07.03.2022

Support Ukraine : action-café devant l’Hôtel de Ville

Aktioun « Schëfflenger Kaffi fir d’Ukrain »

D’Schëfflenger Gemengepersonal weist sech och solidaresch mat den Ukrainer an Nout.

Dofir wäerte si vum 8. bis de 16. Mäerz op der Fräiheetsplaz virum Gemengegebai Kaffi, Kuch, Orangejus, Glühwäin a Schampes verkafen an zwar all Dag (ausser sonndes) vu moies 8:00 bis owes 18:00 Auer.

Freides, den 11. a samschdes, den 12. Mäerz gëtt och an der Mëttegstonn gegrillt.

Zweck vun der Saach ass d’Sensibiliséiere fir déi dramatesch Situatioun. Mir däerfen net ewech kucken. Natierlech geet de ganzen Erléis vun der Vente u Schëffleng Hëlleft – eis Sammelstell vun Donen fir d’Affer vum Krich.

Kommt laanscht bei eise Chalet e Patt drénken, e Stéck Kuch iessen oder einfach eng Spend maachen!

Nëmmen zesumme si mir richteg solidaresch mat der Ukrain!

Hei kënnt Dir Iech de Video ukucken