01.04.2022

AG vun der Asbl Schëffleng Hëlleft

E Mëttwoch, den 30. Mäerz 2022, hat d’Asbl « Schëffleng Hëlleft » op hir Generalversammlung invitéiert.

No der Introduktioun vum Vize-President Albert Kalmes, huet d’Sekretärin Jessica Scala den Aktivitéiterapport vum Joer 2021 an d’Caissière Heike Donkols-Breuer de Budget presentéiert. Virun allem d’Kulturfest an d’Cactus-Grillen waren e groussen Erfolleg. E grousse Merci geet natierlech un d’Gemeng Schëffleng fir de generéise Subside vu 15.000 Euro, deen d’ASBL all Joer op hire Kont iwwerwise kritt.

Nieft all eenzele Geste fir deen d’ASH dankbar ass, ginn 3 speziell MERCIen un:

-d’Schëfflenger Majoretten, déi hire Veräin leider opléise mussen, an der ASH hir Keessereschter uvertrauen;
-der ASBL « Apo Island » fir hiren Don;
-an dem Gemengepersonal vu Schëffleng fir hir Sammelaktioun « E Kaffi fir d’Ukrain »

Op der AG huet « Handicap International », déi virun enger Zäitchen e Scheck vun der ASH iwwerreecht kruten, och hir Projetë virgestallt.

Hei e puer Impressioune vum Owend: