25.05.2021

Nuit du Sport 2021: version digitale

LU

Maacht nach de ganze Mount Juni bei der Aktioun #SchëfflengAmSchweess mat!

Dëst Joer bitt d’Gemeng Schëffleng eng digital Versioun vun der Nuit du Sport un.

Mir invitéieren all Sportsveräin an all eenzele Bierger eng Foto an engem sportleche Kader (beim Fitness, Lafen, Vëlofueren, Ballsport, asw.) ze maachen. Dir kënnt dës Foto am Grupp oder eenzel maachen. Ärer Kreativitéit si keng Grenze gesat. Kommt Iech och gär am Juni e gratis Schweessbändchen an den Accueil vun der Gemeng  sichen. Sou gëtt d’Aktioun nach méi flott! Déi éischt si vir! D’Schweessbännercher sinn awer kee Muss fir bei der Aktioun matzemaachen.

Dës Foto oder dëse Selfie sollt Dir dann mat der Mentioun #SchëfflengAmSchweess op di sozial Netzwierker ze setzen oder op den eraschécken, datt mir se publizéiere kënnen.

Dat Ganzt soll idealerweis fir samschdes, de 5. Juni 2021 online goen, mee de ganze Juni kënnt dir nach notzen fir Sport ze maachen an zu der Aktioun bäizedroen.

Déi 3 beschte Fotoe kommen op de Podium an d’Gewënner kréien e Präis.

Sou weise mir, datt Schëffleng och trotz Corona eng sportlech Gemeng ass!

Resumé:

  1. (Pick-up Schweessbändchen)
  2. Sport maachen
  3. Selfie/Foto maachen
  4. Selfie/Foto mat #SchëfflengAmSchweess op FB+Insta posten

 

FR

Participez encore tout le mois de juin à l’action #SchëfflengAmSchweess !

Cette année, seulement une version digitale de la Nuit du Sport à Schifflange sera organisée.

Nous invitons toutes les associations locales ainsi que tout citoyen de la Commune de Schifflange à se prendre en photo dans le cadre d’une activité sportive (course, vélo, fitness, sport de ball, etc.). Vous pouvez être en groupe ou seul, à vous d’être créatif(s). Durant tout le mois de juin, vous pouvez récupérer gratuitement des bandeaux à l’Hôtel de Ville pour mettre en valeur encore davantage l’action. Premier arrivé, premier servi. L’utilisation du gadget n’est pas obligatoire pour pouvoir participer à l’action.

Ensuite, nous vous invitons à publier la photo/le selfie sur les réseaux sociaux avec la mention #SchëfflengAmSchweess ou à l’envoyer à .

L’action en ligne est prévue pour samedi, le 5 juin 2021 (idéalement). Bien évidemment, vous pouvez participer encore pendant tout le mois de juin à l’action.

Les 3 meilleurs photos se retrouveront sur le podium et le gagnant recevra un prix.

Montrons que Schifflange est une commune en forme – même en temps de pandémie !

Resumé:

  1. (Pick-up bandeau)
  2. faire du sport
  3. faire une photo
  4. publier la photo avec #SchëfflengAmSchweess sur FB+Insta