16.08.2018

Vereedegung vum neien Conseiller Vincent Nothum

Nodeems d’Madamme Gaby Bruch-Forster an der Gemengerotssitzung vum 13.07.2018 ugekënnegt hat hir Demissioun als Gemengeconseillere anzereechen ass den Nächstgewielten vun der LSAP-Lëscht, den Här Vincent Nothum, den 16.08.2018 a Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch vereedegt ginn.

De Vincent Nothum  ass 1978 zu Diddeleng op d’Welt komm, ass mam Alexandra Reinert bestuet a Papp vun engem Bouf. Vu Beruff ass hien Schoulmeeschter an deemno leit et op der Hand dass hien sech besonnesch fir den Enseignement  an d’Jugend well asetzen an net ze vergiessen de Sport,  deen hien wärend 27 Joer mat vill Erfolleg bedriwwen huet.

Bei den Walen vum Oktober 2017 war hien mat 1.394 Stëmmen den 8-Gewielten op der LSAP-Lëscht.

Mär wënschen dem Vincent Nothum eng glécklech Hand bei der Ausübung vun sengem Mandat.