis eegen Fonctionnementskäschten konnten wäitgehend a Grenzen halen. Zur Masse salariale wëll ech nach soen, dass dëse Budget natierlech net dem Accord salariale Rechnung dréit, deen virun e puer Deeg tëschent der Regierung an der CGFP ënnerschriwwe gouf (Prime unique vun 1% op den 1.4.2017 an Unhiewen vun der “allocation de repas” vun 110 op 144 €, an och net eventuellen Auswierkungen duerch d’Neifaassung vum Kollektivvertrag vun den Gemengenaarbechter.
Well d’Gemengefinanzreform am Joer 2017 nach net voll spillt, ginn eis uerdentlech Einnamen am Joer 2017 ëm 5,51% am Verglach zum Joer 2016 erof. Wéi ech scho gesot hunn, kréie mer ronn 1,5 Mio € oder 4,18% manner aus de Steierrecetten, wat d’Haaptursaach fir des op den éischte Bléck negativ Entwécklung ass. Den ordinäre Budget kënne mer awer nach mat engem Iwwerschoss vu ronn 3,01 Mio € ofschléissen.
Eisen Investitiounsvolumenbeleeft sech am Joer 2017 mat 14,61 Mio €op engem fir eis Verhältnisser normale Niveau. Ech erënneren drun, dass mer am Kont 2015 aussergewéinlech 18,06 Mio € affichéieren, am rektifizéierte Budget 2016 13,66 Mio €.
Des Investissementer stäipe sech wéi déi Joren virdrun op Elementer aus der Schäfferotserklärung an dem Koalitiounsprogramm vun dëser Majoritéit. Ech stellen awer fest, dass des Investissementer gréisstendeels och vun der Oppositioun matgedroen ginn a goufen, well d’Devis’en déi dermat verbonne sinn, och gréisstendeels vun der Oppositioun mat gestëmmt goufen.
An deem Sënn verfollegt dann och de Budget 2017, genee wéi déi Jore virdrun, zwee prioritär Objektiver:
Deen éischten ass deen vun der Kontinuitéit an der Realisatioun vu Projeten, déi alleguerten derzou bäidroen d’Liewensqualitéit an d’sozial Kohäsioun an eiser Uertschaft weider ze verbesseren, an deen zweeten ass den, dat ze maachen wat a wirtschaftlech méi delikaten Zäiten Sënn mécht, nämlech weider ze investéieren am Kader vun enger virsiichteger Haushaltspolitik.
Ech hu gesot Kontinuitéit an der Realisatioun vu Projeeën, ech denken do un éischter Linn un déi di entaméiert sinn, wéi déi am Beräich vum Stroossebau, wou mer jo mam „Grénge Wee“ an der Jean Wilhelm Strooss amgaange sinn, an eis elo un d’Klappstrooss eruwoen, d‘Schafen vun dem neien Accès an d’Uertschaft am Kader vun der Ofschafung vun de Barrièren, d’Ëmsetzung vum PAP „Op Herbett“ mat dem Amenagement vun enger neier Aktivitéitszone, d’Erneierung vum Parking virum CCAMR an d’Uleeën vun engem Vëloswee laanscht d’Eisebunn. Ech denken awer och un eng Rei vun Initiativen am Energie- an Ëmweltberäich, wéi déi kontinuéierlech Ëmstellung vun eiser Stroossebeliichtung op energiespuerend Luuchten. Mer plangen awer och weider un neie Projet’en, wéi dat neit Kulturhaus a nei Infrastrukturen ronderëm eise Boulodrome respektiv d’Opfangstatioun fir d’Déieren um „aalen Escher Wee“, oder d’Renaturéierung vun der Uelzecht „am Pudel“ tëschent Esch a Schëffleng, an och d’Renaturéierung vun der Kiemelbaach. Och studéiere mer den Ausbau vun de Gemengenatelieren an déi zukünfteg Notzung vum fréiere Bauerenhaff an der Liberatiounsstrooss, dem Haus Entenich, an der Bestgen-Millen iwwert déi mer jo zukünfteg am Kader vun enger „emphythéose“ mam Staat kënne verfügen.
E puer vun de Schwéierpunkten vun de geplangten Aarbechten am Joer 2017 hunn ech elo schonn ernimmt.
Et kann een soen, dass 6 gréisser Projet’en den ausseruerdentleche Budget vum nächste Joer dominéieren, an zwar den Aménagement vum Vëloswee (2,2 Mio €), de Reamenagement ronderem d’Gare am Kader vum Bau vun der Unterführung (1,05 Mio €), d’Renaturéierung vun der Uelzecht (885.000 €) an der Kiemelbaach (890.000 €), den Ëmbau vum Parking CCAMR (755.000 €) an d’Infrastrukturaarbechten „Op Herbett“ (420.000 €). Mer notze awer och d’nächst Joer fir d’Etuden vu neie Projeeën virun ze dreiwen, déi an de kommende Joren an d’Realisatiounsphase wäerte kommen. Speziell nodenken musse mer dobäi iwwert d’Schaffe vun zousätzlechem Schoulraum.
Ech mengen mer sinn eis eens, datt et eist gemeinsamt Ziel muss sinn fir d’Liewensqualitéit an eiser Uertschaft weider kontinuéierlech ze verbesseren an eis Gemeng op déi zukünfteg Entwécklung virzebereeden. A wann ech soen „zukünfteg Entwécklung“, da wess Der, dass eis Awunnerzuel, wann och net onendlech, sech weider no uewen wäert bewegen. Dat ass e natierleche Prozess, deem sech keng Gemeng, an och net eis Gemeng, kann entzéien.
An deene leschte Joren ass immens vill an d’Stroosseninfrastruktur investéiert ginn, net nëmmen iwwert dem Buedem, mä och drënner. „Paerchen“ a „Wendel“ sinn ofgeschloss, de „Grénge Wee“ an d‘Wilhelm-Stroos si geschwënn fäerdeg, an des Politik wëlle mer am Kader vum Reamenagement vun de Stroossen och an de nächste Joren weiderféieren. De Moment hu mer vill Baustellen am Duerf, well jo och d’Post nach op ville Plazen am gaange ass ze schaffen.
An deene leschte Joren hu mer ganz vill an eis Sportinfrastrukturen investéiert, déi alleguer op engem ganz gudden Niveau sinn. Dëst Joer huet jo den Terrain 2 e synthetesche Wues kritt, a mer hunn nach e bëssen an der Tennis-Hal a nei Terrain’en investéiert. Mer mussen awer och un déi technesch Installatiounen an eiser Piscine denken, an da bleift nach d’Réfectioun vum Club House vun eisem Petanque-Veräin, déi mer zesummen mam Bau vun enger neier Opfangstatioun fir d’Déieren, dëst Joer wëllen a Ugrëff huelen. Mat den entspriechenden Devis’en wäerte mer de Gemengerot an enger vun den éischte Sitzungen vum neie Joer befaassen.
Dass mer nach ëmmer eng Rei vun Defiziter am kulturelle Beräich hunn ass gewosst. Duerfir wëlle mer jo op der „Place Grande-Duchesse Charlotte“ e neit Kulturhaus mat ënnerierdeschem Parking fir eis Musek an eis Chorallen, awer och fir aner kulturell Veräiner a Veranstaltungen plangen. 150.000 € hu mer duerfir an de Budget vun 2017 ageschriwwen. Den entspriechenden PAP wäerte mer um Ufank vum neie Joer op den Instanzewee schécken.
Zenter dem Joer 2012 ass bekanntlech eise neien Bebauungsplang (Mouture 2004) a Kraaft. Dozou gehéiert och eist neit Bautereglement, wat mer eis parallel dozou ginn hunn. Dozou gehéieren awer och eng Rei vun PAP’en déi mer nach mussen ëmsetzen.
300.000 € hu mer dann och ageschriwwen fir d’Elaboratioun vu verschiddenen PAP’en an „Plans directeurs“ ( Zentrum, Näerzengerstrooss, Escher Strooss, Niddeschgaass, Cité Emile Mayrisch, „Am Rit“ asw.), fir déi urbanistesch Spillregelen an deene betraffene Quartieren iwwert de PAG eraus ze preziséieren.
Dann hunn, wéi an der grousser Informatiounsversammlung de 24.Oktober ugekënnegt, d’Aarbechten um grousse Projet « Ofschafen vun de Barrièren“ viru kuerzem ugefaangen, ee bedeitend Element am Budget 2017. Mer si frou, dass dëse Projet elo konkret ufänkt, nodeems dass déi éischt Phase jo mam PAP „An der Millen“ ofgeschloss ass. Dëse fir Schëffleng enorm wichtege Projet wäert eis dann och nach bis an d’Joer 2019 weider begleeden. Ech wëll drun erënneren, dass dëse Projet finanziell zu 90% vum Staat gedroe gëtt. Déi entspriechend Konventioun hu mer jo den 11.November vun dësem Joer hei am Gemengerot gestëmmt.
Och am Ëmweltberäich, wou mer eis zënter bal 20 Joer zu enger Mustergemeng entwéckelt hunn, wëlle mer weider Akzenter setzen duerch eng Rei Initiativen, déi sech un déi aus deene leschte Joren ureien. Hei gëllt eis Opmierksamkeet virun allem weider dem Energieberäich, wou mer weider wëllen mat guddem Beispill virgoen, an och selwer versichen, niewent der Sensibiliséierung fir d’Privatleit, duerch gezielten Moossnamen bei eis selwer Energie anzespueren.
Mer wëllen mat eiser Politik aus de leschte Joren weider fueren, mat anere Konzepter am elektreschen (LED-Luuchten) an thermeschen Beräich an eisen eegene Gebaier. An déi nei Cogeneratiounsanlag déi mer an der „rue de Drusenheim“ realiséieren, reit sech an déi Bestriewungen an. Apropos Energiespuerluuchten: Och eis Stroossebeliichtung equipéiere weider mat LED-Technik, wéi mer dat schonn a ville Stroossen gemeet hunn. Dëse Projet gëtt an e puer Phasen realiséiert. Esou stin als nächst d’Kiirchstrooss, d’Pierre-Dupong-Strooss, d’Parkstrooss, d’Dr Welter-Strooss, d’Cité Emile Mayrisch, d’Garerstrooss an d‘Resistenzstrooss um Programm.
Als Klimabündnisgemeng, an och als Gemeng déi d’Charta vun Aalborg ënnerschriwwen huet, hu mer eis verflicht eis CO2-Emissiounen duerch entspriechend Moossnamen ze senken. An deem Sënn hu mer als Gemeng Schëffleng jo och 2013 schonn de Klimapakt ënnerschriwwen. Mer hunn e Klimateam op d’Been gestallt, dat eis an all eisen Demarchen am Energieberäich soll begleeden an ënnerstëtzen, an eis och Virschléi soll maachen wou mer den Hiewel sollen usetzen. Esou huet de Gemengerot am Laf vum Joer 2015 e Katalog vun 201 Moossnamen virgestallt kritt, deen elo mat der Hëllef vun de Gemengekommissiounen no a no soll ëmgesat ginn. An da brénge mer et och fäerdeg déi 76,4%, déi mer beim leschten Audit kritt hunn, nach ze toppen. En angenehmen Nieweneffekt ass deen, dass mer kënnen vun finanziellen Ënnerstëtzungen profitéieren, déi mer dann nees kënnen an Ëmweltprojet’en investéieren.
E gutt Instrument fir eis Zieler am Beräich vum Klimaschutz ze erreechen ass d’Promotioun vum ëffentlechen Transport a vun der doucer Mobilitéit. Mer hunn hei zu Schëffleng eng gutt Ubannung un déi ëffentlech Transportmëttel, ob dat Bus oder Bunn ass, mat héijen Frequenzen an all Richtungen, ab dësem Weekend och Nuets. Den Amenagement vun enger zweeter CFL-Haltestell, tëschent de Citéen „Op Soltgen“ an „Op Hudelen“ ass zwar vun den CFL als Bauhär de Moment op Äis beluet, bleift awer nach wéi wor fir eis eng absolut Noutwendegkeet. Mer hunn dat jo nach eng Kéier an eisem Avis zu de “Plans sectoriels” ënnerstrach, mä déi si jo och elo emol op Äis geluet. Si sollen awer an de nächste Méint erëm an d’Prozedur geschéckt ginn. Duerfir realiséiere mer jo awer am Kader vum Vëloswee eng Unterführung fir Foussgänger an Vëlosfuerer tëschent de Citéen „Hudelen“ a „Soltgen“.
Niewent CFL an TICE spillt am ëffentlechen Transport bei eis an der Gemeng och de Ruff-Bus eng wesentlech Roll. De Ruff-Bus, dee mer jo gratis ubidden a sech haaptsächlech un déi eeler Leit adresséiert, mä net nëmmen, erfreet sech enger gudder Akzeptanz mat an der Moyenne 420 Leit am Mount am Joer 2016.
Och di „douce“ Mobilitéit ass fir eis en Thema. Mer hunn fir d’Joer 2017 geplangt de „Vel‘ok“-System, un deen mer eis jo d’lescht Joer ugeschloss hunn, um Gebitt vun eiser Gemeng weider auszebauen. Nodeem mer an enger éischter Phase 3 Statiounen (Gare, Gemeng, Hudelen) mat 16 E-Bikenamenagéiert hunn, hu mer dëst Joer 3 weider Statiounen derbäi gefüügt , an hu geplangt dat nächst Joer nach eng Kéier 3 Statiounen derbäi ze maachen, an zwar an der Naertzenger Strooss, um Benn, an um Eck Blummen- a Kréier-Strooss. 140.000 € hu mer duerfir am Budget virgesinn. Mat Stand vum 1.Dezember hu mer hei zu Schëffleng 187 Leit déi sech drop abonnéiert hunn.
Wa mer déi „douce“ Mobilitéit wëlle fërderen, brauche mer awer och déi entspriechend Infrastrukturen. Mer realiséieren duerfir dëst Joer e Vëloswee tëschent der Cité „Op Hudelen“ an dem Zentrum. Mer hunn duerfir 2,2 Mio € an de Budget ageschriwwen. De ganze Projet wäert eis ronn 5 Mio € kaschten. Dozou gehéiert och d’Verbindung ënnert der Bunn tëschent der Cité „Op Soltgen“ an der Cité „Op Hudelen“.
Ëmweltschutz ass och Naturschutz. D’Renaturéierung vun der Uelzecht ass eng plus-value fir Fauna a Flora. Mer hoffen, dass mer dëst Joer endlech ukommen mat dësem Projet tëschent dem „Pudel“ op der Escher Säit an dem Brill. Zenter Joren schonn hu mer dee Projet um Radar, konnten en awer aus verschiddene Grënn, op déi mer awer keen Afloss haten, net an Ugrëff huelen. Fir dëst Joer hu mer emol 885.000 € an de Budget ageschriwwen. De Projet gëtt bekanntlech vun de staatlechen Instanzen mat europäescher Ënnerstëtzung finanzéiert. Mer mussen allerdéngs d’Virfinanzéierung assuréieren. Dat gëllt och fir d’Renaturéierung vun der Kiemelbaach, déi och 2017 soll an Ugrëff geholl ginn. Fir dëse Projet hu mer 890.000 € ageschriwwen.
D’Parkplazsituatioun an eiser Uertschaft huet eis an der Vergaangenheet vill Suergen gemeet. Mat der Aféierung vun deem neie Stationéierungskonzept an dem „Parking payant“ am Zentrum op de 15.Oktober 2015 schéine mer effektiv dëse Problem besser an de Grëff ze kréien. Et ass net ze iwwersinn, dass een elo erëm Parkplazen hei zu Schëffleng kritt. Mer haten awer ugekënnegt de System no enger Ulafszäit ze evaluéieren a gegebenenfalls punktuell unzepassen an ze verbesseren. Dat si mer de Moment am gaangen ze maachen.
Mat eisem neie Bebauungsplang hu mer e neit a modernt Instrument zur Verfügung mat dem mer déi zukünfteg Entwécklung vun eiser Gemeng kënnen steieren. Deen ass sécher net a Steen gemeesselt, a wäert och an der Zukunft op Grond vun Entwécklungen an Erfahrungen mussen ugepasst ginn.
Dee neien Bebauungsplang ass jo esou opgestallt, dass en eis Gemeng urbanistesch nei opstellt an e moderate Wuesstem garantéiert. An dem Kontext soll dann och d’Schafen vun zousätzlechem Wunnraum gesi ginn. Mer hunn den 11.Dezember 2008, esou wéi de Gemengerot eis et ermächtegt huet, de „Pacte Logement“ ënnerschriwwen. Heimat hu mer eis engagéiert, eis aktiv an d’Problematik vum Wunnengsbau an ze klicken. A wa mer dann och doduerch positiv finanziell Retombéen hunn, dann huele mer dat gären mat. Des Suen kënne mer gutt gebrauchen, fir erëm frësch ze investéieren. Ronn 1,56 Mio € hu mer fir d’Joer 2017 als Einnam an de Budget geschriwwen, nodeems mer der schonn ronn 6,0 Mio € an de Joren 2009 bis 2016 kritt hunn. Des Suen resultéieren aus dem Awunnerzouwues vun de Joren 2008 bis 2016, woubäi dat lescht Joer jo awer nach net ofgeschloss ass. An des Suen konnte mer an eis „Maison des Générations“, an eis nei „Maison Relais“ an an eis nei Klassesäll an der Lydie-Schmit-Schoul zeréck investéieren. Well d’finanziell Situatioun et erlaabt, hu mer déi 1,56 Mio € am Budget 2017 net direkt affectéiert, mä mer loossen se einstweilen emol am „Fonds Pacte Logement“ stoen, fir gegebenenfalls drop zeréckgräifen ze kënnen.
Zur zukünfteger Entwécklung vun eiser Gemeng gehéiert och eis Geschäftswelt, déi et schwéier genuch huet, an déi mer weider wëllen revaloriséieren.
Opbauend op d’Etude iwwert d’Stäerkten an d’Schwächten vun eisem Commerce, wëlle mer och weider zesummen mat dem Geschäftsverband am Kader vum sougenannten SPAS, weider dru schaffen eis Attraktivitéit op deem Plang ze verbesseren. Mer wäerten an deene nächste Joren am Kader vum Reamenagement vum Zentrum nei Geschäftsfläche schafen, mä besonnesch wichteg ass déi nei „Zone d’activité commerciale et artisanale“ (Op Herbett) , wou mer dervun ausginn, dass mer spéitstens am Hierscht vum nächste Joer mat den Infrastrukturen kënnen ufänken. Den entspriechenden Devis hu mer jo den 22.September hei am Conseil gestëmmt.
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Mer hunn also nach vill vir an der nächster Zäit. Et kann net alles mateneen gemeet ginn. Et muss nach vill investéiert ginn, mee ech mengen, wann een d’Zuelen analyséiert, da gesäit een, datt trotz héijen Investitiounen a mat enger stabiller Situatioun um Niveau vun der Gemengeschold, mer et wäerten fäerdeg bréngen eis Finanzen weider ze konsolidéieren.
Ech hunn éinescht gesot, dass mer och dat nächst Joer nees dat maachen wat a wirtschaftlech schwieregen Zäiten Sënn mécht, nämlech weider investéieren. Eis Gemengeschold wäert am Joer 2017 net weider klammen. Mer kënnen all eis Investitiounen am Joer 2017 tätegen ouni op Friemkapital zeréckzegräifen. Eis Schold wäert sech Enn 2017 op 24,12 Mio € belafen, wat enger Pro-Kapp-Verscholdung vu ronn 2.286 € entsprécht a sech bei Annuitéiten vu 8,39% zu den uerdentlechen Recetten, weider a Sphären beweegt di fir eis Gemeng keng dramatesch Belaaschtung duerstellt. Et muss een dat am Hannerkapp behalen, wann een un di Projeeën denkt déi nach op eis duer kommen an deenen nächste Joren, an déi eis och nach vill Geld wäerte kaschten, wéi z. B., dat neit Kulturhaus oder den eventuelle Bau vun enger neier Schoul.
Mer hunn haut hei zu Schëffleng eng gutt Liewensqualitéit erreecht duerch déi Politik di an der Vergaangenheet gemeet ginn ass.
Ech widderhuele mech, wann ech soen, dass mer eise Leit vill bidden kënnen, mär hunn eng gutt a performant Sportinfrastruktur, um kulturelle Plang gi vill Aktivitéiten gemeet, mer hunn eng gutt Ubannung un d’Netz vun den ëffentlechen Transportmëttelen. Och eis eeler Leit fillen sech wuel an eiser Uertschaft, eis Kanner si gutt opgehuewen an de Schoulen, Maison-Relais a Crèchen an och soss, fir eis Jugend hu mer nei Ugebuerter geschaf, ech denken do un d’Jugendhaus an de Skate-Park, mä och un déi aner Initiativen an deem Beräich, wéi z.B. de Konschtfestival. Den Engagement vun enger haaptamtlecher Jugendbeoptragten, déi och fir d’Chancëgläichheet zoustänneg ass, verfeelt hei seng Wierkung net, och a budgetärer Hinsicht.
Jo, alles an allem si mer eng attraktiv Gemeng, wat jo och doduerch dokumentéiert gëtt, datt eis Awunnerzuel stänneg an d’Luucht geet (prognostizéiert 10.550 Enn 2017). Mer wëssen awer och, datt dëse Wuesstem vun eiser Uertschaft eng Rei Problemer mat sech bréngt. Problemer bei de Schoulen, den Infrastrukturen, beim Waasser, beim Müll, beim Kanal, beim Verkéier. Un eis alleguerten ass et fir och an der Zukunft Léisungen fir dës Problemer ze fannen. Ech mengen, datt mer et fäerdeg bruet hunn, an der Vergaangenheet, an och an dësem Budget, eng Rei weider Akzenter an di richteg Richtung ze setzen. Akzenter déi an deeër Envergure awer nëmme méiglech sinn, well mer an der Vergaangenheet gutt gewirtschaft hunn, well mer ëmmer suergfälteg mat eise Fonctionnementskäschten ëmgaange sinn, an de Käschtendeckungsprinzip am Déngschtleeschtungsberäich héichgehalen hunn.
Dëst Joer ginn eis uerdentlech Ausgaben em 1,48% an d’Lut. Dat ass verhältnisméisseg net vill, an och ze erklären. Alleng eis „Masse salariale“, ech hunn et gesot, klëmmt em 3,82%, wat natierlech en Impakt op eis uerdentlech Ausgaben huet. Et muss en awer och gesinn, datt duerch d’Schafe vun zousätzlechen Posten an deene leschte Joren an eiser Administratioun, mer fir eis Bierger eng „Plus-value“ geschafen hunn an stänneg nei Déngschtleeschtungen kënnen ubidden, déi een natierlech net direkt kann quantifizéieren.
Am Joer 2010 hu mer jo och de „Pédibus“ agefouert, deen e grousse Erfolleg huet, deen awer och Personal brauch. 278 Kanner sinn op deene verschiddenen Itineraire ageschriwwen (126 Albert Wingert, 30 Nelly Stein an 122 Lydie Schmit) a ginn vun 24 Accompagnateuren begleet. Haut beschäftegt eis Gemeng am ganzen 197 Leit, d’Léierpersonal natierlech net mat agerechent. 49 Fonctionnairen, 12 „salariés à tâche intellectuelle“ an 136 „salariés à tâche manuelle“, dovun 80 Leit déi eng Deelzäitaarbecht hunn (Femmes de charge a Pédibus).
Wa mer den Impakt vun der Lounmass emol neutraliséieren, da gesi mer datt mer et fäerdeg bruet hunn eis aner Fonctionnementskäschten méi wéi am Grëff ze behalen. Eng Erkenntnis déi net onwichteg ass, an et ass och nëmmen esou wéi et mëttel- a laangfristeg geet! Ech well awer direkt derbäi soen, dass mer der Meenung sinn, dass een an dem uerdentleche Budget sécher nach méi kann eraus huelen. Duerfir musse mer hei am Haus all zesummen weider dru schaffen eng rigoros Analys vun eisen Ausgaben ze maachen.
Wéi gesinn elo awer déi wichtegst finanztechnesch Zuelen an dësem Budget aus?
Et wëll elo net all Artikel hei kommentéieren, jiddereen hat d’Geleeënheet dat Dokument ze studéieren a jiddereen huet sech och bestëmmt seng Gedanken driwwer gemeet. De „Commentaire“ zu deenen eenzelen Artikelen beäntwert wahrscheinlech jo och muench Froen, hoffen ech zumindest, fir de Rescht verweisen ech op d’Diskussioun vum Budget de nächste Freideg op dëser Plaz. D’Finanzkommissioun huet sech jo och den 30.November d’Dokument ugekuckt.
Ech wëll versichen, wéi all Joer, e bëssen méi eng global Approche vum finanztechneschen Standpunkt aus ze maachen, an derbäi awer och eenzel Schwéierpunkten erausgräifen a kommentéieren.
Fänke mer mol vläicht mat den Eckwäerter un. Am „Budget rectifié“ vum Joer 2016, hu mer op der Säit vun de Recetten am ordinären Service ronn 35,88 Mio € géintiwwer ronn 33,60 Mio € am Budget initial, dat ass e Plus vun 6,79%. Op der Säit vun den „Dépensen“ hu mer do 30,45 Mio € géintiwwer 30,68 Mio € am „initial“ wat engem Minus vun 0,75% entsprécht. De „Budget rectifié“ schléisse mer am ordinären Deel mat engem Boni vu ronn 5,43 Mio € of, géintiwwer 2,92 Mio € am „initial“. Beim Kont 2015 lunge mer bei 4,79 Mio €.
Am extraordinären Deel vum „Budget rectifié“ hu mer 8,08 Mio € u Recetten géint 12,61 Mio € déi virgesinn waren ugangs dës Joers, dat ass e Minus vun 35,97%.
Bei den Ausgaben am „Extraordinaire“ hu mer 13,66 Mio € géintiwwer 17,11 Mio € am „initial“, dat si ronn 20,14% manner wéi virgesinn war. Den Exercice 2016 selwer schléisse mer dann of mat engem Mali vun 152.515,91 €. Wa mer dann eise Kont maachen, da gesi mer, datt mer, verrechent mam Boni aus dem Kont vun 2015 vun 2,46 Mio €, eis en Iwwerschoss am “Budget rectifié” bleift vu ronn 2,31 Mio €.
Wat elo eis Previsiounen fir 2017 ugeet, esou hu mer am « uerdentlechen » Deel Recetten vun 33,91 Mio € virgesinn, dat sinn ronn 5,51% manner wéi am „rectifié 2016“. Dat hu mer an éischter Linn der Neiverdeelung vun de Steierrecetten ze verdanken, déi mat engem Minus vun 5,69% zu Buch schléit. Dozou wëll ech soen, datt mer an de Budget genee dat ageschriwwen hunn, wat mer vum Ministère an der “Circulaire budgétaire” recommandéiert kréien. An Zuelen ausgedréckt ass dat e Minus vun 1,5 Mio € par Rapport zum rektifizéierte Budget 2016 an ronn 0,5 Mio € méi wéi am Joer 2015.
Bei den Ausgaben hu mer 30,90 Mio € ageschriwwen wat e Plus vun ronn 450.000 € oder 1,48% ausmécht par Rapport zum Exercice 2016. Eng Augmentatioun vun den Ausgaben also, virun allem bedéngt duerch eng substantiell Augmentatioun vun der Lounmass em 3,82%, déi mat engem Plus vun ronn 541.000 € am Verglach mat 2016 budgetiséiert ass. D’Augmentatioun vun der Lounmass geet zu engem groussen Deel och zeréck op den Enseignement, wou mer dëst Joer nach ëmmer 1/3 vun de Gehälter bezuelen. Dat wäert sech awer ab dem 1.Januar 2017 am Kader vun der Gemengefinanzreform änneren. Am Budget mécht dat sech awer dann eréischt 2018 bemierkbar. Och ass eng Index-Tranche (2,3%) an d’masse salariale mat agerechent.
E Minus vun 5,51% bei de Recetten, e Plus vun 1,48% bei den Ausgaben, den uerdentlech Deel vum Budget entwéckelt sech also liicht an déi falsch Richtung, och wann dat net onbedéngt dramatesch ass, an et och Erklärungen duerfir gëtt. E schléisst mat engem Boni vun 3,01 Mio € (3.009.836,08) of, wat och emol scho besser war, awer och schonn emol méi schlecht war. D’Konten wäerte weisen op dat dann sech och esou bestätegt. Mä mer musse fir d’Zukunft awer weider oppassen, den uerdentlechen Service nach weider hannerfroen, well den Iwwerschoss am ordinären Deel ass a bleift d’Basis fir den Investitiounsvolumen ze definéieren.
An da si mer beim ausseruerdentlechen Budget, wou mer Einnamen hunn vun 10,45 Mio € ( an der Haaptsaach staatlech Subventiounen an Ënnerstëtzungen) géintiwwer Ausgaben an der Héicht vun 14,61 Mio €, wat eis dann fir den Exercice 2017 selwer am Gesamtbudget zu engem Mali vun 1,15 Mio € komme léisst, e Mali deen mer awer verrechnen mussen mam Boni vun 2,31 Mio € aus dem Joer 2016, esou datt wann all Previsiounen géife stëmmen, d‘ Joer 2017, ofschléisst mat engem Gesamtboni vun 1.163.167,99 € .
Wéi schonn bemierkt ass awer d’Réckgrat vum Budget natierlech den ordinären Service, deen stabel bleift, deen awer, wéi ech schonn gesot hunn, weider kritesch muss hannerfrot ginn, wa mer och an der Zukunft wëllen duerch eng virsiichteg Finanzpolitik eis Investitiounskapazitéiten weider ofsécheren. Dräi Facteuren sinn hei ze ernimmen:
1) Eng Evolutioun vun der Lounmass, op déi mer awer praktesch keen Afloss hunn;
2) „Charges financières“, déi aus enger iwwerschaubarer Verscholdung resultéieren, an
3) Konsumausgaben, déi mer zimlech gutt am Grëff hunn, awer weider mussen hannerfrot ginn.
Bei den uerdentlechen Einnamen hunn och an dësem Budget nees den Haaptimpakt d’Gewerbesteier an déi aner Steieren déi mer vum Staat erakréien. Déi 2 Posten alleng maachen 73,26% vun de „Recettes ordinaires“ aus. D’Gewerbesteier alleng mécht an deem Pak nach just 1,8% aus, well mer an de Budget, bedéngt duerch d’Gemengefinanzreform, nëmme nach 35% vun der Gewerbesteier déi op eisem Territoire generéiert gëtt, aschreiwe sollen, oder awer 35% vun der nationaler Moyenne vun der Gewerbesteier pro Awunner, multiplizéiert mat der Populatioun. Dee niddregste Betrag soll berécksiichtegt ginn. Dat sinn dann an eisem Fall nach just 636.687 € géintiwwer 9.116.700 € am Joer 2016. De Solde fënd sech dann am neie „Fonds de dotation globale des communes” (FDG) erem. Mer kréien am nächste Joer am ganzen ronn 24,84 Mio € vum Staat, dat si ronn 1,5 Mio € manner wéi 2016, ëmmer ënnert der Berécksichtegung datt d’Estimatiounen vum « Intérieur » der Realitéit entspriechen, wann herno ofgerechent gëtt. Dëst ass allerdéngs seelen de Fall.
E ganz groussen Impakt bei den Einnamen hunn natierlech och déi verschidden Taxen déi mer vun eise Matbierger erhiewen « en contre-partie » vun Déngschtleeschtungen déi mer als Gemeng erbréngen.
Et ass bekanntlech e wichtegen a richtege Prinzip, datt wann een eng seriö Budgets-a Finanzpolitik wëll maachen, dann muss ee versichen bei de Konsumausgaben am Déngschtleeschtungsberäich esou wäit wéi méiglech de Käschtedeckungsprinzip ze respektéieren.
Natierlech sinn do virun allem de Müll, de Kanal an d’Waasser viséiert, well déi dee gréissten Impakt hunn. D’strikt Applikatioun vum Käschtendeckungsprinzip an d’Kontrolléieren vun de Konsumausgaben sinn zwee ganz entscheedend Elementer, déi eis hëllefen ze garantéieren, datt och an der Zukunft d’Ausgaben am Déngschtleeschtungsberäich keng Barrière solle sinn fir d’Investitiounspolitik vun eiser Gemeng.
D’Zuelen déi mer souwuel am „Rectifié 2016“ wéi am Budget 2017 an deene Beräicher virfannen beweisen, dass déi Taxenupassungen, déi mer verschiddentlech an deene leschte Joren gemeet hunn, richteg waren. Mer hunn awer net nëmmen Taxen ugepasst, mä och, wéi z.B. am leschte Joer beim Müll, versicht am Kader vum neien Offallgesetz verstäerkt dem Prinzip vum « pollueur-payeur » gerecht ze ginn. Mä mer hunn awer och eise Service um Bierger verbessert, an déi Leit finanziell belount déi dësem Prinzip gerecht ginn. D’Gestioun vum Offall wäert eis am nächste Joer ronn 1,11 Mio € kaschten.
Beim Kanal a beim Waasser hu mer de 19.November 2010 hei am Gemengerot bekanntlech déi 2.Etapp vum neie Waassergesetz ëmgesat, wat jo e neien Berechnungsmodus definéiert. Mer haten an deem Beräich awer och während laange Joren keng Upassungen virgeholl. Mer hunn dat awer och net bräichten ze maachen, well mer ëmmer, an der Logik vum alen Berechnungsmodus, käschtendeckend geschafft hunn. Elo gesäit d’Welt natierlech anescht aus. Eise Waasserpräis ass op 2,25 € an d’Ofwaassertaxe op 1,75 € pro m3 Waasser geklommen. Mat deenen Taxen leie mer awer nach wäit ënnert deenen, wat aner Gemengen froe mussen. Hei profitéiere mer natierlech och vun de geographeschen Parameteren an eiser, territorial gesinn, klenger Gemeng. Mer hunn e Waassernetz vun ronn 50 km an e Kanalnetz vun ronn 32 km. Waasser a Kanal kaschten eis am Joer 2017 zesummen ronn 1,5 Mio €.
De Käschtendeckungsprinzip kann natierlech net an alle Beräicher spillen. Ech denken un de Ruff-Bus, eis Schwämm oder eis Sauna, wa mer do dee Prinzip géifen applizéieren, da kéinte mer se direkt ofschafen, well se vun de Leit net ze bezuele wieren. Et ass numol esou, dass eng Gemeng och eng sozial Vocatioun huet, an eng Rei vu soziale Servicer muss kënnen ubidden, déi hire Präis hunn, déi awer virun allem Déngschtleeschtungen sinn, déi zur Liewensqualitéit vun eise Bierger an och eise Schoulkanner bäidroen.
Op der Ausgabesäit musse mer wierklech weider oppassen, datt et net zu enger Expansioun vun de Konsumkäschten kënnt, an dat d’Fonctionnementskäschten op Dauer net méi séier wuessen wéi de wirtschaftleche Wuesstem vum Land. Dëst Joer ass et eis gelongen eis eegen generéiert Käschten anzegrenzen, et sinn wierklech an eise Servicer ganz vill Efforten gemaach ginn, mer sinn awer iwwerzeegt, datt nach Spuerpotential dran ass, dee mer mussen weider ausloten, an dat an alle Servicer, an an alle Beräicher. Et sinn heiansdo kleng Reorganisatiounen déi ganz vill kënne bewierken, op dat beim Akaf vu Schoulbicher oder Material ass, bei der Gestioun vu Kopiespabeier, bis hin zu enger méi « bewosster » Gestioun vun den Energien op eise Sportsterrainen, an eisen Halen an an eisen eegenen Gebaier. Hei si mer selwer gefuerdert, ech maachen awer och en Appell un eis Veräiner eis dobäi eng Hand unzepaken.
Et ass och ëmmer interessant e Vergläich ze maachen wéi d’Forschette tëschent den uerdentlechen Einnamen an den uerdentlechen Ausgaben evoluéiert huet, an da gesäit ee wat fir eng Entwécklung mer speziell an deene leschte Joren do matmaachen. Dëst Joer maachen déi uerdentlech Ausgaben 91,12% vun deenen uerdentlechen Recetten aus, géintiwwer 84,85% am Joer 2016, dat ënnersträicht, dass mer de finanziellen Spillraum dee mer als Gemeng zur Verfügung hunn am A musse behalen. An de Konten 2014 an 2015 waren et 79,09% respektiv 85,44%.
Virsiicht muss elo weider ugesot bleiwen, déi onsécher konjunkturell Zukunft kann eis, bis elo nach gutt, Ausgangspositioun ëmmer erëm a Gefor bréngen.
Et sief just drop higewisen, datt eisen Iwwerschoss am ordinären Budget duergeet fir 20,60% vun eisen ausseruerdentlechen Investitiounen an Héicht vun 14,61 Mio € ze finanzéieren.
Am A behalen musse mer ëmmer d’Käschten an der ” Administration Générale”, e Posten deen an de leschten Joren lafend an d’Luucht gaangen ass, deen am Budget 2017 ronn 9,02 Mio € ausmécht an 29,18 % vun den uerdentlechen Ausgaben duerstellt.
Déi gesamt « Masse salariale » déi mer als Gemeng mussen droen, beleeft sech op 14,70 Mio €, dat sinn 47,59% vun eisen uerdentlechen Ausgaben, wat net näischt ass. Et muss een awer wëssen, datt an deem Chiffer och eisen Undeel un de Gehälter vum Léierpersonal an enger Héicht vun ronn 2,7 Mio € mat dran ass. Wa mer déi emol erausrechnen, dann leie mer nach bei 38.89%. Et ass natierlech esou, wéi ech et schonn ugedeit hunn, datt dat Käschte sinn, déi mer quasi « imposéiert » kréien, op déi mer als Gemeng eigentlech wéineg Afloss hunn, à moins datt mer se iwwert eng Kompressioun vun den Effektiver wéilten erof drécken, wat natierlech dann awer och seng Auswierkungen hätt op d’Quantitéit an d‘Qualitéit vun de Servicer déi mer eise Bierger wëllen ubidden.
Et ass richteg datt d’Masse salariale an de leschten Joren lafend an d’Luucht gaangen ass, an och dëst Joer, wéi scho gesot, weider wäert klammen ëm ronn 540.000 € oder 3,82%. Mee och eis Effektiver, wéi déi am Enseignement oder eise “Femmes de charge” sinn an de leschten Joren lafend ugepasst ginn, fir di vill Erausfuerderungen déi mer hu missen ophuelen, ze bewältegen. Wa mer am Joer 2000 nach nëmmen 100 Leit beschäftegt haten, da sinn et der haut 197.
En anert grousst Kapitel ass, wéi schonns gesot, dat vum Enseignement, deen eis och all Joer vill Geld kascht, an ech mengen dat guer net negativ. Mer spueren net op Käschten vun eise Kanner. D’Käschten an dësem Beräich belafe sech fir 2017 op 5,75 Mio € wat ronn 18,61% vun den uerdentlechen Ausgaben ausmécht. Dat ass natierlech en décke Batz, dee mer awer als Invest an eis Kanner solle betruechten. Bei enger Schülerzuel vun ronn 1.012 Kanner, déi mer de Moment an eise Schoulen ageschriwwen hunn, mécht dat en Invest vun ronn 5.682 € pro Kand aus. D’Maison Relais an d’Beschcrèche kaschten eis ronn 1,92 Mio €. An der Maison Relais sinn de Moment 371 Kanner, an an der Beschcrèche 66 Kanner ageschriwwen. De Käschtepunkt pro Kand beleeft sech domat op ronn 4.393 €. Dat entsprécht eiser Bedeelegung déi bei 25% läit. De Staat bedeelegt sech hei zu 75 % un de Käschten. An der Vergaangenheet hu mer ëmmer alles misse virfinanzéieren, an dann hu mer oft laang op d’staatlech Participatioun gewaart. Zenter dem Joer 2013 gëtt eng Dräier-Konventioun Ministère-Gemeng-Bedreiwer, déi dee Virfinanzéieren vun der Gemeng net méi virgesäit.
Och eisen Invest an eis Beschäftegungsinitiativen CIGL a ProActif ass mat ronn 410.000 € substantiell, allerdéngs manner wéi an der Vergaangenheet bedéngt duerch d’Opléisung vun OPE. Et muss een awer och soen, dass niewent der Beschäftegung vu Leit déi am Chômage sin, do och eng gutt Aarbecht am Interêt vun der Allgemengheet gemaach gëtt.
Ronn 1,1 Mio € investéieren mer an eis Sport- an Kulturinfrastrukturen, nëmmen um Niveau vum rengem Fonctionnement, wat bei deeër grousser Unzuel vu Veräiner an eiser Uertschaft e Chiffer ass, dee mer einfach mussen assuméieren. Dat selwecht gëllt och fir eis „Piscine“ a Sauna, déi trotz Moderniséierung an Taxenupassung virun e puer Joer, weider « déficitaire » bleift, bei geschätzten Recetten vun 171.000 € an Depensen vun 1,35 Mio €, wat eng Couverture ass vu knapp 12,67%. D’Piscine huet natierlech och eng sozial Funktioun déi vill Leit an Usproch huelen, notamment och eis Schoulkanner, an déi och e Stéck Liewensqualitéit an eiser Uertschaft duerstellt.
Ech wëll dann och nach derbäi fügen, dass mer nach vill aner Servicer an eiser Gemeng ubidden, déi och alleguer e Stéck Liewensqualitéit bedeiten oder enger gesellschaftlecher Noutwendegkeet entspriechen. Op dat de Ruff-Bus ass, de “Service de Médiation”, oder de Club Seniors, wou d’Käschten och lafend an d’Lut ginn, de Pédibus, d’Jugendhaus an nach vill anerer, alles Ugebuerter, déi net méi ewech ze denken sinn, déi awer net gratis sinn an all hire Präis hunn. Net ze vergiessen eisen “Office social”, dee jo mëttlerweil als eegestännegen „Etablissement public“ mat zwou „assistantes sociales“ funktionéiert, an deen eis och 325.000 € wäert kaschten. Och eis „Services de secours“ sinn net gratis a kaschten eis ronn 506.000 €.
E Wuert och nach zu de Gemengesyndikater, deenen hir Chargen eis och all Joer am Budget belaaschten. An 13 Syndikater oder interkommunalen Institutiounen si mer Member, an déi 13 Organer kaschten eis am Joer 2017 viraussiichtlech 3,06 Mio € (9,89% vun den uerdentlechen Ausgaben), wou den TICE an d’Ëmweltsyndikater deen décksten Batz ausmaachen. Wann een natierlech Member an engem Syndikat gëtt, da muss een och di finanziell Konsequenzen dovun droen. Et muss een awer och unerkennen, dass mer vun deene Syndikater héichwäerteg Dingschtleeschtungen ugebueden kréien, déi eise Leit zu gutt kommen. Ech wëll drun erënneren, dass z.B. den TICE eis Uertschaft am Véierelstonnentakt gedingt, an ab dësem Weekend och Samschdes a Sonndes Nuets bis 4 Auer fiert.
Da wollt ech awer och nach e Wuert soen zur weiderer Entwécklung vun eiser Gemengeschold. Mer brauchen dëst Joer keen zousätzlechen Emprunt opzehuelen fir eis Investissementer kënnen ze finanzéieren an de Budget an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Mer wëssen, dass mer bei groussen Investissementer wou mer e Géigenkapitalschaafen, ganz oft net laanscht en Emprunt kommen. Schoulen a MaisonRelais oder aner Infrastrukturen kënne mer leider net aus der Portokees bezuelen.
Ech widderhuele mech wann ech soen, dass vun 1982 bis 1998 eis Gemeng net huet bräichten op en Emprunt zeréckzegräifen, ganz einfach well an dëser Period keng grouss Investissementer getätegt gi sinn. Hätte mer vun do un keen neien Emprunt opgeholl, stéinge mer haut ouni Schold do, mer hätten awer och net déi « Plus-Value » fir eis Gemeng geschaf, wéi mer dat an deene Joren no 1998 gemaach hunn. Ech denken z.B. un den Assainissement vum gesamten Kanalnetz, de Bau vum neien Interventiounszenter an eisen Regiebetriber, de Bau vun der Nelly-Stein-Schoul, d’Moderniséierung vun der Piscine, de Centre Seniors, d’Maison des Générations, d’Albert-Wingert-Schoul, d’Maison Relais asw.
Eis Schold wäert sech um Enn vum Joer 2017 op 24,12 Mio belafen, bei Annuitéiten vun 8,39% vun den uerdentlechen Einnamen an 9,2% vun den uerdentlechen Ausgaben, wat sech wuel am Budget nidderschléit, awer nach ëmmer gutt am grénge Beräich läit. D’ “Charges financières“ déi sech aus der Schold erginn belafen sech fir 2017 op 2,84 Mio € oder, wéi gesot, 9,2% vun den uerdentlechen Ausgaben. D’Schold déi mer opgeholl hunn fir eppes ze schaffen, steet am Budget. De Géigewäert an d’Kapital dat mer geschaafen hunn, a wat jo en onheemlechen Wäert duerstellt, taucht leider an eiser kameralistescher Comptabilitéit net op.
D’Pro-Kapp Verschëldung läit bei 2.286 €, bei enger Populatioun vun geschätzten 10.550 Awunner um Enn vum Joer 2017.
Léiw Kolleginnen a Kollegen
Le lundi 05 décembre 2016 l’association « Schëffleng Hëlleft » a pu remettre 3 chèques d’une valeur totale de 30.000€ aux associations suivantes: SOS Villages d’Enfants, Île aux Clowns et Le Chemin de l’Ecole.
SOS Villages d’Enfants :
Actuellement, l’association luxembourgeoise finance 2 Villages d’Enfants SOS, 19 programmes de renforcement des familles, 3 programmes d’éducation et de formation, ainsi que 3 programmes d’aide d’urgence et d’aide à la reconstruction (Syrie, Népal et Niger)qui viennent en aide à des nombreux enfants et familles vulnérables dans le monde.
Par ailleurs, l’association fait également de l’éducation au développement un de ses points forts et mène des actions de sensibilisation dans les écoles et auprès du public luxembourgeois.
Île aux Clowns :
L’Ile aux Clowns est une asbl qui a pour objectif premier d’apporter de la bonne humeur, de la joie et des sourires aux personnes confrontées, momentanément ou non, à des conditions de vie difficiles. Les clowns, colorés et enjoués, interviennent autant en milieu hospitalier qu’au sein de tout autre établissement ou structure à vocation sociale et sanitaire. Ils sont disponibles pour les enfants comme pour les seniors. Ils distillent également leur gaieté aux personnes défavorisées ou souffrant de solitude.
Le Chemin de l’Ecole :
Le « Chemin de l’École » est une initiative qui vise à attirer l’attention sur l’importance de l’éducation.
A travers le regard photographique de jeunes élèves des divers coins du globe, ils réalisent des expositions itinérantes illustrant les environnements respectifs. Encadrés de photographes professionnels, les élèves des différents endroits collaborent à la conception des expositions. Par la suite ces expositions sont conçues pour être mises à disposition d’institutions ou d’entreprises afin de générer des dons.
Ces fonds collectés serviront à acquérir du matériel nécessaire pour les écoles participantes et investir dans des projets de microfinance soutenant l’éducation dans ces mêmes pays.
Ce projet est aussi un projet pédagogique puisqu’à chaque destination, à chaque école choisie pour réaliser les photos est associée une école ou un lycée luxembourgeois.
En collaboration avec la Commission de la Culture, des Sports et des Loisirs, l’ACAS et le Syndicat d’Initiative, la Commune de Schifflange a organisé une nouvelle édition du “Niklosmoart”. La bonne ambiance a été garantie grâce aux enfants de la Maison relais, l’Harmonie municipale et le groupe Saxitude. De nombreux stands organisés par les associations locales ont proposé entre autre du vin chaud, des crèpes ou encore des marrons… Le dimanche 04 décembre le Saint Nicolas est arrivé en train à Schifflange, afin de récompenser les enfants schifflangeois sages avec un petit sachet plein de friandises.
Schëffleng „aktiv am Klimaschutz“
Ried vum Buergermeeschter Roland Schreiner am Kader vum Dag vum Bam zu Schëffleng den 1. Dezember 2016
Och wa mer eis dëst Joer net genee un den Datum vum internationalen Dag vum Bam gehalen hunn, sou ass et eis als Schëfflenger Gemeng awer trotzdem wichteg datt mer di Traditioun vum Dag vum Bam bäibehalen an domader op en Neits eist Engagement och no baussen hin dokumentéieren. De Beem ass et och sécherlech egal wann se 3 Wochen mi spéit bei d ‘Leit heemkommen.
Besonnesch frou sinn ech datt fir dës 20. Editioun vum Dag vum Bam net manner wéi 83 Famillen eisem Opruff gefollegt sinn an e Bam bei eis bestallt hunn. A genau sou frou sinn ech datt esou vill Leit den Owend extra heihi komm sinn fir hire Bam perséinlech ewech ze huelen.
Nieft dëser Aktioun investéieren mer als Schëfflenger Gemeng am Laf vum Joer bestänneg an d ‘Erhalen vu Natur Raim an un d ‘Schafen vu neie Natur Raim. Och hu mer eng Onmass vu neie Biotopen geschaf, anerer hu mer opgewäert oder restauréiert. Virun e puer Joer hu mer d ‘Uelzecht renaturéiert, Bongerten a Weieren ugeluecht, Solitärbeem geplanzt, Dréchemaueren gebaut an Nisthëllefen opgeriicht fir verschidde Vullen Aarten, wéi de Mauersegler, d’Schleiereil, d’Hausschmuewel a besonnesch fir de Storch.
Wa mer also an der Vergaangenheet scho vill gemat hunn – maer sinn jo och net fir näischt als eenzeg Lëtzebuerger urban Gemeng – mam gëllenen, also deem héchsten europäeschen Energy Award ausgezeechent – heescht dat net datt mer eis Hänn elo an de Schouss leeën. Am Géigendeel: de Schäfferot proposéiert dem Conseil an enger nächster Gemengerotssitzung Devis‘en am Natur-, Klima- an Ëmweltschutz matzedroen an enger Héicht vun ronn 1,6 Milliounen Euro. Dee gréisste Projet ass d’Renaturéierung vun der Kiemelbach, e Projet deen Dank der Federführung vun eiser Gemeng am Kader vum Contrat de Rivière Alzette an an Zesummenaarbecht mat de franséischen Kollegen vun der Kläranlag vun Oth vun europäeschen Fördergelder profitéiert.
Mais och aner Projeten wëlle mer realiséieren sief et den Ausbau vum VeloK-System, d ‘Schafen vun Urban Gardening oder och nach Projeten an der Solarenrgiegewënnung an Zesummenaarbecht mat eisem Jugendhaus an Greenpeace.
An all dës Projeten reit sech dann di Aktioun vun haut gutt an well duerch d ‘Planze vun den einheimeschen Äppel- a Birebeem ka jiddereen en Deel dozou bäidroen fir dem Beiestierwen entgéint ze wierken an zu enger Verbesserung vun der Biodiversitéit bäizedroen.
Fir Ofzeschléissen well ech e puer Mercien lassginn: do hu mer mol eis lokal Sektioun vun Natur an Ëmwelt déi ouni grouss Ophiewes, besonnesch wäertvoll Aarbecht am Dingscht vun eiser Natur leeschten. Dann d ‘Firma “Mon Jardin”, déi eis d ‘Beem geliwwert huet an eis Gemengenservicer déi den Dag vun haut organiséiert hunn a last but not least Iech all, déi der gewëllt sidd mat engem klenge Gest eppes fir eise Planéit ze maachen.
Loosst Iech an e puer Joer d ’Äppel an d ‘Biren gutt schmaachen an elo à l’immédiat den Éiereglühwäin deen eis Madamen Iech elo servéieren.
Ab dëser Woch ass de klenge Park tëschent der Aloyse Kayser- an der Liberatiounsstrooss fir d’Foussgänger gespaart an Preparativen fir d’Aarbechten fänken un.
Am Kader vun der Reform vun der Police hunn d’Kommissariater Schëffleng a Monnerech fusionéiert. Den 22. November 2016 hat Police d’Awunner aus de Gemengen Schëffleng, Monnerech, Recken op der Mess a Leideleng an den Hall Polyvalent op eng Informatiounsversammlung invitéiert fir hinnen do all néideg Informatiounen iwwert de Fonctionnement vum neien Kommissariat ze ginn.
Den 28. November 2016 ass et dann esou wäit an dat 1. Kommissariat vun der neier Generatioun mescht offiziell seng Dieren zu Schëffleng op. Ënnert dem Numm „Porte du Sud“ well d’Police de Bierger méi no, méi präsent, méi visibel a virun allem méi disponibel sinn. Vun 7.00 Auer bis 21.00 Auer ass dat neit Kommissariat op an 12 Polizisten stinn am Déngscht vun de Bierger.
Hei all wichteg Kontakter vun eiser Police:
2, rue Aloyse Kayser
L-3852 Schifflange
Postadress:
Commissariat de Police „Porte du Sud“
B.P. 21
L-3801 Schifflange
Telefon : 244 57-200
Am Noutfall mellt Iech w.e.g um 113.