Sk8ing Girls 2024

FR

Sk8ing Girls revient en force ! Pour cette 6e édition, rejoignez-nous le 28 septembre de 12:00 à 18:00 heures au skate parc de Schifflange.

Cet événement est une collaboration entre la Commune de Schifflange, la Ville d’Esch et la Commune Kayl/Tétange. Cette journée est l’occasion de promouvoir le skateboard, le longboard et d’autres sports de rue et d’art urbain auprès des filles, montrant que ces activités ne sont pas réservées qu’aux garçons.

Sk8ing Girls 2024 est une journée pour toute la famille, avec des ateliers pour tous les âges, des stands de restauration et une ambiance conviviale à partager.

LU

Sk8ing Girls ass zréck! Kommt den 28. September vun 12:00 bis 18:00 Auer an de Schëfflenger Skatepark fir déi 6. Editioun.

Dëst Evenement ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Schëffleng, der Stad Esch an der Gemeng Käl/Téiteng. Et soll eng Geleeënheet si fir Skateboarden, Longboarden an aner Stroossesportaarten souwéi urban Konscht bei de Meedercher ze promoten an ze weisen, datt dës Aktivitéiten net nëmme fir Jonge sinn.

Sk8ing Girls 2024 ass en Dag fir d’ganz Famill, mat Ateliere fir all Alter, Iessstänn an enger labberer Atmosphär.

Sk8ing Girls – 28/09 – Programm

Endlech: Sk8ing Girls 2022

Den 1. Oktober ass et erëm esou wäit! De Sk8ing Girls ass zeréck a bitt ewéi gewinnt nees vill sportlech a kënschtleresch Aktivitéiten:
Skateboarding, Longboarding, Gender Game, Slackline, Graffiti, Sérigraphie, Upcycling, Parcours, Bike Repair. etc.

Wann Dir also e flotten Nomëtteg mat Musek, Demonstratiounen a gudder Laun verbréngen, da kommt laanscht a maacht mat:
Den 1. Oktober vun 13.00 bis 18.00 Auer am Schëfflenger Skatepark!

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, jonk oder jonk-bliwwen, vun Ufänger bis Profi.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober 2022) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Video Sk8ing Girls 2021

Kommt laanscht a maacht mat!

A wien dono nach net genuch huet, kann den Owend gären op eisem Kulturfest op der Gemengeplaz ausklénge loossen!

 

Sk8ing Girls