20.06.2022

Aweiung – D’So vum Marxeweier

LU
Et war gutt waarm e Sonnden am Schmëttbësch an et huet gewibbelt vu Leit op der Aweiung vum pluridisziplinäre Projet ronderëm d’So vum Marxeweier. Dëse Projet fir Jonk & Al, Déck & Dënn léisst op Basis vun enger aler Legend eng ganz Rei Attraktiounen entstoen. Niewent engem flotten Trëppeltour, pedagogeschen Erklärungen, engem neie Schëfflenger Lidd a schéine Skulpturen, gouf och fläisseg un engem Buch geschafft.

Kommt laanscht an entdeckt d’So vum Marxeweier an déi nei amenagéiert Quell am Schmëttbësch!

Weider Informatiounen fannt Dir hei

 

FR
Ce dimanche, sous un soleil radieux, la forêt a accueilli beaucoup de monde à l’occasion de l’inauguration du projet pluridisciplinaire autour de la légende du Marxeweier.  Ce projet, qui s’adresse aux petits et aux grands, englobe un certain nombre d’attractions autour de cette ancienne histoire locale. En plus d’un beau parcours à pied, d’explications pédagogiques, d’un nouveau arrangement musical et des sculptures captivantes, les spectateures ont également eu l’opportunité de jeter un coup d’oeil dans le nouveau livre  luxembourgeois « D’So vum Marxeweier ».

Rejoignez-nous pour découvrir la légende du Marxeweier dans cet écrin de verdure nouvellement aménagé au Schmëttbësch.

Retrouvez-ici plus d’informations sur la légende autour du Marxeweier