Trëppeltour géint de Broschtkriibs – Schëfflenger Kriibshëllef

OCTOBRE ROSE – ZESUMME GÉINT DE BROSCHTKRIIBS 💗

„Zesummen si mir méi staark!“

D’Schëfflenger Kriibshëllef Asbl invitéiert Iech häerzlech op hiren traditionellen Trëppeltour géint de Broschtkriibs.

📅 Samschdeg, 17. Oktober 2026

📍 Gemengeplaz zu Schëffleng

☕ Ab 9:30 Auer Aschreiwung mat Kaffi, Schocki & Croissant

🚶‍♀️Um 10.00 Auer Start vum Trëppeltour – ongeféier 1,5 Stonn

🍲Nom Trëppeltour: Zopp & net-alkoholescht Gedrénks

💗 De gesamten Erléis geet un Europa Donna Luxembourg.

Kommt mat a weist Solidaritéit mat alle Fraen, déi vum Broschtkriibs betraff sinn. 🎀

🌸 Mir freeën eis op Iech – fir zesummen e staarkt Zeeche ze setzen!