Monthly Archives: avril 2019

Meet & Greet mam Gilles Muller

Den 2. Februar ass en « alen » Hues nees op Schëffleng komm. Kuckt Iech d’Fotoe vun dëser flotter Télévie Aktioun mam Gilles Muller, de Kanner an dem Tennisclub Schëffleng un.

       

© Norbert Carl

Hei de Video vun der AMCIS: Meet & Greet mam Gilles Muller 02.02.19

« Zesumme fir Europa »- Stäremarsch op Schengen

« Zesumme fir Europa » – Stäremarsch op Schengen

Zu Éiere vum Europadag organiséiert de „Centre Européen Schengen asbl“ an Zesummenaarbecht mat de Gemenge Schengen, Mondorf-les-Bains an der Stad Réimech e Marsch op Schengen.

Ënnert dem Motto „Zesumme fir Europa“ wëlle mir en Zeeche fir e staarkt a vereentent Europa setzen. Am Kader vun den desjäregen Europawalen, wëlle mir ons Matbierger sensibiliséieren a si op déi wichteg Roll vun der Europäescher Union an dëser onstabiler Zäit opmierksam maachen. Fir d’Symbolik vun engem grenzenlosen Europa z’ënnersträiche start de Stäremarsch e Sonnden, de 5. Mee 2019 gläichzäiteg vu Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland mam gemeinsamen Zil „Place des Etoiles“ zu Schengen.

Départ ass um 14.30 op dem Fréijoarsmaart beim Kiosk op der Place Kons zu Réimech. Parking: um Grein an bei der Schwemm (8,6 Km).
Accueil mat Éierewäin ab 16.30 Auer virum Centre Européen zu Schengen an der Präsenz vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn souwéi aner Personalitéiten. Dono ginn d’Participanten op hiren Ausgangspunkt mat enger Navette gefouert. Bréngt Wanderschong an e Bidon fir Waasser mat w.e.g.

Weider Informatiounen op www.visitschengen.lu oder Tel.: 26 66 58 10

Nature for People 2019

Hei fannt Dir de Programm vun den « Nature for People » Aktivitéiten vum SICONA.

Voici le programme d’activités « Nature for People » du SICONA.

An hei d’Affiche fir e flotten Trëppeltour de 5. Mee 2019

Et voici l’affiche pour une promenade de printemps le 5 mai 2019

Remise d’un chèque rouge

Vum 1. Abrëll bis de 27. Abrëll 2019 kritt Dir rout Ouschtereeër an all de chinesesche Restauranten zu Schëffleng offréiert, dat ganzt verpaakt an enger ökologescher Tut, mat der Erklärung wéi eng Bedeitung « rout Eeër » an der chinesescher Kultur hunn: si symboliséieren en neien Ufank a gi virun allem bei der Feier vun engem Neigebuerenen zerwéiert.

D’Alliance des Chinois (https://zhongguolux.wordpress.com) huet dës Eeër un d’Restaurante verkaf an den Erléiss vun dëser Aktioun gouf integral un den Télévie gespent.

D’Scheckiwwerreechung vu ganzer 888,88 Euro war de 15. Abrëll 2019 am Salle Grand-Duc Jean zu Schëffleng an der Gemeng. De Comité vum Télévie seet der « Alliance des Chinois – Schifflange » e ganz grousse Merci fir hir super Iddi an hiren Engagement.

 

Brevet Sportif National 2019

Nous avons le plaisir de vous présenter la nouvelle brochure au sujet de l’édition 2019 du Brevet Sportif National.

Cette publication sert à informer la population sur les modalités d’organisation, d’inscription et d’évaluation des épreuves en vue de l’obtention du Brevet Sportif National.

Voici la brochure, bonne lecture!

Inscription:

Pour participer aux épreuves du brevet sportif national organisées par la commission du brevet sportif national, le candidat doit s’inscrire via une fiche d’inscription à renvoyer, dûment remplie, pour le 30 avril 2019 au plus tard. Le formulaire peut être téléchargé sur www.sports.lu ou peut être demandé auprès du secrétariat SPOLO 247-83416/83418 .

Car Wash – LGS

D’Schëfflenger Guiden a Scouten Grupp Abbé Poncin offréieren den 22. Abrëll (Ouschterméinden) beim Scouts Home Saint Martin (18, rue de la Forêt) e « Car Wash ».

Hei kënnt Dir Ären Auto vu moies 09:00 – 13:00 Auer a vu 14:00 – 18:00 Auer fir 20 Euro wäsche loossen an Iech bei Kaffi a Kuch d’Zäit verdreiwen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun gëtt integral un Télévie gespent.

Méi Infoen

90 Käerzen fir den Här Raymond Marschal

No enger flotter Gebuertsdagsfeier mat der ganzer Famill, huet de Raymond Marschal nach eng zweete Kéier zesummen mat senger Fra Mariette a senge Meedercher Josiane a Karin op säin 90sten Gebuertsdag ugestouss. Des Kéier waren dann och de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, wéi och d’Vertrieder vun der Seniorekommissioun an dem Syndicat d’Initiative als offiziell Representanten vun der Gemeng dobäi an hunn him di allerbescht Gléckwënsch entgéint bruet.

Gebuer gouf den Här Marschal den 7. Abrëll 1929 zu Schëffleng, wou hien och haut zesummen a glécklech mat senger Fra lieft. Si hunn sech scho den 13. Januar 1956 zu Esch bestuet.

D’Gebuertsdagskand huet niewend sengen 3 Meedercher Josiane, Monique a Karin, nach 3 Enkelkanner de Sven, den Tim an d’Véronique an ass ganz besonnesch houfreg op seng 2 Urenkelen Moritz an Anni.

Mär wënschen dem Här Marschal nëmmen dat Bescht an hoffen datt hien bei gudder Gesondheet nach vill Joren am Krees vun senger Famill kann verbréngen.

Avis un d’Awunner/Avis aux habitants

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir informéieren Iech mat dësem Schreiwes, datt am Kader vun zwee verschidden Chantieren, d’Michel Rodangestrooss an d’Kanalstrooss  gespaart mussen ginn an dat vun Méindes den 15. Abrëll (ab 07.00 Auer) bis Dënschdes den 16. Abrëll (bis 19.00 Auer).

D’Déviatiounen fir d’Foussgänger an de Verkéier ginn beschëldert.

Fir all weider Renseignementer, zéckt nët eisen Service des Tavaux Neufs et des Infrastructures unzeruffen (Här Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).

Mir zielen op Äert Versteesdemech.

De Schäfferot

 Paul Weimerskirch, Buergermeeschter

Albert Kalmes, Schäffen

Marc Spautz, Schäffen

Carlo Lecuit, Schäffen

Chers riverains

Par la présente, nous tenons à vous informer que dans le contexte de deux chantiers différents, la rue Michel Rodange et la rue du Canal seront barrées, et ce du lundi 15 avril 2019 (de 07h00) jusqu’au mardi 16 avril 2019 (à 19h00).

Une déviation pour la circulation routière et piétonnière sera mise en place.

Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre service des travaux neufs et des infrastructures (M. Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).

Tout en comptant sur votre compréhension, nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.

Le collège échevinal

Paul Weimerskirch, bourgmestre

Albert Kalmes, échevin

Marc Spautz, échevin

Carlo Lecuit, échevin

 

Lafe fir de gudden Zweck

D’Schëfflenger LSAP organiséiert op Ouschterméindeg, dem 22. Abrëll 2019, um C.A.S.-Terrain (Stade Jean Jacoby, Montée du Cimetière, L-3815 Schëffleng) vun 10-12h:

« Lafen a Walken op der Liichtathletikspist souvill an esou laang wéi Dir wëllt »

Keng Zäitnahm, ufänken an ophale wann Dir wëllt. Startgeld: 5€

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Den Erléiss an d’Spende si fir d’Aktioun Télévie.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech um Tél.: 661 431 761 mellen.

90 Joer feiert een net all Dag!

Den Här Fernand Weiland krut den 8. Abrëll dichteg 90 Joer!

Seng Famill huet sech dës Geleeënheet net huele gelooss fir dat op deem selwechten Dag ze feieren – an zwar zesumme mat Kolleegen, der Seniorekommissioun, dem Syndicat d’Initiative an dem Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng am Fleegeheem « Am Schmëttbësch ».

Bestuet gouf den Här Weiland mat der Mme Marie Baltes den 30. Mee 1958 zu Schëffleng. Si kruten zwee Jongen, de Carlo an de Camille. Hir Enkelkanner de Manuel an d’Lisa kënne sech freeën, datt hire Bopa (och e grousse Fussballsfrënd) déi grouss Chance huet, no engem mouvementéierte Liewen, all seng léifste Leit ronderëm sech ze hunn.

Him a senger Famill gi mir op dësem Wee nach eemol déi beschte Wënsch fir d’Zukunft mat!