Hobbymoart 2024

LU

Den 30. November an 1. Dezember 2024 ass am Hall Polyvalent nees eisen « Hobbymoart » ugesot. Hei kënnt Dir eng Hellewull u Stänn entdecken. Nieft den Hobbyaussteller fannt Dir nach aner speziell Attraktioune fir kleng a Grouss souwéi flott Info-Stänn zu wichtegen Themen. Baussen um Parking kënnt Dir dann de „Food-Village“ entdecken an Iech et mat der Famill oder Frënn gutt schmaache loossen.

D’Dieren si samschdes a sonndes op vun 12:00 – 18:00 Auer.

Sonndes den 1. Dezember 2024 kënnt och de Kleeschen eis Kanner iwwerraschen.

Kommt laanscht a loosst Iech verwinnen!

 

FR

Les 30 novembre et 1er décembre 2024, se tiendra notre traditionnel « Hobbymoart » au Hall Polyvalent. Cette année encore, nous souhaitons proposer aux visiteurs de nombreux stands créatifs ainsi que des stands d’information et d’autres attractions pour petits et grands. À l’extérieur, un « Food Village » proposera des gourmandises sucrées et salées à partager en famille ou entre amis.

Le Hobbymoart ouvrira ses portes le samedi et le dimanche de 12:00 à 18:00 heures.

Dimanche, le 1er décembre 2024, le Saint-Nicolas viendra rendre visite aux enfants.

Venez nombreux !

 

DE

Am 30. November und 1. Dezember 2024 findet unser traditioneller „Hobbymoart“ im Hall Polyvalent statt. Auch in diesem Jahr möchten wir den Besuchern zahlreiche kreative Stände sowie Informationsstände und weitere Attraktionen für Klein und Groß anbieten. Draußen wird ein „Food Village“ süße und herzhafte Leckereien zum Teilen mit Familie oder Freunden anbieten.

Der Hobbymoart wird seine Türen am Samstag und Sonntag von 12:00 bis 18:00 Uhr öffnen.

Am Sonntag, dem 1.12.24, wird der Heilige Nikolaus die Kinder besuchen.

Kommt vorbei und lasst euch verwöhnen!

 

 

Soirée des Lauréats 2024

FR

Célébrons ensemble, le 19 novembre 2024 à partir de 18:15 heures, les exploits sportifs et culturels de nos citoyen·ne·s.

Une soirée variée avec performance musicale, des spectacles captivants et une animation exceptionelle.

LU

Kommt den 19. November 2024 ab 18:15 Auer laanscht a loosst eis zesummen déi kulturell a sportlech Leeschtunge vun eise Matbierger·innen feieren.

E besonneschen Owend mat gudder Musek, Spektakelen an enger flotter Animatioun.

Vernissage Exposition Berthe LUTGEN

Vernissage vun der Ausstellung « The Future is Female » vum Berthe LUTGEN

Freides, de 8. Mäerz 2024 um 18.30 Auer.

D’Expo ass vum 9. Mäerz bis den 13. Abrëll 2024 op.

14:00-18:00 Auer.

Ëffnungszäiten a weider Informatiounen iwwert d’Galerie fannt Dir hei.

Journée internationale des femmes

FR

Le 8 mars, le collège échevinal a le grand plaisir de vous inviter au Schëfflenger Konschthaus où aura lieu, outre le vernissage de l’exposition de Berthe Lutgen, le lancement officiel des campagnes « Affichons l’égalité » et « Who is she? ». Dans ce contexte, plusieurs rues et places à Schifflange porteront désormais de manière temporaire ou permanente le nom de femmes exceptionnelles et engagées.

 

 

LU

Den 8. Mäerz invitéiert Iech de Schäfferot um 18.30 Auer an d’Schëfflenger Konschthaus. Hei wäert niewent dem Vernissage vun der Ausstellung vum Berthe Lutgen dann och déi offiziell Inauguratioun vun de Campagnen “Affichons l’égalité” an “Who is she?” sinn. An dësem Kader ginn dëst Joer erëm verschidde Stroossen a Plazen a Schëffleng temporär oder permanent no engagéierte Frae benannt.

Poetry Slam

FR

Au mois de mars, l’attention sera portée sur les inégalités entre hommes et femmes à travers le monde. La poésie et la littérature, toujours soucieuses de ces questions, la commune, en collaboration avec le Schëfflenger Konschthaus et le Géisskan Kollektiv, organise un Poetry Slam entièrement consacré à cette thématique de la journée internationale des femmes. Le collège échevinal a le plaisir de vous inviter le 16 mars 2024 à partir de 17.30 heures à assister à cette présentation exceptionnelle au Schëfflenger Konschthaus.

 

LU

Tëschent dem 8. an dem 31. Mäerz gëtt weltwäit op d’Ongläichheeten tëschent Mann a Fra opmierksam gemaach. Och d’Poesie an d’Literatur setze sech mat dëser Thematik auserneen. An deem Sënn an am Kader vum Weltfraendag organiséiert d’Gemeng Schëffleng, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Konschthaus an dem Géisskan Kollektiv, ee Poetry Slam, dee sech ganz ëm d’Thema vun der Gläichberechtegung dréie soll. De Schäfferot invitéiert Iech dofir häerzlech de 16. Mäerz 2024 ab 17.30 Auer an d’Schëfflenger Konschthaus fir dës aussergewéinlech Virstellung mat ze erliewen.

Flyer

Sk8ing Girls 2024

FR

Sk8ing Girls revient en force ! Pour cette 6e édition, rejoignez-nous le 28 septembre de 12:00 à 18:00 heures au skate parc de Schifflange.

Cet événement est une collaboration entre la Commune de Schifflange, la Ville d’Esch et la Commune Kayl/Tétange. Cette journée est l’occasion de promouvoir le skateboard, le longboard et d’autres sports de rue et d’art urbain auprès des filles, montrant que ces activités ne sont pas réservées qu’aux garçons.

Sk8ing Girls 2024 est une journée pour toute la famille, avec des ateliers pour tous les âges, des stands de restauration et une ambiance conviviale à partager.

LU

Sk8ing Girls ass zréck! Kommt den 28. September vun 12:00 bis 18:00 Auer an de Schëfflenger Skatepark fir déi 6. Editioun.

Dëst Evenement ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Schëffleng, der Stad Esch an der Gemeng Kältéiteng. Et soll eng Geleeënheet si fir Skateboarden, Longboarden an aner Stroossesportaarten souwéi urban Konscht bei de Meedercher ze promoten an ze weisen, datt dës Aktivitéiten net nëmme fir Jonge sinn.

Sk8ing Girls 2024 ass en Dag fir d’ganz Famill, mat Ateliere fir all Alter, Iessstänn an enger labberer Atmosphär.

 

PROGRAMM

  • Food & Drinks, DJane Sets, Showacts, Expo, Gender Game Quiz & more
  • Sport-Atelieren: Skateboarding, Longboarding, Zumba, Parkour, Feministische Skate Community Trier…
  • Kreativ-Atelieren: Holzboards, Graffiti, Hip Hop Atelier, Kleedertausch — bréng deng Kleeder mat an tausch se mat aneren, RecyclePlanet — mir hëllefen dir däi Vëlo ze flécken, Upcycling – en neie Look fir däi Bried

Mei Infoen

Open Air Kino 2024

Événement du 24/08/2024 -> annulé (motif: alertes météo)

 

FR

Nous sommes heureux de vous annoncer que l’événement « Open Air Kino » se déroulera en août sur le terrain de football 1 à Schifflange. Venez profiter de deux soirées cinéma en plein air, dans une ambiance conviviale et estivale.

  • 23.08.2024: Ich – einfach unverbesserlich 4 (pour enfants, en allemand)
  • 24.08.2024: Bad Boys 4 – Ride or Die (version originale avec sous-titres en français)

C’est l’occasion parfaite de passer une soirée agréable en famille ou entre amis. N’oubliez pas d’apporter vos couvertures pour profiter confortablement des projections sous les étoiles.

Le popcorn et des boissons seront proposés par le FC Schifflange 95.

 

LU

Mir si frou Iech matzedeelen dat och dëst Joer nees den « Open Air Kino » am August um Fussballsterrain 1 zu Schëffleng stattfanne wäert.
Genéisst zwee Owender mat witzegen a spannende Filmer dobaussen a summerlecher Atmosphär an ënnert Stärenhimmel.

  • 23.08.2024: Ich – einfach unverbesserlich 4 (fir Kanner, op Däitsch)
  • 24/08/2024: Bad Boys 4 – Ride or Die (Original Versioun mat Franséischen Ënnertitel)

Dëst ass déi perfekt Geleeënheet fir e gemittlechen Owend mat der Famill oder Frënn ze verbréngen. 

Popcorn a Gedrénks gi vum FC Schëffleng 95 zerwéiert.

 

Fréijoersfest 2024

FR

Réjouissez-vous pour le « Fréijoersfest » organisé par la Commune de Schifflange en collaboration avec la commission des seniors, qui se tiendra au « Schëfflenger Haff » le 15 mai à partir de 11h30.
Profitez d’un déjeuner animé par Jeannot Conter et passez un moment mémorable dans une atmosphère chaleureuse et conviviale.

 

LU

Freet Iech op d’Fréijoersfest vun der Gemeng Schëffleng zesumme mat der Seniorekommissioun, dat de 15. Mee ab 11.30 Auer am Schëfflenger Haff stattfënnt.
Genéisst e Mëttegiessen mat stëmmungsvoller Musek vum Jeannot Conter a verbréngt en onvergiessleche Moment an enger flotter a geselleger Atmosphär.

Faires Frühstück 2024

FR

La Commune de Schifflange et le groupe « Fairtrade Team Schëffleng » vous convient chaleureusement à un petit-déjeuner Fairtrade gratuit.

Quand ? – Samedi, le 4 mai 2024, de 08h30 à 10h30.

Où ? – Au Schëfflenger Haff, 2 avenue de la Libération à Schifflange.

Venez découvrir, déguster et acheter des produits Fairtrade dans une ambiance conviviale, accompagnée de musique.

 

LU

D’Gemeng Schëffleng an d’Fairtrade Team Schëffleng invitéieren all  d’Bierger.innen op e gratis Fairtrade Früstück.

Wéini? – Samschdes, de 4. Mee vun 08.30 bis 10.30 Auer

Wou? – Am Schëfflenger Haff / 2, avenue de la Libération zu Schëffleng

Kommt laanscht an entdeckt, probéiert a kaaft Fairtrade Produiten bei gemittlecher Musek an engem schéinen Encadrement,

 

Geschichten-Nomëtteg mat der Erzielerin Betsy Dentzer

D’Fairtrade Team Schëffleng invitéiert op e flotte Geschichten-Nomëtteg mat der Erzielerin Betsy Dentzer.

 

08.02.2024
15.00 Auer

Salle Grand-Duc Jean (Hôtel de Ville) à Schifflange

Gratis Entrée