De Schäfferot invitéiert ganz häerzlech op en
CHANSONOWEND
mam Yannchen Hoffmann an Erny Delosch
Weini?: den 27. Oktober 2018
Auerzäit?: um 19.30 Auer
Wou?: an der “Salle Grand-Duc Jean” vun der Gemeng
Entrée?: 10€ zu Gonschten vun “Schëffleng Hëlleft”
Eng Fra ( Yannchen Hoffmann) ass drop komm, dass hire laangjährege Partner se bedréit. Wéi soll se reagéieren,?
Entweder hëllt se sech e Beispill un der „Madame Arthur “, oder se gesäit sech schons als „Dame von der alten Schule” verdrechnen.
Sie entscheed sech nom Motto : „Warum soll eine Frau kein Verhältnis haben“ an huet kuerz drop och schons „2 Amants”.
Dass sie bei esou engem frivolen Liewenswandel als „Vamp ” oder „hysterische Ziege ” oofgestempelt gët,hällt sie net oof fir sou muenchen
gudden Rotschlo ze ginn: Man muss den Männern sagen dass sie klug sind
Op hirer Sich, mat allen Héichten an Déiften, no der idealer Partnerschaft ,könnt sie zur Konklusion, dass fir sie just nach „die Ehe ” a Fro könnt.
D’Yannchen Hoffmann, begleet vun Erny Delosch, présenteiert an hirer charmant, hurmorvoller Manéier en onvergiesslechen,
3 sprochegen Chansonowend,mat Lidder an Texter aus 3 Jorhonnerten