D’Zuel vun den Neiinfektiounen u COVID-19 klëmmt permanent an ass esou héich ewéi nach ni !
Fir eis all ze schützen, huet de Schäfferot de Mueren d ‘Décisioun geholl, dass ALL Manifestatiounen vum Weekend ofgesoot gin.
Mär zielen op är Disziplin, Solidaritéit, Responsabilitéit an op äert Versteesdemech!
De Schäfferot
Zilgrupp: 15-30 Joer
Präis:
10€ fir Schüler / Studenten
20€ fir aner Interesséierter
2020 organiséiert d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Liewensufank Babysitter-Couren. D’Formatioun besteet aus engem pedagogeschen Deel an engem Deel, an deem et ëm d’Hygiène an d’éischt Hëllef beim Kand geet.
Nodeem du d’Formatioun erfollegräich ofgeschloss hues, kriss du en Certificat mat deem s du dech op www.babysitting.lu kanns aschreiwen.
Den Aschreiwungsformular fënns du weider ënnen. D’Umeldung ass definitiv, wann s du d’Suen iwwerwisen hues. No denger Aschreiwung schécke mir dir eng Rechnung.
Opgepasst: Déi Jonk, déi sech schonn fir d’Formatiounen am Mäerz / Abrëll 2020 ugemellt haten hu Prioritéit bei der Umeldung. An deem Fall brauchs du selbstverständlech keng Sue méi ze iwwerweisen.