Monthly Archives: juin 2019

Ausstellung von « Art à l’école »

Wie gewohnt organisierte der Schöffenrat während den Monaten Oktober 2018 bis Juni 2019 die bei den Schülern sehr beliebten Bastelkurse. 25 kleine Künstler hatten sich für die Kurse unter der Leitung von Frau Nicole Huberty eingeschrieben und arbeiteten eifrig an ihren Kunstwerken.

       

Am 14. Juni war es endlich soweit und „ihre“ Ausstellung mit all ihren Mal- und Bastelarbeiten konnte den Gemeindeverantwortlichen und den Eltern präsentiert werden. Den Stolz über ihre Werke konnte man den kleinen Künstlern dann regelrecht in den Augen ablesen.

Bürgermeister Paul Weimerskirch lobte die Schüler für ihre realisierten, teils aus wiederverwendbaren Materialien, Arbeiten und ihren Ehrgeiz, eine Ausstellung auf die Beine zu stellen. Der weltberühmte Pablo Picasso hätte auch „klein“ angefangen und wäre heute nicht mehr aus der Kunstszene wegzudenken.

       

Frau Nicole Huberty bedankte sich ihrerseits und im Namen der Kinder für die von der Gemeinde zur Verfügung gestellten Räumlichkeiten und vor allem für die finanzielle Mittel die die Gemeinde jährlich zur Verfügung stellt. Ohne diese Unterstützung wäre dies alles nicht möglich.

Ehe ein „Ehrenwein“ die kleine Feier abschloss, überreichte der Bürgermeister jedem Schüler als kleine Anerkennung ein Diplom.

                       

Eisen Newsmag Juni 2019

La nouvelle édition du Newsmag (juin) vient de sortir!

Découvrez tous nos bulletins et bien plus sous la rubrique « Publications »

Bonne lecture!

Een Dag an der Natur

„Trëppeltour duerch den Dall vun der renaturéierter Uelzecht“

Am 15.6.19 fand auf Initiative der Umweltkommission und mit der Unterstützung der Gemeinde eine Wanderung unter Führung von Guy Spanier durch das renaturierte Alzettetal statt. Trotz der nicht so optimalen Wetterbedingungen fanden sich 17 Teilnehmer an der Hall Polyvalent ein, von wo die Tour losging.  Guy Spanier erläuterte sehr eindrucksvoll die verschiedenen Etappen der Renaturierung der Alzette der letzten 20 Jahre und wie sich daraufhin der Wasserlauf, die Vegetation und Biodiversität veränderte und wie sich die Qualität des Flusses verbesserte.

                                                                                                

Beschreibung des Gebiets:

Den Dall vun der renaturéierter Uelzecht ass bekannt fir seng biologesch Vilfalt. Dësen Deel vun eiser Gemeng huet vill verschidde Funktiounen. Hei gëtt ob natierlech Aart a Weis frësch Loft a kal Loft produzéiert, déi eis hëlleft d’Opwierme vun eiser Uertschaft an de Summerméint ze reduzéieren. Hei ass Retentiounsvolume geschaf ginn, deen d’Héichwaasser bei staarke Reefäll ophellt an esou déi Gemengen am Ënnerlaf vun der Uelzecht virun Héichwaasser schützt. Am Dall gëtt duerch eng extensiv Beweedung matt Gallowayranner Qualitéitsfleesch produzéiert, mat ganz niddregem CO2-Ausstouss. Op de Flächen vun der renaturéierter Uelzecht, den Iwwerschwemmungsflächen an den extensiv beweede Flächen si vill verschidde Biotopen entstanen a vill Déieren fannen hei déi Bedingungen déi se brauchen fir ze liewen. Dofir ass dësen Dall en Hotspot vun der Biodiversitéit hei am Land.

                                                                                        

Nopeschfest

D‘Editioun 2019 vum Nopeschfest den 7. Juni konnt nees e grousse Succès verzeechnen. 24 Stroossen haten sech ugemellt an hunn trotz dem schlechte Wieder mat den Nopere zesummen gefeiert.

Säin Noper besser kenne léieren, seng eis vläicht net bekannte Kultur besser verstoen, seng Iessgewunnechten schmaachen oder einfach e puer flott Stonne zesummen verbréngen mat Laachen, Schnëssen, Danzen ………..all dëst gehéiert zu enger flotter Noperschaft dozou an soll och d’Zil vum Nopeschfest sinn.

           

Op de Foto’en di mär vun de Leit geschéckt kritt hunn (op dëser Plaz e grousse MERCI un si all) gesitt Dir flott Andréck aus der „Cité E. Mayrisch“, der „rue Belair“ an der „rue Michel Rasquin“.

              

           

Remise de diplomes Babysitting

Au courant des mois de mars et avril 2019, l’Administration Communale de Schifflange, en étroite collaboration avec l’ « Initiativ Liewensufank », a organisé des cours de baby-sitter.

25 jeunes en total ont participé pendant 7,5 heures à deux formations, dont une s’est tenue en luxembourgeois et l’autre en français.

Les formatrices ont été Mme Martine Blasius, Mme Betty Krombach et Mame Marta Lage.

En présence du collège échevinal et de membres du conseil communal, les diplômes ont été remis aux participants lors de la remise officielle ce jeudi, le 6 juin 2019 à 18.00 en la Salle Grand-Duc-Jean à Schifflange.

Un grand bravo aux jeunes!

En cas de besoin d’un baby-sitter actif, les parents peuvent visiter le site www.babysitting.lu, géré par le Service National de la Jeunesse en collaboration avec des partenaires locaux. Les jeunes qui ont participé à la formation peuvent s’inscrire sur ce site pour proposer leurs services.

En Donneschdeg, de 6. Juni kruten d’Participante vum Babysittercours vun dësem Joer hire wuelverdéngten Diplom.

Elo kënne si gudde Gewëssens op d’Kanner lass gelooss ginn! D’Eltere kënne sech via www.babysitting.lu umellen.

Workshop « Zero Waste »

En Dënschdeg, de 4. Juni um 18h huet hei zu Schëffleng de Workshop « Zero Waste » stattfonnt. E gouf vum CELL (centre for ecological learning) am Optrag vum Ëmweltministär am Kader vun den neie Klima- an Offalldirektiven organiséiert a war mat 85 Participants ausverkaaft. Am ganze gi 5 Workshoppen an de 5 Regioune vum Land ofgehal, bei deenen all Bierger wëllkomm ass an invitéiert gëtt seng Iddie matzedeele fir déi nei Gesetzer opzesetzen.

Bei der Begréissung huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch sech frou gewisen, datt Schëffleng erausgesicht gouf fir de Workshop am Süden an ass op d’Efforten agaangen, déi d’Gemeng zënter 20 Joer am Kader vun der Ofallgestioun gemaach huet. A senger Qualitéit als President vum SIVEC huet hien och kloer gesot, datt si wëlle vum Recycling Zenter ewech kommen an e Ressoucenzenter ginn.

D’Madame Dieschbourg huet de Fait begréisst, datt esou vill Leit do waren fir matzeschaffen. No hirer Ufanksried an no der Entrée en la matière duerch den Norry Schneider (CELL) ass et an di eenzel Workshoppe gaangen wou ee gespuert huet, datt d’Leit wëlle konkret an efficace eppes ëmsetzen. Dës Aarbechtsgruppe goufen am Stil vu World-Café gefouert.

Hei e puer Impressioune vum Owend:

Méi Infoen iwwert d’Initiative

« On a besoin d’un changement systématique. Il ne faut plus réduire le problème, mais il faut le résoudre. Pour y parvenir, il faut légiférer, mais aussi inclure tous les acteurs, y compris les citoyens! » – Carole Dieschbourg

Coupe Scolaire 2019

De 4. Juni 2019 huet d’„Coupe scolaire“ an de Stroosse vu Schëffleng stattfonnt.

Vun 8.00 Auer u waren d’Schüler aus dem Cycle 4 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul ge­léiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 170 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren op 28 Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Marc Spautz hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser “Coupe scolaire” bedeelegt waren, e grousse Merci gesot, well ouni si wär e reiwungslosen Oflaf net méiglech gewiecht.

„Kachen mat Heelplanzen“

Am Samstag, den 1. Juni 2019 fand in Zusammenarbeit mit der Umweltkommission der von SICONA organisierte Workshop „Kachen mat Heelplanzen“ statt.

Es begann mit einer Führung mit Guy Willems durch den Kräutergarten bei den Gemeindewerkstätten, wo auch für die spätere Zubereitung der Gerichte (1: Melounen-Caprese mat Zitronenmelissenpesto; 2: ‚Frankfurter Gring‘ Kraiderzooss; 3: Champignonzalot mat Schadfgarbe; 4: Rhabarberkompott mat Mädesüßrahm) in der Küche die erforderlichen Kräuter gepflückt wurden. Dir Zubereitung der 4 Gerichte fand in der Küche der Albert Wingert Schule statt. Der Workshop fand in einer flotten Atmosphäre statt mit vielen Anregungen zum Pflegen und der Verwendung von Heilkräutern.

         

Opgepasst !

De grousse Moart fënnt de Juni NET wéi gewinnt den zweete Méinde vum Mount statt (Päischtméinden), mee eréischt eng Woch méi spéit, de 17.06.2019!

Merci fir Äert Versteesdemech!