Vakanzenaktivitéiten / Activités de vacances

12 – 17 Joer / ans

LU     D’Schëfflenger Gemeng freet sech fir iech am Summer nees vill kreativ a sportlech Aktivitéiten kënnen unzebidden. Och, wann nach net alles nees wäert sinn ewéi virdrun an et sécherlech nach Aschränkunge wäerte ginn,  huet d’Schëfflenger Jugendhaus nees en ofwiesslungsräiche Programm op d’Been gestallt. Bei allen Aktivitéiten gëtt sech selbstverständlech un déi sanitär Mesure gehalen. A wann emol en Ausfluch misst ausfalen, well d’Restriktiounen en zu deem Zäitpunkt net erlaabt, dann huet d’Team aus dem Jugendhaus flott Alternativen an der Hannerhand, déi se iech kenne proposéieren:

Skating Tour / Alpine Adventures / Phantasialand – Schwemm – Visite vu Köln / Batikatelier / Fly High Yoga / BMX / Escape Room / Plage / Science Center / Fëschen / Lasergame / En Dag op der Musel / Funny Mountain / Lac Blanc & Lac de Madine / Fluid Art / Henna / Molatelier / Kosmetikproduite selwer maachen / Mir entdecken ons Haaptstad / Hip Hop Danz Workshop / Makramee / Kloterpark / Kanu / Kachen

D’Plaze sinn ewéi ëmmer limitéiert, dofir: mellt iech direkt un!

De ganze Programm an d’Infoen zur Umeldung fannt dir an der Broschür.