Summerfest

De Schäfferot an d’Seniorekommissioun invitéieren Iech vun Häerzen op hiert éischt

SUMMERFEST

Kommt a verbréngt e flotten Dag bei Iessen, Gedrénks an Animatioun!
Mär freeën eis elo schonn op Äre Besuch.

Den Erléis vum Dag gëtt fir e gudden Zweck gespent.

Flyer

Gaming Day – digital & analog

Gaming Day fir Jonker ab 12 Joer, mat Turnéieren op de Konsolen a .
BrietspillerMéi Informatioune kommen no.

Méi Infoen hei:

2022_GamingDay_Flyer

Facebook-Event

Vakanzenaktivitéiten (12-17 Joer): Infoversammlung

All Informatiounen zu den Aktivitéiten an der Umeldung fannt Dir an der Broschür.

Esch2022 / Hidden Sessions (Annuléiert)

Méi Informatiounen zu dësem Projet am Kader vum Kulturjoer Esch2022 fannt Dir hei.

D’Event huet leider missten reportéiert ginn op Hierscht 2022. Merci fir Äert Versteesdemech!

Esch2022 / Ferro Forum

Méi Informatiounen zu dësem Projet am Kader vum Kulturjoer Esch2022 fannt Dir hei.

D’Fotoen vun der offizieller Aweiung fann Där an eiser Fotosgalerie.

Esch2022 / Festival Sete Sóis Sete Luas

LU

Dësen Orchester besteet aus 6 aussergewéinleche Museker, déi vum Cap-Vert, aus Spuenien, Italien, dem Maroc, Portugal a Lëtzebuerg kommen a sech virdrun net kannt hunn. Si schwätzen net déi selwecht Sproochen, mee verstännegen sech iwwert de Wee vun der Musek.

No enger Woch Zesummeliewen an enger Kënschtlerresidenz steet d’Programmatioun vun den 11 Concerten, déi si am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad zesumme spillen. Kommt op Schëffleng a loosst Äerch vum Resultat iwwerraschen de 6. Juli 2022 ab 20.00 Auer beim Kiosk op der Place Grande-Duchesse Charlotte.

FR

Cet orchestre est composé de 6 musiciens exceptionnels qui viennent du Cap-Vert, d’Espagne, d’Italie, du Maroc, du Portugal et du Luxembourg et qui ne se sont jamais rencontrés auparavant. Ils ne parlent pas la même langue, mais se comprennent grâce à la musique. Le résultat après une semaine de cohabitation dans une résidence d’artistes : la programmation de 11 concerts qui se dérouleront dans le cadre de la Capitale européenne de la culture. Venez à Schifflange et laissez-vous surprendre le 6 juillet 2022 à 20h00 au kiosque à Place Grande-Duchesse Charlotte.

 

Méi Informatiounen zu dësem Projet am Kader vum Kulturjoer Esch2022 fannt Dir hei.

ANNULÉIERT: Esch2022 / Die Maschine steht still – Extra Virstellung fir Schëfflenger Bierger

OPGEPASST: Dës Schëfflenger Virstellung huet leider misste covidbegéngt ofgesot ginn. Déi Leit, déi awer schonn hier Plaze reservéiert hunn, si kontaktéiert gi vum Théâtre national de Luxembourg (TNL) fir un enger anerer Virstellung vun « Die Maschine steht still » deelzehuelen.

Méi Informatiounen zu dësem Projet am Kader vum Kulturjoer Esch2022 fannt Dir hei.